News
Scheckiwerreechung an dër Schoul um Kiemel
2022-07-14Gelegentlich van dër Schoulsportwoch am Mount Juni han all d'Kanner Kilometren um Velo gesammelt. Mat deem ganze Vëlofueren, koumen och eng etlich Kilometer zesummen. Di ganz Schoul ass zesummen 9.628,273 km während dër Schoulsportwoch an dër Schoul pedalléiert. An dat och nach net fir näischt! D’Gemeng huet sech et net huele geloss an huet 1.500 Euro gespend fir den Asaz vun de Kanner. Hinnen dofir ee grousse MERCI. Hei gesi mër een Deel van de Kanner gelegentlich van dër Scheckiwerreechung, déi de 14.Juni iwert d'Bühn gung.
Dë Scheck gung aan d’Associatioun „Reech eng Hand Elwen a Wëntger“.
Am Naam van dër Associatioun hat d’Ingrid Scholzen dë sportliche Kanner an dër Gemeng Merci gesoot fir dës substanziell Ënnerstëtzung.
Wen méi iwert d'Schoulsportwoch am Allgemengen wëll wossen, ka folgende PDF oproufen.
Summerfest an dër Schoul um Kiemel
2022-07-09Bei excellentem Wiädder haat d'Eltrevereenigung an Zesaammenarbicht mat dër Maison Relais an dër Schoul um Kiemel den 7. Juli op hirt traditionellt Summerfest invitéiërt, nodems daat coronabedingt jo déi lest Jooren haat mussen ausgesatt giän.
Zesaamen mat hirem Léiërpersonal haaten d'Kanner aus dë Cyclen 1 bis 3 flott Dänz a Ligder astudéiërt, déi sie als Start vam Summerfest am Amphitheater viraan dër Schwämm opgefouërt han. D'Kanner haaten hire Spaass bei dësen Opféirungen, obschons déi eng oder anner zimlich opgeregt wooren fir viraa sou engem grousse Publikum opzetrëdden.
Mee noom Optrëtt wooren së all déck zefridden, well während dën Optrëtter an o dono han d'Léckt sie aagefeiërt an han hinnen applaudéiërt fir hir liäwig Presentatioun.
No dësem musikalischen Optakt gung ët viraan mat engem Concert van dër Jugendmusik van dër Wëntger Musik, är dunn daat eigentlicht Summerfest mat Spill a Spaass fir Grouss a Kleng lancéiërt gouf.
Vill Léckt haaten sich um Site afond an ha van dën Angeboter sur Place profitéiërt. Niäwent Sprangschlass, Kleeterwand, Tracteursparcours, Bällebad, Glécksrad, Intefëschen, an, an, an, haaten d'Organisateure natiirlich o fir daat leiwligt Wool gesüarrigt. Wen ët léiwer deftig haat, konnt sich beim Grill mat Thüringer, Käsebeißer, Burger, Vegiburger, Fritten... verwiänne lossen. Déi Glëstrig haaten Obst, Waaflen, Popcorn, ... am Angebot.
A wen selwer wollt bëssen hannert dëm Feiër sëtzen koum um "Stockbrotstand" op seng Kästen.
Géint 11 Auër goufen d'Dëscher an d'Bänken sou luäs beieneegeklappt, waat ewer nët verhënnert hat, dat sich lo na vill Gäst rondrëm den attraktive Comptoir versammelt han, fir do na déi eng oder anner Stënnchen am Stoën ze verbrengen.
Alles an allem woor ët engt gelongent Fest fir all Bedeeligt a mër hoffen, dat dë Cru 2023 dann genau sou gudd wärt giän.
Wen sich ee klengen Iwerbléck iwert d'Fest wëll verschaffen, kann déi folgend Galerie opmaën. Um Link hei drënner krët dër dann o d'Athmosphäre van dën Dänz mat. Vill Spaass beim Raluussen!
P.s.: Well ët zimlich vill Photoën ze kucke gët, brauch d'Galerie ee Moment fir ze laaden!
An der Galerie fann dër o d'Photoën, déi mam KLICKOMAT gemaat goufen.
Bouchpräis vam "Comité Auschwitz" fir de Cycle 4.2.
2022-07-04Gelegentlich van dër Comémoratiounsfeiër beim Denkmool zu Fünfbrunnen hat de "Comité Auschwitz" den 3. Juli alle Kanner aus dëm Cycle 4.2. engt Bouch geschenkt, wou d'Thematik van dër Juddeverfolgung an irgendenger Form opgegraff gët. Leider konnten d'Kanner an d'Léiërpersonal aus dëm Cycle 4.2. nët perséinlich bei dër Feiër dobäi sën, well sie richt fregdes aus hirer Vakanz an dë Vogesen zréck komm wooren. Stellvertretend fir sie hat dë Buergermeester Marcel Thommes d'Béicher vam Präsident vam "Comité Auschwitz", dëm Här Marc Schoentgen, entgéintgeholt, fir de Kanner së mat op Wëntger an d'Schoul ze huällen, an së hirer Bestëmmung ze iwergiän. Dëm "Comité Auschwitz" een décke Merci fir dëse generéise Geste, mat dem d'Mémoire bei eise junke Generatiounen aam Liäwen gehaal gët.
Photoën zur Comémoratiounsfeiër fand dër an dër Galerie hei drënner.
Wegder Infoën iwert dën Zentrum Fünfbrunnen fand dër o an där selwischter Galerie.
En Internetsite mat Infoën zum Zentrum a sengen Aktivitéiten www.cinqfontaines.lu gët aktuell opgebaut.
» Galerie

Summerfest
2022-07-04Hei fand dër dë Flyer zu eisem Summerfest


Move mam Sporty van der LASEP
2022-06-16Hokt waren 30 Kanner van der LASEP an d'Coque fir an der Arena, an den Arcaden an och dobaussen verschidden Atelieren ze maachen. Um Programm stoung ennert anerem: Basketball, Volleyball, Badminton, Street Racket, Boulderen, Zumba, Parcours bewältegen, Bouschéissen an Minigolf.
Eis Kanner haaten vill Spaß. Fotoen fannt dir an der Galerie.
» Galerie