News

Schwammformatiounen zu Wëntger
2015-01-24Nodeems dat mër als Schoul Enn 2014 eng Weiderbildung a Saachen Rettungsschwammen, déi iwert d'FLNS zu Wëntger mam Formateur Müller André organiséiërt giä woor, matgemaat han mam Ziel den "Rettungsschwammbrevet" ze absolvéiren, haat eis Schoul sich lo beim Institut de Formation Continue eng Weiderbildung aagefroot a Saachen Schwammcourën haalen.
Bei dën Inhalter van dë Courën gung ët beim Cycle 1 an 2 hauptsächlich ëm d'Wassergewöhnung. D'Cyclen 3 an 4 han méi een Iwerbléck iwert d'Erléiren van dën Techniken beim Broschtkraul, Réckekraul an Brasse kriit.
No engem theoretischen Iwerbléck waat de Lehrplan an d'Inhalter van dër Wassergewöhnung, respektiv dën Schwammtechniken aageet, han d'Formateuren, d' Hären Claude Scheuer an Norbert Ruschel äis dunn an dër Wëntger Schwämm eng ganz praxisnoh Weiderbildung offréiërt, wou mër an Ateliers déi eenzel Etappen vam Schwammeléiren an dër Grondschoul konnten durchloofen.
D'Enseignants aus eiser Schoul kannen ënner folgendem Link all d'Infoën, déi mër van eise Formateuren zur Verfügung gestalt kruuten, aafroufen.Weiterbildung Schwimmen
Mat dër Hëllef van eisen 2 Formateuren ass eis Schoul lo na aam Gang dëse Volet vaan dër Formatioun aafzeschléisen den sou beim IFC ausgeschriwe woor: Ausarbeitung eines schuleigenen Lehrplans im Kompetenzbereich "Bewegen im Wasser" für die Zyklen 1 und 2"
Dën Hären Claude Scheuer a Norbert Ruschel een décke Merci fir déi ganz praxisnoo, "sprëtzig" an intressant Formatioun mat där ët aïs hoffentlich gelengt alle Kanner aus eiser Schoul d'Angst, sou wäit do, viraam Element Waasser ze huällen, an hinnen déi néidig Grondlagen noom Prinzip van dën 3 L: Lernen - Leisten - Lachen ze liwweren, fir sou mat Freed kënne Schwammen ze léiren an déi an dëm folgenden PDF beschriwe Kompetenzen aus dëm Lehrplan ze erreechen.


Dëm Kinnik säi Bësch
2015-01-23D'Klassen 3.1.C an 3.2.C spillen hockt d'Theaterstéck van dër Theaterschoul "Dëm Kinnik säi Bësch". Noom Theater verkoofen d'Kanner na Kouch a Gedrénks.
Optrëtter: 23. Januar 2015
van 10.15 bis 11.15 Auër
van 14.10 bis 15.10 Auër
Dën Owend kann dër eech op dëser Säit Photoën zum Stéck aakucken.
Bis dann!
De Kleeschen op Besuch an dër Schoul "Um Kiemel"
2015-01-15De 5. Dezember hat de Kleeschen mat sengem schwaarze Gesell rëm de Wee op Wëntger an d'Schoul fond.
Nogereecht hei na eng ganz Reih Biller van dë Virstellungen vam Cycle 1.
KunstKultur

Camille Arend an Noémie Siebenaller goufen zu dë "Lëtzebuerger vam Joor 2014" gewiällt
2015-01-03De Camille an d'Noémie, déi äis leider vill ze fréi am Loof vam Joor bei engem Fliegeraccident iwer dëm Mali verloss han, goufen posthum zum "Lëtzebuerger vam Joor 2014" gewiällt.
Ween méi dozou wëllt wossen kann um folgende Link rakucken an sich bei dëser Geleegenheet aan de Camille an d'Noémie erënneren.

Fotoroman zum Thema Streit
2014-12-31Nicht immer geht es friedfertig auf dem Pausenhof, in der Klasse oder im Turnsaal zu. Die Schüler der Klasse 3.2.B haben einen Fotoroman zum Thema "Streit" geschrieben. Ob, und wie sie Streitigkeiten im Alltag schlichten, könnt Ihr hier in den fogenden PDF-Dokumenten nachlesen. Viel Spaß dabei!