Freideg, 23. Mee 2025

News


Scheckiwerrechung um Schoulfest 2013

2013-07-13

Ënnert dëm Motto „Lëtz move an der Schoul“ stung dëst Joor dë Schoulsportdaag 2013. An dër Schoul um Kiemel haate mër dë Schoulsportdaag ewer gläichzäitig an dë Kader van dë Spiller van dë klenge Länner gesatt, déi dëst Joor jo bekanntlich zu Lëtzebuerg iwert d’Bühn gungen.

A Ronn 17 Ateliers’ën wou d’Kanner van Judo, iwer Baseball bis hën bei dë Foussball, d’Radfahren, d’Bouschéissen, o méi exotisch Aktivitéiten wéi z. Bsp. dëm Bauchdanz aagebuädde kruuten, konnt jidfereen sich opmaën fir eventuell nei Sportarte kennen ze léiren a sengt Talent an deenen eenzelnen Disziplinnen ënner Beweis ze stellen. All deenen, déi aan dër Organisatioun an aan dër Ausféirung van dësem Daag bedeeligt wooren, van hei aus na een décke Merci fir hiren Engagement am Intresse vam Sport mee viraan allem am Intresse van eise Kanner.

Eng ganz wichtig Aktivitéit op dësem 24. Mee sollt ewer d’Ënnerstëtzung van dër „Fondatioun kriibskrank Kanner“ sën. Am Virfeld vam Schoulsportdaag haat all Kand a sengem Familljën- a Frëndeskrees „Parrains“ geséicht, déi hat beim Erloofen, Erschwammen oder Erpedalléiren va Ronnen sollten ënnerstëtzen. All erloofen, erschwommen oder erstrampelt Ronn sollt vam Parrain mat 50 Cent finanzéiërt giän.
Sou ass dann o kengt Wonner, dat d’Parrains am Enn déif an d’Täsch ha musse gräifen, fir hire Schützling zë ënnertsëtzen. Kengt Wonner ass ët dann o, dat insgesamt 8.800 Euro op dës Art a Weis fir d’kriibskrank Kanner ha konne gesammlet giän. Een décke Merci na de Kanner fir hiren Engagement, mee o alle Sponsorën, déi sich aan dëser Aktioun bedeeligt han.

Um Schoulfest, daat dëst Joor den 7. Juli an dër Schoul Um Kiemel aafgehaal gouf, hat dë Grupp, den sich ëm d’Organisatioun vam Schoulsportdaag gekëmmert hat, dann zesaame mat de Kanner déi stolz Zomm van 8.800 Euro aan d’Madame Weimerskiirch“ van dër „Fondatioun kriibskrank Kanner iwerreecht. D’Madame Weimerskiirch hat sich iwerrascht a gläichzäitig frou gewisen iwert déi grouss Geldzomm an hat am Amphi van dër Schoul da kurz erklärt waat mat deene Suën soll geschéiën, är sie alle Bedeeligten dann na eng Kéiër een ausdréckliche Merci gesoot hat.

An deene folgende PDF-Dokumenter fand dër na paar Infoën zu Schoulsportdaag an Schoulfest.
An d'Photoën vam Schoulfest kann dër Eech an dër Gallerie aakucken.

Vill Spaass dobäi!




Theateraufführungen zum Schulabschluss

2013-07-13

Am Mittwoch Nachmittag und am Donnerstag Morgen haben die Kinder des Zyklus 4.2. B ihr Theaterstück "Piraten können nicht lesen" vor ihren Eltern und ihren Schulkameraden im Kulturzentrum aufgeführt. Die Moral von der Geschichte war, dass man jeden mit seinen Stärken und Schwächen in einer Mannschaft aufnehmen und respektieren soll.
Photos zu diesem Stück gibt es im untenstehenden Link.

Matthieu, Jos und Pol aus der Klasse 2.2.B haben in ihrer Zielarbeit in den vergangenen Schulwochen eifrig am Theaterstück "Asterix und Obelix in der Zukunft" geschrieben.Und auch sie wollten damit auf die Bretter, die die Welt bedeuten.
Nachdem alle Kinder aus der Klasse eine Rolle in dem Stück übernommen hatten, wurde fleißig gelernt und geübt, so dass am 12.7. die Uraufführung ihres Theaterstücks im Kulturzentrum vor ihren Eltern und Schulkameraden über die Bühne gehen konnte.

Wie bei den "Piraten" hatten auch die "kleinen Gallier" ihren Spaß auf der Bühne und auch das Publikum war erstaunt über das, was unsere kleinen Schreiberlinge zu Papier gebracht haben.

Viel Spaß beim Lesen des Stücks und beim Durchblättern der untenstehenden Photogallerie!




Schoulfest 2013

2013-06-28

De 7. Juli 2013 lied d'Eltrevereenigung eech wéi all Joor op hirt traditionellt Schoulfest an. Lass geet ët moiës um 10.45 Auer mat enger Mass fir dën Aafschloss vam Schouljoër. Dono steet Animatioun fir Grouss a Kleng um Programm, ënner annerem ass ab 13.00 Auer ee Concert van dër Jugendformatioun van dër Wëntger Musik geplangt. An Zesaamenaarbicht mam Léierpersonal goufen verschidden Ateliers, Ausstellungen a kurz Optrëtter va dë Schoulkanner organiséiërt. Am Loof vam Noomëttich ass dann o d'Scheckiwerreechung aan d'"Fondatioun kriibskrank Kanner", wou d'Schoulkanner van dër Schoul um Kiemel am Kader vam Schoulsportdaag mat enger "Parrainage-Aktioun" vill Suën gesammelt han. Dono ass o na eng Cadeausiwerreechung aan d'Schoulkanner aus dëm Cycle 4.2.
Um 17.00 schléisst de Galamätch Cycle 4.2. vs d'Léierpersonal dee flotten Daag aaf.
Mër hoffen all Eltren fannen den Daag dë Wee mat hire Kanner op Wëntger.

Wen na paar Photoën van dër Aweihung van dër Maison relais wëlt kucken, dee kann dë Link hei drënner opmaën.



Photoën vam dësjährigen Schoulsportdaag

2013-06-02

Heimat soë mër o allen Veräiner a Bénévoles, sou wéi eisem Schoulsportdaaggrupp Merci, dat dëst sou ee flotten Daag fir äsi a fir eis Kanner konnt sën. Merci o alle Sponsors, déi eis Kanner mat engem klengen Don bei hirer jeweiliger Aktivitéit ënnerstëtzt han, sou dat mër lo als Schoul dër "Fondation Kriibskrank Kanner" ee schéinen "Cadeau" am Naam van eise Schoulkanner kanne män. Déi genau Zomm, déi gesammelt gouf deele mër Eech demnächst na hei mat.

An dër folgender Galerie kënn Dër Eech Photoën van eisem dësjährigen Schoulsportdaag aakucken

Vill Spaass!



De klenge Käfer Ëmmerfrech

2013-05-23

Den 22. an 23. Mee han d'Kanner aus dëm Cycle 1 van dër Villa Reebou d'Theatrestéck "De klenge Käfer Ëmmerfrech" mat vill Begeesterung opgefouërt.

We wëllt ee klengen Abléck an d'Performance van de Kanner kreiën kann sich déi folgend Photoën aakucken.

Vill Spaass dobäi!




Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot