News

Wahl des Elternkomitees / Elections des représentants des parents / Eleição dos representantes dos pais de alunos
2013-10-01Die Wahl des Elternkomitees wird am 18. Oktober 2013 um 19.30 Uhr
im Bartheshaus in Hoffelt abgehalten, dies kurz vor der Generalversammlung der Elternvereinigung.
Für weitere Infos öffnen Sie eines der folgenden PDF - Dokumente.
L'élection des représentants aura lieu le 18 octobre 2013 à 19.30 heures au Bartheshaus à Hoffelt, tout juste avant l'assemblée générale des parents d'élèves.
Pour de plus amples informations veuillez ouvrir l'un des PDF en annexe.




Nei Rubrik an dër "Toolbar" van eiser Homepage
2013-09-30Wéi eech fläicht opgefall ass, gët ët lo engt neit Element an dër Toolbar van eiser Startsäit. Dëst Element heescht "Dokumenter". Hei publizéiren mër ab lo all wichtig Infoën, déi a Form va gréisseren Dokumenter Bereet gestalt giän.
Fir de Moment fand dër do eis "Schoulcharta" an o déi ischt Oplaag van eisem Schoulbuet.
Vill Spaas beim Kucken!
Fir d'Säit opzemaën kann dër lo o hei klicken:
Viizfest mat Bedeeligung van der Eltrevereenigung, de 6. Oktober zu Saassel
2013-09-29De 6. Oktober, op Pappendaag, hëllëft d'Eltrevereenigung van eiser Schoul rëm tatkäftig mat zu Saassel Viiz pressen.
Zu dësem Zweck wooren Kanner aus dëm Cycle 4 ee Samsdig, den 28.9. 2013 op Uäwerwampich an op Brootebaach bei Privatléckt an deenen hir Bongerten Äppel opraafen.
Um 9.00 Auer gung ët lass, d'Kanner goufen an zwou Gruppen opgedeelt an an déi entsprechend Diärfer kutschéiërt. Hei han sie fläissig Äppel geraaf an um 10.30 Auër hat d'Eltrevereenigung dunn derfir gesuärrigt, dat sie sich bei enger Mëtsch an enger Schoklassmëllich konnte stärken, är dunn déi 2. Schicht aagung.
Bis 12.00 Auër goufen na vill Äppel gesammelt, sou dat engem flotten Viizfest zu Saassel lo näischt an de Féiss steet.
Wann dër de 6. Oktober also äre Pappendaag am Familljekrees gudd gefeiërt hat, da kommt op Saassel an der Veräinsbau a losst eech hei engt Glas Viiz an ee Häppchen fir z'Eessen gudd schmaachen. D'Eltrevereenigung seet eech well am Viraus Merci.
Bis dann!

Rentrée 2013-2014
2013-09-08Lo ass ët gläich sou wäit! 2 Méint Vakanz, an deene jidfereen sich hoffentlich gudd erhuälle a nei Energie fir d'Schpouljoor 2013-2014 tanke konnt, ginn luäs mee sëcher op een Enn.
Fir déi eng ass d'Rentrée fläicht eng Routine, fir annerer ass alles nei an Eltren a Kanner stellen sich sou munnich Froën: "Wou ass mäi Klassesall?; Bei wen kommen ich an d'Klass?; Winni faaren d'Busser? Wéi engt Material brauch ëch?; Wéi eng Regelen gëlt ët an dër Schoul anzehaalen?; Wéi kann ich mengt Kand an der Maison Relais aschreiwen?..."
Abee, zu baal all dëse Froën hat sich dë "Schoulbuetgrupp" am Verloof vam leste Schouljoor Gedanke gemaat, a raus koum eisen ischte "Wëntger Schoulbuet", an dem all wichtig Informatiounen betreffend dë Schoul- an de Maison Relais Betrieb gesammelt an an 2 Sproochen publizéiërt goufen.
Dëm Schoulbuetgrupp een décke Merci fir dës sënnvoll a wertvoll Aarbicht an eech allegaar eng gudd Rentrée 2013-2014.
A wéi gesoot, sollt dër na Froën zu verschiddene Punkten han, da bleedert fir d'ischt am Schoulbuet. Sollten är Froën dann na nët all beäntwert sën, da wend eech aan d'Gemeng respektiv aan daat jeweiligt Léiërpersonal, déi eech dann gär beim Beäntwerte van äre Froën behëllëflich wärte sën!

Scheckiwerrechung um Schoulfest 2013
2013-07-13Ënnert dëm Motto „Lëtz move an der Schoul“ stung dëst Joor dë Schoulsportdaag 2013. An dër Schoul um Kiemel haate mër dë Schoulsportdaag ewer gläichzäitig an dë Kader van dë Spiller van dë klenge Länner gesatt, déi dëst Joor jo bekanntlich zu Lëtzebuerg iwert d’Bühn gungen.
A Ronn 17 Ateliers’ën wou d’Kanner van Judo, iwer Baseball bis hën bei dë Foussball, d’Radfahren, d’Bouschéissen, o méi exotisch Aktivitéiten wéi z. Bsp. dëm Bauchdanz aagebuädde kruuten, konnt jidfereen sich opmaën fir eventuell nei Sportarte kennen ze léiren a sengt Talent an deenen eenzelnen Disziplinnen ënner Beweis ze stellen. All deenen, déi aan dër Organisatioun an aan dër Ausféirung van dësem Daag bedeeligt wooren, van hei aus na een décke Merci fir hiren Engagement am Intresse vam Sport mee viraan allem am Intresse van eise Kanner.
Eng ganz wichtig Aktivitéit op dësem 24. Mee sollt ewer d’Ënnerstëtzung van dër „Fondatioun kriibskrank Kanner“ sën. Am Virfeld vam Schoulsportdaag haat all Kand a sengem Familljën- a Frëndeskrees „Parrains“ geséicht, déi hat beim Erloofen, Erschwammen oder Erpedalléiren va Ronnen sollten ënnerstëtzen. All erloofen, erschwommen oder erstrampelt Ronn sollt vam Parrain mat 50 Cent finanzéiërt giän.
Sou ass dann o kengt Wonner, dat d’Parrains am Enn déif an d’Täsch ha musse gräifen, fir hire Schützling zë ënnertsëtzen. Kengt Wonner ass ët dann o, dat insgesamt 8.800 Euro op dës Art a Weis fir d’kriibskrank Kanner ha konne gesammlet giän. Een décke Merci na de Kanner fir hiren Engagement, mee o alle Sponsorën, déi sich aan dëser Aktioun bedeeligt han.
Um Schoulfest, daat dëst Joor den 7. Juli an dër Schoul Um Kiemel aafgehaal gouf, hat dë Grupp, den sich ëm d’Organisatioun vam Schoulsportdaag gekëmmert hat, dann zesaame mat de Kanner déi stolz Zomm van 8.800 Euro aan d’Madame Weimerskiirch“ van dër „Fondatioun kriibskrank Kanner iwerreecht. D’Madame Weimerskiirch hat sich iwerrascht a gläichzäitig frou gewisen iwert déi grouss Geldzomm an hat am Amphi van dër Schoul da kurz erklärt waat mat deene Suën soll geschéiën, är sie alle Bedeeligten dann na eng Kéiër een ausdréckliche Merci gesoot hat.
An deene folgende PDF-Dokumenter fand dër na paar Infoën zu Schoulsportdaag an Schoulfest.
An d'Photoën vam Schoulfest kann dër Eech an dër Gallerie aakucken.
Vill Spaass dobäi!