Méindeg, 22. Juni 2026

Home

News


De Cycle 2 beséicht "Kokosnuss" um Wëltzer Festival

2021-07-05

Den 5. Juli hat de ganze Cycle 2 dë Musical "Kokosnuss" um Wëltzer Festival beséicht.

Hei paar Andréck van dem flotten Moiën.



D'Musikschoul vam Kanton Cliärrëf stellt dëm Cycle 2 d'Bloosinstrumenter viir

2021-07-01

An enger kurzer, knackiger, mee maträissender Präsentatioun kruuten d'Kanner aus dëm Cycle 2 d'Bloosinstrumenter van dën Enseignants van dër Cliärrwer Musikschoul virgestalt.

Mër soën dër Musikschoul Merci fir hiren Optrëtt a wënschen, dat iwer dëse Wee eng Reih van neië musikbegeesterte Kanner dë Wee bei sie fannen, fir do engt Musikinstrument ze léiren, respektiv o an dër Chorale ze sangen.



FUNKTIOUNSRAUM - DANZSALL

2021-06-10

Säit kuerzem benotzen d'Schoul an d'Maison Relais de fréieren Danzsall als gemeinsame Funktiounsraum. Dëst as eng Virbereedung op eis spéider Zesummenarbicht am Bildungshaus.

weider Informatiounen fand Der am Anhang / plus d'informations disponibles en annexe




Schoulsportdaag 2021

2021-05-15

Opgrond van de Corona-Mesuren haat  dë Schoulsportdaaggrupp sich an Cyclegruppen opgedeelt, déi dëst Joor Aktivitéiten um a rondrëm de Site van dër Wëntger Schoul geplangt han

Ënnert dëm folgenden Link krëtt dër ee klengen Abléck an dën Aafloof vam Daag, op dem Grouss a Kleng vill Spaass haaten. Schoulsportdaag 2021



Schnelltester an de Schoulen / Test rapides à l'école

2021-04-15

Ennert folgendem Link fand dër d'Infoën vam Ministère zu de Schnelltester.




Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot