Samschdeg, 2. August 2025

News





Summerfest mat Trommelzauber

2025-07-10

D'Summerfest ka kommen.

D'Prépaën gin an hir Endphase!

Mër freeën äis op äre Besuch muärren!

Infoën zum Trommelzauber fand dër hei: 50 Joer Schoul Wëntger

De Plang vam Daag a vam Site fand dër hei drënner an dër Galerie!





Dën "Trommelzauber" deet eis Schoul vibréiren

2025-07-08

All Infoën zum "Projet" fand dër ënner folgendem Link: 50 Joer Schoul Wëntger

Vill Spaass beim Raluussen!





Béichercadeau fir d'Kanner vam Cycle 4.2 gelegentlich van dër Commémoratiounsfeiër zu Fünfbrunnen

2025-07-06

Wéi all Joer haat de Comité Auschwitz o dës Joer rëm op hir Commémoratiounsfeiër beim Denkmool zu Fünfbrunnen invitéiërt. D'Denkmool, dat 1969 opgeriicht gouf erënnert an all jüdisch Affer aus dëm 2. Weltkrich.

A Präsenz vam Kultusminster, dëm Här Eric Thill, konnten d'Kanner aus dër Wëntger Schoul aan enger bewegender Feiër Deel huällen, wou nët nëmmen aan déi verstuärwen jüdisch Mënschen aus dëm 2 Weltkrich erënnert gouf, mee o een Appel zur Toleranz aan déi hocktig Generatiounen geriicht gouf, fir dat d'Geschicht sich nët rëm soll widderhuällen, déi mër an Zäiten vam 2. Weltkrich erliäwt han.

Zum Aafschloss van der Feiër kruuten d'Kanner aus eisem Cycle 4 Béicher iwerreecht, déi traurig Kapitelen aus dër Vergangenheet opgräifen, fir së dëm Lecteur gräifbar ze maën, fir sou geent d'Vergeessen aanzekämpfen.

Am Anhang eng Reih Biller van dër Commémoratiounsfeiër.

Méi Infoën zum "Zentrum Fünfbrunnen" an zu "Erënnerungskultur a Kulturerbe" fand Dër ënner folgende Linken:





50 Joer Schoul Wëntger: All Manifestatiounen a Brochüre

2025-06-30

Enner folgendem Link kann dër all Manifestatiounen zu 50 Joer Schoul Wëntger direkt oproufen. 50 Joer Schoul Wëntger

Wen aan enger Brochüre zu eiser Schoul intresséiërt ass kann dëse PDF opmaën. Do fand dër all Infoën, wéi der sou eng Brochüre kannt ergatteren.

Merci am Viraus fir Ären Intresse:






Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot