News

D'Béicherausstellung van der Eltrevereenigung ass op fir de Besuch
2007-10-10Een Dasdig, den 9. Oktober hat d'Eltrevereenigung invitéiert op d'Vernissage van hirer well traditioneller Béicherausstellung. Leider wore nët vill Erwaassen hirem Oprouf nokomm!
Vam 10.10. bis den 12.10. han allerdings vill Schoulklassen d'Ausstellung beséicht an hoffentlich lackelen d'Kanner hir Eltren lo o op Wëntger an de Centre culturel, wou een Donnesdig, Fregdig, Samsdig a Sonndig o Béicherverkoof bedriwe gët!
De wegdere Programm van der Eltrevereenigung gesäit sou aus!
E Mëttwoch, den 10. Oktober ëm 19.30 Auer -am Barteshaus zu Houffelt
Eis Lëtzebuerger Sprooch wou kënnt se hier, wuer geet se hin ? Eng Konferenz mat Autorenliesung vum Josy Braun
GROUSS BICHERAUSSTELLUNG ZU WËNTGER
VAM 10. BIS DEN 14. OKTOBER 2007
MATT SONNDES 14. OKTOBER 2007:
SPILLSACHENOKKASIOUNSMAART AN KAFFISSTUFF!!!
Generalversammlung van der E.v.
den Donneschden 8. November 2007 am Centre culturel zu Wëntger
Détailer fand der o na op hirem Wiki!

Aweihung van eiser neier Schwämm, dëm Haff an der Cogeneratiounsanlag
2007-10-09Ee Fregdig, den 5. 10. 07 gouf eis nei Schwämm, dën Haff an d'Cogeneratiounsanlag a Präsenz va vill Prominenz, ënnert hinnen eisen Innenminister an eise Gesondheetsminister, ageweiht.
Riädde goufe geschmettert an eis Klengst ha gedanzt a gesongen.
Hei lo mol paar Biller van dem Fest fir Grouss a Kleng!

Kigaprojekt 2007 bis 2009
2007-10-01Im Rahmen eines Schulprojektes stehen die Schuljahre 2007-2009 im Kindergarten ganz im Zeichen der "Psychomotorik"
Mehr dazu erfahren Sie unter unserem Wiki "Schulprojekte"
Wir halten Sie auf dem Laufenden!

D'Eltrevereenigung gewiännt aktiv! Vernissage van dër Béicherausstelllung als Optakt zu enger Reih Aktivitéiten
2007-10-01Een Dasdig, den 9. Oktober hat d'Eltrevereenigung invitéiert op d'Vernissage van hirer well traditioneller Béicherausstellung. Leider wore nët vill Léckt hirem Oprouf nokomm!
Losse mër hinne wënschen, dat hir nächst Aktivitéite där engagéierter Equipe méi Satisfactioun giän!
Hei dee firleefige Programm!
Détailer fand der o na op hirem Wiki!
E Mëttwoch, den 10. Oktober ëm 19.30 Auer -am Barteshaus zu Houffelt
Eis Lëtzebuerger Sprooch wou kënnt se hier, wuer geet se hin ? Eng Konferenz mat Autorenliesung vum Josy Braun
GROUSS BICHERAUSSTELLUNG ZU WËNTGER
VAM 10. BIS DEN 14. OKTOBER 2007
MATT SONNDES 14. OKTOBER 2007:
SPILLSACHENOKKASIOUNSMAART AN KAFFISSTUFF!!!
Generalversammlung van der E.v.
den Donneschden 8. November 2007 am Centre culturel zu Wëntger

Kolonie an de Vogesen
2007-06-28Léiw Eltren van de Kanner déi an de Vogesen an der Kolonie sën.
Aus technische Grënn kann an de Vogesen leider näischt méi op d'Homepage ropgelaade giän!
Maat eech also keng Suärgen, wann dër lo näischt méi iwert d'Vogesen op eiser Säit fand!