Sonndeg, 22. Juni 2025

News


D'Maison Relais wënscht schéi Chrëstdeeg

2021-12-17

Ënner folgendem Link komm dër op eise Wiki fir "Chrëstdaag": D'Maison relais wënscht schéi Chrëstdeeg



De Kleeschen beséicht äis an dër Schoul

2021-12-03

Hockt, 3 Deeg viraa Nikloosdaag, mëcht dë Kleeschen bei äis an dër Schoul seng Ronn!

Merci Kleeschen Laurent an Housiker Änder, dat dër eech Zäit fir eis Kanner geholt hat!

Méi Fotoën van dem groussen Evenement fand dër hei:
Cycle 2_Klass Patrick a Caroline
Cycle 2_Klass Marguy a Patrick
Cycle 2_Klass Diana_Francine



Generalversammlung van dër Eltrevereenigung 2021

2021-12-01

D'Eltrevereenigung haat hir Generalversammlung Mëttwoch, den 1.Dezember um 19:30 am Centre Culturel. Daat Ganzt ass ënnert dër 3G Covid-Check-Prozedur aafgeloof. 

Noom Präsident, dëm Laurent Winkin sengen Begréissungswiärder, hat d'Sekretärin Lis Marianne de Rapport van dën Aktivitéiten gemaat.
Am folgende PDF kann dër d'Déteiler zu dësem Rapport noliäsen.

Dono hat dën Caissier,Edy Weber, de Bilan van dër Kees gezuiën, är dë Buergermeester Marcel Thommes dër EV Merci gesoot hat fir hiren Engagement am Sënn vam Kand. Gläichzäitig hat heen eng Reih Projet'ën gesträift, wou Schoul, Gemeng an Eltrevereenigung gemeinsam Zieler verfolligen. Aagefong hat hen mat dër Wichtigkeet van enger gudd funktionnéirender Schoulkommissioun, fir dono iwert dën aktuelle Stand vam Bildungshausprojet ze schwätzen, är heen seng Riädd mat dëm Projet "Buslinnen", den d'Gemeng an Zukunft viraan nei Erausforderungen stellt, clôturéiërt hat.

No dër ordentlicher Generalversammlung stung dunn na eng Präsentation vam Ben Schreiner um Programm, wou heen den Elteren d’Software-Aawendungen  IAM-Login, Microsoft 365, Teams, Onedrive,… virgestalt hat, déi an dër Schoul agesatt giän. An dësem Kontext hat de Patrick Dichter ee klengen Abléck an déi schoulintern Homepage giän, är d'Véronique Schmitz na Léiërplattformen, déi vam Ministère zur Verfügung gestalt giän, virgestalt hat.

Déi Eltren, déi nët en présentiel konnten aan dër Versammlung Deel huällen, haaten noom groussen Succès vam lesten Joor d'Méiglichkeet  sich iwwer Zoom bäizeschalten.

Insgesamt wooren 34 Intressenten dëser Invitatioun nokomm.

Aafschléissend hat dë Laurent Winkin na eng Kéiër allen "reelen" a "virtuellen" Teilnehmer aan dër Generalversammlung Merci gesoot, är dën Owend mat engem Patt aafgeschloss gouf.





Generalversammlung van dër Eltrevereenigung

2021-11-19

D'Eltrevereenigung huet hir Generalversammlung Mëttwoch, den 1.Dezember um 19:30 am Centre Culturel. Daat Ganzt leeft ënnert dër 3G Covid-Check-Prozedur aaf.

No dër ordentlicher Generalversammlung steet na eng Präsentation vum Ben Schreiner um Programm, wou heen den Elteren d’Software-Uwendungen  IAM-Login, Microsoft 365, Teams, Onedrive,… virstellt, déi an dër Schoul agesatt giän.

Déi Eltnren, déi nët en présentiel kënnen an dër Versammlung Deel huällen han noom groussen Succès vam lesten Joor d'Méiglichkeet  sich iwwer Zoom bäizeschalten.

Hei fand Dër dën Konferenz-Link op Zoom, den dën 1. 12. dann aktivéiërt gët.

 

Thema: Generalversammlung vun der Elterevereenigung Wëntger Schoul um Kiemel

Uhrzeit: 1.Dez..2021 07:30 PM Luxemburg

 

Zoom-Meeting beitreten

https://zoom.us/j/97701565700?pwd=eDcxWllnT2dQamtyZW5uUEVYQWUzUT09

Meeting-ID: 977 0156 5700

Kenncode: r0fWWM

AM PDF hei drënner fand Dër na eng genau Beschreiwung zum Aafloof vam Owend:





Projet Zäit fir... am Zykel 2

2021-11-07

Zesummen mat ären Kanner schaffen mir als Zykkel un engem neie Projet ganz noom Motto:„gemeinsame Zeit ist das schönste Geschenk“

Am Anhang fand Dër wegder Infoën dozou:

Ensemble avec vos enfants, notre cycle est en train d’élaborer un nouveau projet avec comme thème:

„passer du temps ensemble est le plus beau cadeau“

En annexe vous trouvez de plus amples informations:






Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot