News

Workshopdaag, de 24. Juni
2005-06-21Am Kader vam dësjährige Schoulprojet "Freed um Liesen" gët ee Fregdig, den 24. Juni ee grousse Workshopdaag zum Thema "Bouch" an dër Wëntger Schoul aafgehaal.
All Klassen beséichen d'office zwee fix Atelier'ën (Bsp: Liäsatelier, Schreiwatelier, Drockatelier, Molatelier, Musikalischt Märchen, Minibook, Märchestonn...) a kënnen sich dann ewer o na zousätzlich an anner Atelier'ën aschreiwen.
Hei ass ët z. B. méiglich een Abléck an d'Bouchbannen, d'chinesisch Calligraphie, Bewegungsgeschichten, Fantasiereesen,... zë kreiën.
Mër wënschen all dë Kanner an denen Erwaassenen vill Spaass op dësem Daag!

#!image(news/Versammlung.jpg):Versammlung vam Léierpersonal
2005-04-19Eis nächst Versammlung ass Fregdes, de 27. Mee um 16.00 Auer.

#!image(Schoulsportdag2004/sport1.jpg):Schoulsportdaag 2005#!image(Schoulsportdag2004/sport1.jpg):
2005-03-21Wéi iwerall am Land, gët o zu Wëntger een Donnesdig, den 24.3.05 rëm deen traditionelle Schoulsportdaag aafgehaal.
Dobäi hat eisen dofir zoustännigen Organisatiounscomité keng Méi gescheit an hat ee ganz variéierten Programm fir déi eenzel Graaden op d'Bee gestalt!
D'1. Schouljoër därf niäwent Schwammen a verschiddene Sportatelier'ën o na Karate mam Tessy Scholtes maën.
D'2. Schouljoër geet niäwent verschiddenen Sportatelier'ën reiden.
Dë Mëttelgraad geet sich an de Sunpark op Vielsalm austoben.
D'5. Schouljoër wandert a gët an d'héich Konst vam "Golfen" ageweit, an d'6. Schouljoër mëcht eng flott Radtour.
Losse mër lo just hoffen, dat eisen Unterrichtsministère o dëst Joër rëm gudd Wiädder mat ageplangt hat, fir dat all eis Kanner no dësem groussen Evenement o gesond an d'Oustervakanz kanne fahren.

35. Intenationalen Raiffeisen Molconcours
2005-01-05
Un all eis kleng a grouss Kënschtler vun der Wëntger Schoul.
Och dëst Joër hu si d'Chance fir um internationeln Raiffeisen Molconcous deelzehuelen.
Mir wënschen de Kanner vill Spass a vill Gléck! Déi schéinste Biller kënnt dir dann och op eiser Homepage bewonnere kommen!

Die Lernwerkstatt ist angekommen!
2004-12-22
Léif Kollegen vum Wëntger Léierpersonal. Ech géif iech alleguerten am Numm vum Heng a mir matdeelen dass ab Haut all ons Computeren an der Schoul mat der Lernwerkstatt ausgerüst sinn! Mir wënschen iech an äre Kanner vill Spass domat!
Ausserdeem, géife mer iech an alleguerten eise Visiteuren schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an daat neit Joër wënschen!
Heng, Patrick a Francis

