News

Vakanzateliers 2011
2011-08-11Wen aam Programm van dë Vakanzatliers 2011 intresséiërt ass, déi wéi all Joors van dër Eltrevereenigung van de Wëntger Schoulkanner organiséiërt giän, kann sich an dem folgenden Dokument engt Bild iwert dee flotte Programm maën!!!


Aafschloss vam Bibliosprojet 2011
2011-08-02Nodems dat dë Bibliosprojet an deen domat verbonnenen Moolconcours aafgeschloss sën, fand dër hei am Anhang paar Photoën van dë Promiën, déi aam Virliäsprojet deel geholt han an o d'Gewënner vam Moolconcours, den van eiser Biblioéquipe lancéiërt giä woor.
Ee méi ausféierlichen Text ass a Produktioun.
Bis demnächst also op dëser Säit an eng schéi Vakanz wënscht dë Comité an d'Léierpersonal aus dër Schoul um Kiemel.

Elections: Comité des parents d'élèves
2011-08-02Comme prévu par la loi du 6. février 2009 tous les deux ans, les parents des élèves de chaque école, convoqués en assemblée par le président du comité, désignent par vote parmi eux des représentants qui ont le rôle de
1. discuter, et le cas échéant, amender et compléter la proposition d’organisation de l’école ainsi que le plan de réussite scolaire élaborés par le comité d’école;
2. organiser les réunions et manifestations communes des partenaires scolaires;
3. formuler, en y associant les élèves, des propositions sur toutes les questions en relation avec l’organisation de la vie scolaire.
Il y a au moins trois réunions par année scolaire.
Eh bien, en octobre les deux premières années en ce qui concerne la création des comités des parents d'élèves seront achevées.
Si vous vous intéressez à faire partie du comité en question et si vous voulez savoir davantage sur le rôle des parents, veuillez ouvrir un des documents en annexe (de = deutsch; fr = français; pt = portugais)que vous trouvez également sur la page internet de la FAPEL (www.fapel.lu):

3. Juli: Commémoratiounsfeiër beim Juddendenkmool zu Fünfbrunnen
2011-07-24Den 3. Juli han Kanner aus dëm Cycle 4.2. mat hiren Titulaires aan dër Commémoratiounsfeiër vam "Comité Auschwitz" beim Juddendenkmool zu Fünfbrunen Deel geholt.
Am Virfeld van dër Commémoratiounsfeiër haat dë "Comité Auschwitz" wéi all Joors o d'Wëntger Schoul um "Kiemel" kontaktéiërt fir aan dër Feiër Deel ze huällen, wou all Joors dën Déportatiounsaffer gedaacht gët, déi va Fünfbrunnen aus a Konzentratiounslager verschleeft goufen.
Am Schluss van dër Zeremonie, iwer déi dër all d'Déteiler zur Feiër am PDF noliäse kënnt, kruuten d'Kanner aus dëm Cycle 4.2. vam "Comité Auschwitz" Béicher iwerreecht, déi aan dëst däischtert Kapitel aus dër Mënschheetsgeschicht erënneren.

8. Juli 2011: Schoulsportdaag a Schoulfest
2011-07-24Den 8. Juli hat eis Schoul "Um Kiemel" hirt traditionellt Schoulfest gefeiërt. Am Verglach zu deene leste Jooren gouf ët ewer gläich zwou Ännerungen. D'Fest sollt nët wéi üblich Sonndes mee Fregdes gefeiërt giän. An Aafsprooch mat der Eltrevereenigung hat dë Grupp "Schoulsport- a Schoulfestdaag" dann na engt zweet Experiment gestart. An zwar sollt va moiës 8.00 bis mëttes 15.30 de Schoulsportdaag aafgehaal giän. Ab 15.30 Auër wooren dann all d'Eltren an d'Schoul invitéiërt giän, fir zesaame mat hire Kanner dën Aafschloss vam Schouljoor 2010-2011 ze feierën.
Vill Programm fir d'Kanner an o fir hir Eltren, göif ee mengen, mee d'Experiment sollt glécken.
No engem gudd organiséierten Schoulsportdaag sollten vill Elten sich dann o um 15.30 Auër an dër Schoul afannen fir bei dë Prestatioune van hire Kanner, déi am Amphitheater aafgehaal goufen, derbäi ze sën. No dën Optrëtter sollt dann na sou richtig bei guddem Wiädder bis an d'spöit Owesstonnen ra gefeiërt giän.
Der Eltrevereenigung, dën Eltren an de Kanner van dëser Platz aus een décke Merci fir hir Disponibilitéit an hirën Engagement op dësem ereignisräichen Daag.
Am Anhang fand dër dann o eng Reih Photoën vam Fest selwer. Vill Spaass beim Kucken!
Wen na intresséiërt ass méi iwert déi restlich Projetën aus dësem Schouljoor ze héiren, dee kann de Link "Schulentwicklung 2010-2011 opmaën: