Cycle 1

Abschied aus dëm Cycle 1
2019-07-13Hei fand dër paar Photoën vam Abschied van de Kanner aus dëm Cycle 1, déi d'nächst Schouljoor an dë Cycle 2 wiässlen:
» Galerie

D'Zwergeland spend fir "Le soleil dans la main"
2019-06-29D’Zwergeland (Cycle 1.C) huet 300 € fir de « Soleil dans la Main » gespend.
Merci un d’Elteren déi 5 € fir eisen DVD-Film vun de Märecher gespend hun.
Merci aux parents pour leur don de 5€ par DVD de notre film réalisé en classe.
Ennert dëm Link hei drënner kënnt dër op youtube dë Filmchen kucke goën.
En ouvrant le lien ci-dessous vous pouvez ouvrir notre production sur youtube.
Bon amusement!
Optrëtt vam Wollëf am Cycle 1
2019-02-15Ennert dësem Link kann dër Eech aakucke goën wéi d'Kanner aus dëm Cycle 1 d'Roll vam Wollëf op dër Bühn interprétéiërt han.
Dë Cycle 1 spillt Theater
Vill Spaass beim Raluussen an eng schéin an erholsam Vakanz!
Besuch vam Kleeschen an der "Schoul um Kiemel"
2018-12-03Eisem Kleeschen soën mër een décke Merci, dat ën o dëst Joër rëm sou gudd aan eis Kanner gedaacht hat.
All wooren së begeestert wéi dee gudde Mann sich den 3. Dezember bei äis an der Schoul afond hat. Moiës hat heen d'Kanner van de Cyclen 2- 4 an hire Klasse beséicht.
Nomëttes wooren déi Kleng aus dëm Cycle 1 dunn nët méi an hirëm Äifer ze bremsen an sie han dëm Kleeschen ee waarmen Empfang an dër Turnhall bereet, wéi dë Fotosdossier hei ënnenndrënner weist!
Bei senger Begréissung an der Turnhall hat de Kleeschen d'Kanner begléckwësnscht, dat sie daat ganzt Joor iwer sou brav wooren. Dën Eltren hat hee mat op de Wee giän fir sich Zäit fir hir Kanner ze huällen, heiansdo engt Gesllschaftspill mat hinnen ze maën an hinne sou mann wéi méiglich där véiëreckiger Kësten an d'Hand ze giän.
No dën Opféirunge van de Kanner gouf na engt Gruppebild mat deenen verschiddene Klassen aus dëm Cycle 1 gemaat, är all eenzelt Kand du seng verdingten Tiitchen vam Kleeschen iwerreecht krut.
Nodems dee gudde Mann dë Kanner dunn Äddi gesoot haat, hat d'Eltrevereenigung d'Eltren mat hire Kanner an eng Kaffisstuff am Hall van dër Sportshaal invitéiërt, wou dën Owend dunn bei engem gemittliche Pättchen an engem Häppchen ausklenge geloss gouf.
» Galerie
