Sonndeg, 8. Juni 2025

News


De Kleeschen beséicht eis brav Kanner

2007-12-10

De 5. Dezember woor de Kleeschen zu Besuch bei äis an dër Schoul. Moiës hat ën d'Kanner an der Primärschoul mat Tuuten begléckt a Mëttes wor en dunn bei eise Klengsten va Benjamin, Précoce a Spillschoul zu Besuch.
An dër Turnhall haaten sich all d'Kanner afond an ënnert de begeesterte Blécker van hiren Eltren, dem Kleeschen an eise Gemengepäpp han d'Kanner dun Nikloosligder a flott Dänz fir dën hëllge Mann opgefouert.
Am Schluss kruut dann o jidferee van eise "klenge Schippelcher", wéi d'Blanche eis Kanner genannt hat, seng verdingten Tuut.

Op dër Photo hei derniäwent gesi mër iwrigens de Kleeschen, den mat sengen Hänn engt symbolischt Nast fir engt van eise klengen, zerbreechliche Schippelcher gebaut haat.

P.s.: Photoën vam Kleeschen sengem Besuch an dër Primärschoul giän an dene nächsten Deeg na nogereecht.



16. Dezember: Bazar vam Foyer Éislécker Heem

2007-12-10

Ee Sonndig Nomëttich, den 16. Dezember, hält dë Foyer Éislécker Heem säi Bazar zu Wëntger am Centre culturel aaf.

Verkooft giän bei dëser Gelegenheet Bastelarbichten van de Bewaaner vam Foyer a van dë Wëntger Schoulkanner.

Eng gemittlich Adventsstëmmung fand dër an dër Kaffisstuff.

Dën Erléis vam Bazar gët genotzt fir nei Projet´ën am Éislécker Heem ze finanzéiren.

D'Bewaaner vam Heem an d'Wëntger Schoulkanner free'ën sich lo well op äre Besuch.



Schoulintern Versammlung vam Léierpersonal

2007-11-15

Eis Versammlung ass de 16.11.2007 an der Buvette iwert dem Turnsall a nët wéi gewiännt am Centre culturel.



GENERALVERSAMMLUNG van der ELTEREVEREENIGUNG am Bartheshaus zu Houffelt

2007-10-22

D'Eltereverenigung invitéiert op hir 17. Generalversammlung en Donnesdig,den 8. November 2007 um 20.00 Auer zu HOUFFELT AM BARTESHAUS.

De Programm van dësem Owend gesäit esou aus :
• Begréissung durch de Präsident
• Rapport van den Aktivitéiten
• Rapport van der Keess
• Rapport van de Keesserevisoren
• Deelweis Erneierung vam Komité
• Fräi Aussproch
• Scheckiwwerreechung / Don un "Ile aux Clowns" an "Spontan ADD"

Nom Réckbléck iwwert d'Joer 2006/2007

ass een interessante Virtrag iwwert
AD(H)S ass keng erfonten Moudekrankheet!
'SPONTAN ADD' gouf van Erwassenen gegrënt, déi selwer betraff sen.
Sie wëllen dénen, déi van dëser Krankheet betraff sen hir Ennerstëtzung an Hellef ubidden.

Zieler va "Spontan ADD":
- Informéieren iwwer AD(H)S
- Anerkennung van der Krankheet AD(H)S an eiser Gesellschaft
- Méi Interesse béi den Dokteren, Psychologen an Therapeuten erreechen, fir eng secher Diagnos stellen ze kannen
- Kontakt sichen zu aneren Selfhëllefgruppen am Ausland mat dem selwechten Ziel.
Kontakt: B.P. 5 L- 8001 Strassen Infotel.: 26 25 95 95 mail: help@adhs.lu
http://www.adhs.lu/spontan/index.php
CCPL: LU50 1111 2157 4012 0000

Zum Schluss invitéiert d'Eltereverenigung Iech op e Patt an e klenge Maufel.




Faustlos

2007-10-17

Am Kader van engem Schoulprojet an de Klassen 1-3 han 12 Titulaires aus dem Ennergrad ee Samsdig, den 13.10. 2007 van 8 Auer bis 17 Auer bei enger Formatioun zum Thema Gewaltpräventioun matgemaat. D'Formatioun, déi vam Professor A. Stephan vam Gewaltpraeventiounszentrum Heidelberg aafgehaal gouf, ass baséiert op de Programm "Faustlos", ee Curriculum fir sozial-emotional Kompetenzen ze förderen fir sou der Gewalt virzebeugen. No engem theoretischen Deel an enger Pressekonferenz am Praebelli zu Woltz kruut all bedeeligt Schoulgebei eng Valis mam Arbichtsmaterial va "Faustlos" iwerreecht. Dono gouf da ganz praktisch a klenge Gruppen zu eenzelnen Unitéiten aus dem Curriculum geschafft; dëst mam Ziel fir all Bedeeligt optimal fir den Asatz vam Material an de Klassen virzebereeden. Mam Koffer ënner dem Aarm an neiën Iddiën am Kapp han dun all Bedeeligt den Heemwee owes um 5 Auer agetratt, fir demnächst daat Geléiert an de Klassen anzesetzen. Ee Merci dëm Paul Zenners fir d'Photoën, déi heen äis fir dës Säit zur Verfügung gestallt hat.




Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot