Sonndeg, 26. Juli 2026

Home

News


Atelier Photoshop

2014-12-17

Dë Barbel Fern vam Nortic hat eis gehollëf, eis Fotoën am Photoshop ze verschaffen.
Merci dëm Fern fir seng Mathëllëf.

Hei paar van de Kanner hiren Créatiounen:
Atelier Photoshop



Schlittschungpist zu Wëntger

2014-12-17

Am Kader van engem Chrëstmaart, den van dër "Entente des sociétés" organiséiërt giä woor, haat dën Organisator o dervir gesuärrigt dat eng Schlittschunpist an dëm Schoulhaff zu Wëntger opgeriicht giä woor.
D'Sponsoren van dësem Event haaten sich dann o iwerzeege geloss, dat ët flott wiir wann d'Schoulklassen an dër Woch vam 15. op den 19. Dezember van dëser Schlittschungpist kënnte profitéiren.

De Sponsoren dofiir Merci fir dëse flotte Geste am Intresse van eise Kanner.

Am Anhang kann Dër dann op paar Photoën gesin wéi d'Kanner sich iwert d'Pist bewegt han.

Vill Spaass beim Raluussen a beim Liäsen, well paar Kanner han am PDF-Dokument Eispiste o a paar Wiärder erzalt wéi ët hinnen perséinlich op dër Äispist gefall hat!



Photoën aus dër Schivakanz

2014-12-16

Well d'Internetleitung am Ahrntal nët séiër genou ass, kreiën eis Schiassen d'Photoën leider nët direkt op eis Homepage ropgelaaden.

Wann dër trotzdem wëllt gesin waat sur Place lass ass, da klickt just op dee folgende Link a scho gesit Dër am Bild waat am Ahrntal leeft. D'Photoën giän regelméissig à jour gesatt. Vill Spaass beim Kucken:

A Punkto Tagebuch probéire mër eech o schrëftlich an d'Bild ze setzen.
Fir an eisem Tagebuch ze liäsen braucht dër nëmmen op dëse Link ze klicken:
Ausfluege





Modern Künstler, nei interpretéiert

2014-12-15

D'Schüler van der Klass 3.1.B hann am Lof vam ischten Trimester verschidden Biller va 7 moderne Künstler op hir Manéier nogemolt; d'Resultat fannt der a folgendem Storyboard,
vill Spaass beim Kucken!
Hei dën direkte Link dohënner:
Modern Künstler, nei interpretéiert




Schivakanz am Ahrntal

2014-12-11

Wann dër dëse Link opmaat, kommt dër an eise WIKI, wou dër Infoën iwert eis Schivakanz am Ahrntal fand.
Ausfluege







Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot