Méindeg, 22. Juni 2026

Home

News


Eltreschoul: Info

2020-12-16

Dëst Joër ass e besonnescht Joër mat ville Verännerungen an der Eltereschoul.
Well mir nët méi op der Plaz kënnen Elteren am Grupp begéinen an eis Aarbecht duerch d'Covid-Pandemie ënnerbrach gouf,  hu mir versicht nei Weër ze goen an en alternativen Programm unzebidden. Seit dem Juli bidden mir eis Workshops vun der Maternité all online un.
Mir hu versicht verschidden Themen aus eisem Katalog als online Owend virzestellen.

E puer vun eisen Intervenants externes sinn och op dee Wee gaangen an hunn hirt Thema als online Cours emgeschriwwen.
Mir hunn elo versicht dëst Themen a verschidde Rubriken anzedeelen esou datt si och ënnerschiddlech Elteren uschwätzen:

- Elteren vu Kanner am "Klengkandalter"

- Elteren vu Kanner am Schoulalter

- Corona an Emotiounen

- Campagne "Stop punitions corporelles" an Zesummanaarbecht mam MENJE (Service des Droits de l'enfant)

Bei weideren Froen kënnt Dir mech gären kontaktéieren.

Ech wënschen Iech eng stressfräi Woch a schéi Feierdeeg

Ganz léif Gréiss

Véronique Nilles
Eltereschoul Norden-Westen
92, Grand-Rue
L-9711Clervaux

veronique.nilles@kannerschlass.lu;
eltereschoul-nord@kannerschlass.lu
Tél: 621 34 32 71






Busschoul an eiser Schoul

2020-12-14

Fir de Kanner déi richtig Verhalensregelen an a rondrëm dë Bus ze vermëttlen haaten dën Här Patrick Eiffes an dën Här Patrick Neumann vam Service de prévention van dër Police sich an deene lesten Deeg Zäit geholt fir bei d'Kanner aus dë Cyclen 1 an 2 ze kommen.

Enner folgende Linken kann dër bësse kucke goën, waat d'Kanner an dësen zwou Stonnen "Unterricht" erliäwt a verhaalen han:

Busschoul an dër 2.2.D

Busschule

Busschoul



Annulation LASEP

2020-12-13

Chers parents,

Suite aux décisions prises par notre ministère le 9.12.nous ne pouvons plus organiser de séances de Lasep à l'intérieur.
C'est pourquoi nous annulons tous les entraînements jusqu'au 15 janvier inclus. À ce moment-là notre ministère évaluera la situatuion et adaptera les mesures contre le Covid-19 si nécessaire. La Lasep de natation pour les cycles 2-4 du 14.12 se déroulera comme prévu. Avec nos meilleures salutations.

Le personnel de la Lasep



Adaptatioun vun de Mesuren an de Schoulen | Adaptation des mesures dans les écoles

2020-11-25

 

 

Léif Elteren, léif Schüler, 

Nodeems d'Regierung nei Mesurë geholl huet fir d'Ausbreedung vum Coronavirus an de Gesellschaft anzedämmen, huet den Educatiounsministère eng Rei Adaptatiounen um aktuelle sanitäre Konzept virgeholl, déi den 30. November a Kraaft trieden a virleefeg bis d'Chrëschtvakanz gëllen.

Hei drënner fannt Dir zousätzlech Informatiounen an ee Videomessage vum Educatiounsminister Claude Meisch. 

 

Chers  parents, chers élèves,

Après la décision du gouvernement de la mise en place de nouvelles mesures au niveau national pour endiguer la propagation du coronavirus, le ministère de l'Éducation nationale a déterminé un certain nombre d’adaptations des mesures actuellement en vigueur qui s’appliqueront à partir du 30 novembre jusqu’aux vacances de Noël.

Vous trouverez ci-dessous de plus amples informations ainsi qu'un message vidéo du ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse Claude Meisch. 





Gudde Kascht fir ee gudden Zweck!

2020-11-12

Langweil am Confinement? Nee sot sech de fënnef Joer jonken Aron Marbes an huet zesumme mat sengen Elteren e Kachbuch erstallt.

Den Aron oder och nach de "verdreemte Kichechef“ war d’letzt Joer an der Spillschoul an der Villa Reebou zu Wëntger an ass elo am Cycle 2.1.

Dat wat den Aron a sengem flotte Kachbuch presentéiert huet, huet vill Leit dozou bruecht fir déi Rezepter nozekachen.

Am Ganze sinn duerch de Verkaf 1.550 Euro zesumme komm. Den Erléis huet den Aron der ONG „Le soleil dans la Main“ gespent. Esou huet hie gehollef dat och d'Kanner am Burkina Faso kënnen an d'Schoul goen, an wien weess, villäicht och si engesdags en Kachbuch mat Spezialitéiten aus hirer Kiche schreiwen.

Et si nach Bicher op Franséisch ze kréien an déi kënnen ënnert verdreemte.chef@gmail.com oder op Facebook Verdreemte Chef bestallt ginn.






Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot