Home
News


Bouch 50 Joer Schoul Wëntger
2026-03-25Endlich ass ët sou wäit!
Eist Bouch zu 50 Joer Schoul Wëntger ass am Drock a mër hoffen, dat ët fir eis Béicherdeeg, den 23. a 24. Abrëll fiärdig ass a kann op dër Béicherausstellung presentéiërt, verdeelt a verkooft giän.
Hei drënner na ee klengen Appetizer, fir déi, déi d'Virbestellung verpasst han.

Internationalen Dag vum Fridden
2026-03-2428.01.2026 – Internationalen Dag vum Fridden
D’Schoul an d’Maison Relais hunn den Dag genotzt, fir d’Thema friddlecht Zesummeliewen an de Mëttelpunkt ze stellen. Zil war et, wichteg Wäerter am Alldag vun de Kanner siichtbar ze maachen.
An der Maison Relais hunn d’Kanner zesummen iwwer Fridden geschwat an hir Gedanken gedeelt. Verschidden Aktivitéiten hunn d’Thema spilleresch opgegraff. D’Kanner hu gesongen, eng Beweegungsgeschicht mat Biller gekuckt an Friddensdauwe gebastelt. Dobäi stoungen Frëndlechkeet, Respekt a friddlecht Zesummeliewen am Mëttelpunkt.
Och an der Schoul gouf d’Thema Fridden opgegraff. All Klass huet hiren eegene Friddensbam gestalt. D’Kanner hunn zesumme gesammelt, wéi eng Wäerter fir e gutt Zesummeliewen wichteg sinn. Respekt, Frëndlechkeet, Hëllefsbereetschaft, Nolauschteren, Récksiicht a Zesummenhalt goufen op Blieder festgehalen.
Dëse gemeinsame Projet weist, wéi wichteg Zesummenaarbecht tëscht Schoul a Maison Relais ass. Friddlecht Zesummeliewen fänkt schonn bei de Klengsten un: am Klassesall, an der Grupp an an all Begéinung am Alldag. De Friddensbam erënnert eis all Dag drun, Verantwortung fir e respektvollt a wäertschätzen Mateneen ze iwwerhuelen.



