Donneschdeg, 1. Mee 2025

Cycle 4


Chrëschtfeier MR

2024-01-08

Den 15.12.2023 haaten mir eis Chrëschtfeier an der Maison Relais.

Héi ee klengen Ablèck:





Enn vun der Summervakanz um Kiemel

2023-09-14

Leider geet eis Summervakanz um Kiemel op een Enn. No zwee schéinen Méint, wou d’ Kanner bei eis verbruecht hunn, geet des Woch d’ Schoul rëm un.

So langsam neigen die Sommerferien bei uns auf dem “Kiemel” sich ihrem Ende zu. Nach zwei schönen Monaten, die die Kinder teilweise bei uns verbracht haben, beginnt diese Woche wieder die Schule.

Lentement les vacances d'été au “Kiemel” touchent à leur fin. Après deux beaux mois que les enfants ont passé en partie chez nous, l'école recommence cette semaine.





Neuer Stundenplan / nouvel horaire scolaire

2023-08-17

Werte Eltern,

Hiermit möchten wir Sie darüber in Kenntnis setzen, dass mit Beginn des Schuljahres 2023/2024 ein neuer Schulstundenplan in Kraft treten wird.

Im Anhang finden Sie das Informationsschreiben der Gemeinde mit dem neuen Stundenplan.

Chers parents,

Par la présente, nous souhaitons vous informer qu'un nouvel horaire scolaire entrera en vigueur au début de l'année scolaire 2023/2024.

En annexe veuillez trouver la lettre d'information de la commune avec le nouvel horaire.





AU REVOIR a vill GLÉCK op ärem neië Wee

2023-07-14

D'Etrevereenigung hat dë Kanner aus dëm Cycle 4.2. den 13.7. 2023 "Au revoir" gesoot an hat hinnen all Gudds gewënscht an hirer neiër Schoul.

Als klenge Cadeau kruuten all d'Kanner am Naam van dër Eltrevereenigung ee Bouchpräis mat op dë Wee, den sie aan hir Zäit an dër "Schoul um Kiemel" soll ërënneren.

Am Anhang fand dër paar Fotoën van dëser sympatischer Abschiedsfeiër!

O van dër Schoul um Kiemel aus wënsche mër all dë Kanner vill Spaass an Erfollig op hirem neië Wee an dat sie vill nei Frënn an hire jeweiligen neië Schoulen wärte fannen.

Dobäi sollen sie ewer nët déi flott Zäit vergeessen, déi sie an hirer "aaler" Schoul verbraacht han.

An hoffentlich fannen sie all ganz séiër dë Wee zréck an d'Schoul um Kiemel, wa mër ab September 2024 "50 Joor Schoul Wëntger" feiren wärten!

Wen well bësse méi iwer d'Feierlichkeeten zu "50 Joor Schoul Wëntger" wëll wossen kann de PDF am Anhang opmaën.

All dë Kanner aus dër Schoul van dëser Platz aus na eng erholsam Vakanz, wou vill Zäit bleiwt fir nei Energie ze tanken, fir daat waat na kënnt!





Béicher fir eis Kanner vam Cycle 4.2., offréiërt vam Comité Auschwitz

2023-07-02

Den 2. Juli 2023 hat de Comité Auschwitz bei d'Denkmool op Fünfbrunnen invitéiert, fir do an der Presenz van dem Unterrichtsminister, dem Här Claude Meisch an dem Chamberspresident, dem Här Fernand Etgen, aan déi ronn 300 Judden ze erënneren, déi am 2. Weltkrich va Fünfbrunnen aus an d'Konzentratiounslageren deportéiert goufen.

Am Anhang fannt dir als PDF de genaue Programm van dëse Feierlichkeeten.

Direkt no der Commémoratiounsfeier gouf dann o na de neie "Parcours mémoriel" va Fünfbrunnen duerch d'Hären Meisch an Etgen ageweit, op dem intresséiert Schoulklassen ewer o all privat Visiteurs mat Panneauen an op virtuell Aart a Weis duerch d'Geschicht vam Klouster Fünfbrunnen am 2. Weltkrich gefouert giän.

Fir eis Schoul an dem Kontext ervirzehiäwen ass d'Tatsaach, dat dë Comité Auschwitz, wéi all Joer, de Kanner aus dem Cycle 4.2. aus dë Schoulen va Wëntger an Elwen engt Bouch offréiërt, wou op kandgerecht Art a Weis op d'Grugelzichkeeten aus dem 2. Weltkrich hegewisen gëtt.

Als Schoul soe mer dem Comité Auschwitz van dëser Platz aus Merci fir dësen Don, mat dem d'Erënnerung aan déi däischter Kapitelen aus eiser méi junker Mënschheetsgeschicht bei eise Kanner waakrig gehale gëtt, fir an Zukunft ähnlichen Grugelzichkeeten kannen virzebeugen.






Eischt Viregt Nächst Lescht