Samschdeg, 3. Mee 2025

Cycle 2


Schwammformatiounen zu Wëntger

2015-01-24

Nodeems dat mër als Schoul Enn 2014 eng Weiderbildung a Saachen Rettungsschwammen, déi iwert d'FLNS  zu Wëntger mam Formateur Müller André organiséiërt giä woor, matgemaat han mam Ziel den "Rettungsschwammbrevet" ze absolvéiren, haat eis Schoul sich lo beim Institut de Formation Continue eng Weiderbildung aagefroot a Saachen Schwammcourën haalen.


Bei dën Inhalter van dë Courën gung ët beim Cycle 1 an 2 hauptsächlich ëm d'Wassergewöhnung. D'Cyclen 3 an 4 han méi een Iwerbléck iwert d'Erléiren van dën Techniken beim Broschtkraul, Réckekraul an Brasse kriit.
No engem theoretischen Iwerbléck waat de Lehrplan an d'Inhalter van dër Wassergewöhnung, respektiv dën Schwammtechniken aageet, han d'Formateuren, d' Hären Claude Scheuer an Norbert Ruschel äis dunn an dër Wëntger Schwämm eng ganz praxisnoh Weiderbildung offréiërt, wou mër an Ateliers déi eenzel Etappen vam Schwammeléiren an dër Grondschoul konnten durchloofen.

D'Enseignants aus eiser Schoul kannen ënner folgendem Link all d'Infoën, déi mër van eise Formateuren zur Verfügung gestalt kruuten, aafroufen.Weiterbildung Schwimmen

Mat dër Hëllef van eisen 2 Formateuren ass eis Schoul lo na aam Gang dëse Volet vaan dër Formatioun aafzeschléisen den sou beim IFC ausgeschriwe woor: Ausarbeitung eines schuleigenen Lehrplans im Kompetenzbereich "Bewegen im Wasser" für die Zyklen 1 und 2"

Dën Hären Claude Scheuer a Norbert Ruschel een décke Merci fir déi ganz praxisnoo, "sprëtzig" an intressant Formatioun mat där ët aïs hoffentlich gelengt alle Kanner aus eiser Schoul d'Angst, sou wäit do, viraam Element Waasser ze huällen, an hinnen déi néidig Grondlagen noom Prinzip van dën 3 L: Lernen - Leisten - Lachen ze liwweren, fir sou mat Freed kënne Schwammen ze léiren an déi an dëm folgenden PDF beschriwe Kompetenzen aus dëm Lehrplan ze erreechen.






De Kleeschen op Besuch an dër Schoul "Um Kiemel"

2015-01-15

De 5. Dezember hat de Kleeschen mat sengem schwaarze Gesell rëm de Wee op Wëntger an d'Schoul fond.

Nogereecht hei na eng ganz Reih Biller van dë Virstellungen vam Cycle 1.



KunstKultur






Zwee Krëppespiller op "Hëlljer Owend" zu Boxer

2014-12-25

Am folgende Link fand Dër dann lo d'Photoën van dë Krëppespiller, déi d'Kanner op "Hëlljer Owend" zu Boxer vira grousser Kuliss opgefouërt han.

Vill Spaass beim Kucken, schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an daat neit Joor!



Zwee Krëppespiller um lesten Schouldaag viraan dër Chrëstvakanz

2014-12-19

Um leste Schouldaag viraan dër Vakanz haaten sich d'Kanner aus deene verschiddene Cyclen am Centre culturel versammelt fir do 2 Krëppespiller ze kucken, déi eis Reliounsjoffer, d'Christiane Hoffmann mat Kanner aus dër Schoul um Kiemel astudéiërt haat.

Daat ischt Stéck hat d'Himmelstrapp geheescht a gouf interprétéiërt van engem Grupp Kanner, déi sich queesch durch déi eenzel Cyclen zesaamefond haaten, fir d'Geschicht van Esau a Jakob, zwee zerstriddene Brigder, déi sich am Enn rëm versöhnt han, ze erziällen.

Am zweete Krëppespill kruuten dunn d'Kanner aus dë Klassen 2.1 A an 2.1 C d'Geleegenheet fir d'Stéck "d'Déiren kommen bei d'Krëppchen" ze spillen an ze sangen.

Dë ville klengen a groussen Zuschauër, déi derbäi wooren, han déi zwee Stécker gudd gefall an am Enn kruut d'Christiane mat sengen zwou Theateréquipen een décken a verdingten Applaus.



Schlittschungpist zu Wëntger

2014-12-17

Am Kader van engem Chrëstmaart, den van dër "Entente des sociétés" organiséiërt giä woor, haat dën Organisator o dervir gesuärrigt dat eng Schlittschunpist an dëm Schoulhaff zu Wëntger opgeriicht giä woor.
D'Sponsoren van dësem Event haaten sich dann o iwerzeege geloss, dat ët flott wiir wann d'Schoulklassen an dër Woch vam 15. op den 19. Dezember van dëser Schlittschungpist kënnte profitéiren.

De Sponsoren dofiir Merci fir dëse flotte Geste am Intresse van eise Kanner.

Am Anhang kann Dër dann op paar Photoën gesin wéi d'Kanner sich iwert d'Pist bewegt han.

Vill Spaass beim Raluussen a beim Liäsen, well paar Kanner han am PDF-Dokument Eispiste o a paar Wiärder erzalt wéi ët hinnen perséinlich op dër Äispist gefall hat!




Eischt Viregt Nächst Lescht