News

Nikloosdaag bei äis an der Schoul
2008-12-06Eisem Kleeschen soën mër een décke Merci, dat ën o dëst Joër rëm sou gudd an eis Kanner gedaacht hat.
All wooren së begeestert wéi dee gudde Mann sich de 5. Dezember bei äis an der Schoul afond hat.
Besonnisch déi Kleng wooren an hirëm Äifer nët ze bremsen an sie han dëm Kleeschen ee waarmen Empfang an dër Turnhall bereet, wéi dee folgenden Fotosdossier weist!

Neies aus dem Gemengeroot
2008-11-22Wéi mër am November an eisen Daageszeitungen konnte noliäsen sollen d'Bauaarbichten fir d' "Maison de relais" zu Wëntger 2009 afänken.
Méi dozou fand Dër a folgendem PDF


18. Generalversammlung van der Eltrevereenigung
2008-11-12Wou? AM BARTESHAUS zu HOUFFELT.
Winni? Mëttwoch, den 12. November 2008, 20.00 Auer
De Programm vam Owend gesäit esou aus :
· Begréissung
· Rapport van den Aktivitéiten
· Rapport van der Keess
· Rapport van de Keesserevisoren
· Erneierung vam Komité
· Fräi Aussproch
· Verschiddenes
· Iwwerreechen van engem Don un « Le soleil dans la main »
Uschléissend, e Virtrag iwwert den Thema :LEGASTHENIE (LESE- UND SCHREIBSCHWÄCHE)Présentéiert van der Mme SCHEER Simone, diploméiert Légasthénietrainerin zu Wolz
Folgende Anzeichen können Hinweise auf eine mögliche Legasthenie sein:
• Durcheinanderbringen von richtungsweisenden Wörtern: z.B.: rechts/links/oben/unten, usw.
• das Kind handelt schneller als es denkt
• das Kind hat Schwierigkeiten, die Bezeichnungen für bekannte Objekte zu behalten, z.B. Farben
• gute Auffassungsgabe für konstruktives und technisches Spielzeug
• Schwierigkeiten beim Behalten des Alphabets, beim Multiplizieren von Zahlen
• schreibt öfters Spiegelschrift
• Probleme bei Reimen oder gleichklingender Wörter
• verwechselt beim Lesen und Schreiben, Buchstaben und Wörter
• auffällige verkrampfte Körperhaltung beim Schreiben
• usw...
Zum Schluss invitéiert d'Elterevereenigung Iech op e Patt an e klenge Maufel.
D'Eltrevereenigung wirfrou, wann der hirer Invitatioun gifft nokommen.

Versammlung vam Léierpersonal: Mondig, den 17. November 2008 um 16.15 Auer
2008-11-09Eisen Inspekter, den Här Patrick Mergen, informéiert iwert d'PEARLS - Etude.
Dono Versammlung vam Léierpersonal mat Informatioun an Austausch zu astehende Projets'ën betreffend eise Schoulbetrieb

Schoulfest 2008
2008-07-14Gester hate mër eist Schoulfest 2008, wou d'Eltrevereenigung zesaamen mat dem Léierpersonal bei guddem Wiädder een aafwiässlungsräiche Programm ënnert dem Motto "Afrika" zesaamegestalt haat.
Allen, déi sou motivéiert matgeschafft han an allen Eltren déi mat hire Kanner de Wee op Wëntger fond haaten een décke Merci, dat mër de Kanner sou ee schéine Schoulaafschloss konnte bigden!
O dem Fili, den aus dem Burkina Faso bei äis komm woor fir äis sengt Land an dene leste Schoulwochen a ganz variéierte Projets virzestellen, een décke Merci fir dee bleiwenden Androck den hee sëcherlich bei all de Kanner aus eiser Schoul hannerloss hat.
(Hei derniäwent gesit der de Fili iwrigens am Bild)
A lo dann déi verdingte Vakanz fir eech all.
P.s.: Wen eis Kanner beim Schoulfest an Aktioun wëllt gesin, brauch nëmmen op de folgende Link ze klicken a well geet d'Photosgalerie op!