Mëttwoch, 17. Dezember 2025

News


Projet Müll geet an d'Endphase

2006-07-03

Am Kader van eisem dësjährige Projet "Müll" giän ee Mëttwoch, den 5. 7. 2006 dee ganzen Daag Ateliers fir déi eenzel Klassen agebuädden, wou zum Thema Müll gebastelt, gemoolt, Geschichten erzalt,.... gët.

Fir dën Daag sou interessant wéi méiglich fir d'Kanner ze gestalten, sën eng ganz Partie Künstler an dë Projet mat agebonn, déi eise Kanner wärte weisen, dat "Dreck" nët ëmmer gläich "Dreck" fir op den Tip ass.

Ausserdem wärten an engem "Schweesatelier" Konstwiärker aus Metall entstoën, déi an enger Ausstellung an der Dexia - Agence zu Cliärref vam 7. Juli aan ënnert dem Titel "Schrottmomenter" kënnen va jidferengem ënnert d'Lupp geholt giän.

Mër wënsche lo well alle bedeeligten groussen a klenge Künstler vill Spaass bei dësem flotten "Drecksdaag".



Klassenphotos des Schuljahres 2005 - 2006

2006-06-20

Alle Klassenphotos des Schuljahres 2005-2006 könnt ihr euch hier Schoulklassen 2005 - 2006 oder in unserem Archiv anschauen.



Grouss Botz an eiser Gemeng

2006-06-20

Am Kader van eisem Schoulprojet "beséichen" d'Kanner aus dër Wëntger Schoul muärren, Mëttwoch den 21. 6. 06 van 14.00 bis 16.00 Auer, engt van hire 27 Heemichtsdiärfer fir do eng "Grouss-Botz-Aktioun" ze starten.

Well o laast d'Stroossen an d'Wee'ër wärt "gesammelt" giän, biädde mër eis Automobilisten muärren duäbbel gudd opzepassen, wann dër Kanner laast d'Stroossen erbléckst.

Merci fir är Opmiärksaamkeet!




Versammlung vam Léierpersonal

2006-06-15

Ee Mondig, den 19.6. ass no dër Schoul um 16.10 Auer Versammlung vam Léierpesonal fir déi lest Aktivitéiten vam Schouljoër 2005-2006 ze plangen.



Informationsversammlung des Benjamin- Club und der Education précoce

2006-05-25

Am 29. Mai um 19.30 Uhr findet für interessierte Eltern eine Informationsversammlung über Benjamin-Club und "Education précoce" im Festsaal in Boxhorn
statt.
Weitere Informationen sowie Preistarife für den Benjamin-Club finden sie im beigefügten PDF-Dokument.
 Pdf.pdf (1.08 MiB)




Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot