News

Tagebéicher a work@home am Cycle 2
2020-03-26Verschidden Titulaires aus dëm Cycle 2 sën op dë Wee gang, fir mat hire Kanner um Wee vam Télétravail "Tagebéicher" a Projets wéi "work@home" aanzelee'ën.
Wann dër um direkte Wee op dës Säite wëllt kommen, da wiällt einfach ee van deene folgende Linken aan!
Erklärungen fir d'Erstellen van Tagebéicher a Projets fand dër als Script hei drënner!

Experimenter fir Kanner
2020-03-26Wéint dem Coronavirus sinn den Ament vill Kanner mat hieren Elteren doheem. Science.lu offréiërt dowéint lo all Dag 1-2 flott an einfach Experimenter fir doheem nozeman. Vill Spaass beim Ausprobéieren! :)

Kannerbéicher iwert den CNL op youtube
2020-03-25Dën CNL (Centre National de la Littérature) ddelt mat:
De Jo Lendle, Hanser-Editeur, huet et gesot: »Zeit für Bilderbücher, Kinderbücher, Jugendbücher. Gelegenheit für eine Alphabetisierungswelle, wie es seit Harry Potter keine gab.« De Centre national de littérature – Lëtzebuerger Literaturarchiv deelt déi Meenung a wënscht sech d’datt Kanner a Jugendlecher, déi als éischt doheem hu misse bleiwen, déi Zäit niewent de schouleschen Aufgaben och dofir notzen, aner Welte kennenzeléieren. D’Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller aus Lëtzebuerg an d’Illustrateuren hunn an de leschte Jore spannend Geschichten am Original an an Iwwersetzung virgeluecht. Zesumme mat hinnen an hiren Editeure wëlle mir Iech elo déi Literatur mi no bréngen – mat Liesungen.
Dofir hu mir elo e youtube-Channel ageriicht:
https://www.youtube.com/channel/UC0iD4qteiFZy5iRlRG0pwxQ oder sichen op youtube mat »CNL Literaturarchiv«

Zu Hause ist nicht die Schule
2020-03-23Enner folgendem Link krëtt dër fläicht bëssen dën Drock geholt, den dër Ech verständlicherweis an dëser schwéirer Zäit als Eltren maat!

Infoën iwert de Coronavirus a Fanger richtig wäschen
2020-03-22Waat dë Coronavirus ass a virwaat een d'Fanger sou gudd soll wäschen, krëtt dër op dëser Säit kandgerecht erklärt!
Quest-ce le CORONAVIRUS et pourquoi on doit se laver les mains si bien?
Tout est expliqué sous ce lien d'une façon adaptée aux enfants:
De Coronavirus kandgerecht erklaert

