News

Heckeplanzaktioun vam 6. Schouljoër
2006-12-12Een Donnesdig, de 7. Dezember han d'Kanner aus dë 6. Schouljoëren an Zesaamenaarbicht mat der Eltrevereenigung an dër Fondatioun Hëllef fir d'Natur Hecken geplanzt. Hei d'Photosessioun van dëser Aktioun:Heckeplanzen

Nikloosfeier bei eise Klengsten
2006-12-12De 4. Dezember hat de Kleeschen mat sengem schwaarze Gesell dë Wee bei eis Klengst aus der Schoul fond.
Hei paar Andréck va sengem Besuch:Nikloosfeier

16. Generalversammlung van der Eltervereenigung Wëntger
2006-11-26D'Eltereverenigung invitéiert op hir 16. Generalversammlung en Mëttwoch,
den 13. Dezember 2006 ëm 20:00 Auer zu Wëntger am Centre Culturel.
De Programm van dësem Owend gesäit esou aus :
• Begréissung durch de Präsident
• Rapport van den Aktivitéiten
• Rapport van der Keess
• Rapport van de Keesserevisoren
• Deelweis Erneierung vam Komité
• Fräi Aussproch
• Scheckiwwerreechung / Don un " d'Haus Edith Stein van Eschweiler - Foyer pour femmes battues"
Nom Réckbléck iwwert d'Joer 2005/2006
ass een interessante Virtrag iwwert
« Lycée Technique ass keen schlechte Bildungswee. »
« Och am Lycee Technique sin vill Weër fir mäi Kand op. »
virgedroen van den Hären: Norbert Wolsfeld, Conseiller à l'apprentissage an Dan Schroeder, Chargé de mission van der Chambre des Métiers.
Den Dan Schroeder schwätzt iwwert déi verschidden Méiglechkeeten, déi een am
Handwierk huët, Gesellebréif, Meesterprüfung, Uni - Studium an sou weider. Den Norbert Wolsfeld schwätzt dann e wéineg aus dem Alldag "aus dem
Nähkästchen".
Zum Schluss invitéiert d'Eltereverenigung Iech op e Patt an e klenge Maufel.
Wëllt Dir an der Eltereverenigung Wëntger Schoul matschaffen, dann kann een
sech bis den 10. Dezember 2006 beim Trausch Maddy, Maison 100 L-9742 Boxer
(Tél.: 97 80 52) melden oder beim Staff Misch um GSM 661 77 28 36.

Versammlung vam Léierpersonal
2006-11-08Ee Mondig, den 13.11. 06 um 16.10 Auer ass eis regulär Versammlung vam Léierpersonal.
