News

Skivakanz vam Cycle 4.1.
2013-11-18Dëst Joor faaren eis Klassen aus dëm Cycle 4.1. an d'Skivakanz, an dëst vam 14. Dezember bis zum 20. Dezember.
D'Destinatioun ass wéi am Virjoor rëm St. Johann am Ahrntal.
We méi iwert dën Hôtel an d'Schigebidd wëll wossen, de kann op déi folgend 2 Linken kucke goën.
Eise Kanner an hirem Léierpersonal wënsche mër van dëser Platz aus well eng schéin an erholsam Vakanz. Wen méi van dë Kanner aus dër Vakanz wëll gewaar giän, de kann während dem aagekënnigten Zäitraum bëssen am Internettagebuch liäsen, daat d'Kanner während hirëm Openthalt op eiser Homepage veröffentliche wärten.
Wen direkt op eist Internettagebuch wëllt luusse goën waat sich an eiser Vakanz sou deet, dee kann ab dem 15. Dezember de Link "Internettagebuch aus dër Skivakanz 2013" opmaën, den dër hei drënner fand, oder dër gitt op de WIKI "Ausflüge" a wiällt dann do deen entsprechenden Ausflug aus.
Mër free'ën äis op äre Besuch!

D'Eltrevereenigung invitéiërt op hire Spillsaachenokkasiounsmaart ee Sonndig, de 27.10. 2013
2013-10-22Ee Sonndig, den 27. 10. 2013 organiséiërt d'Ev ee Spillsaachenokkasionsmaart zu Wëntger am Centre culturel, wou d´Kanner aus der Wёntger Schoul (Cycle 3+4), hir Spillsaachen, déi sie net méi wellen, kanne verkoofen.
Daat Ganzt geet van 14.00 bis 18.00 iwert d'Bühn.
D‘Elteren kёnnen d'EV ёnnerstёtzen, andems se eent Gebäck fir Sonndesmëttes matbrengen
Een Deel vum Erléis van der Kaffisstuff as fir e gudden Zweck!
De Kanner vill Spaass beim Verkoof van hiren Artiklen!


Neiën Eltrecomité
2013-10-20Wéi bei äis op dër Säit aagekënnigt wooren ee Fregdig, den 18.10. 2013 d'Wahlen fir dee neiën Eltrecomité van dër Schoul Um Kiemel Wëntger.
Et louën 3 Kandidature vir, an allen 3 Kandidaten goufen mat oppenen Ärem am Eltrecomité opgeholt. Dën Eltrecomité setzt sich lo aus folgenden 3 Mëmbren zesaamen:
Nicole Conter vun Boevange
Schmitz Claude vun Boevange
Diederich Humartus Aloysia vun Houffelt
Hinnen 3 wënsche mër vill Spaass an Erfollig beim Ausfëllen van hirer neiër Tâche!

Neië Schoulcomité
2013-10-20Säit Aafank van dëm Schouljoër 2013-2014 gët ët Changementer an eisem Schoulcomité.
Nei Präsidentin ass d'Madame Danielle Heintz.
Comitésmëmbren sën an alphabetischer Reihenfolg:
Ansay Gusty
Arend Camille
Arndt Laurent
Dichter Anne
Remiche Tom
Schartz Yves
Schmit Sandy
Schmitz Véronique
Hinnen eng glécklich Hand beim Ausféiren van allen Aarbichten am Intresse van eiser Schoul Um Kiemel.

GENERALVERSAMMLUNG van dër Eltrevereenigung / Assemblée générale de l'association des parents d'élèves
2013-10-01D’Eltereverenigung invitéiert op hir 23. Generalversammlung en Fregdig,
den 18. Oktober 2013 um 20.00 Auer am Barteshaus zu Houfelt.
(Direkt no den Nei-Wahlen vun den Elternvertreter van der Schoul Wёntger ´Um Kiemel`.)
Noom offiziellen Deel, wouzou dër Déteiler an de folgenden PDF - Dokumenter fand, invitéiert d’Eltereverenigung Iech op e Patt an e klenge Maufel.
L´Association des parents de l´école de Wincrange vous invite à sa
23ième assemblée générale, le vendredi, 18 octobre 2013 à 20.00 heures
au Barteshaus à Hoffelt.
(Ceci directement après l’élection des représentants des parents d'élèves de l’école fondamentale Wincrange ´Um Kiemel´.)
Après la partie officielle l’association des parents vous invite à un verre d’amitié et une petite agape. Pour de plus amples informations veuillez ouvrir le PDF en annexe.

