News

Télévie-Daag zu Wëntger
2017-04-23Den 22. Abrëll woor dën Aafschloss vam Télévie - Daag mat ënner annerem o engem Centre de promesses zu Wëntger.
Eis Wëntger Schoul haat o aktiv aan dësem Daag Deel geholt an konnt am Loof vam Daag o ee Scheck an Héicht van 19.753 Euro am Naam van eiser Schoul um Kiemel aan d'Représentants van Télévie iwerreechen.
Dës Suën wooren zesaame komm bei zwou gréissere Manifestatiounen, déi d'Schoul ënnert dëm Motto van Télévie aafgehaal haat, nämlich dëm Wanter - Maart an dëm Triathlon, bie dem eis Schoulkanner fläissig Sponsoren gesammelt haaten, fir dono Ronnen ze pédaléiren, ze schwammen an ze loofen.
Merci alle groussen an klengen Sponsoren, dat sie eis Schoulkanner sou gudd moralisch a finanziell ënnerstëtzt han.
Eise Schoulkanner an dër Equipe, déi bei äis an dër Schoul dë Projet Télévie encadréiërt hat, een décke Merci fir hiren Engagement am Naam van dër gudder Saach.
Wen ee klengen Iwerbléck iwert d'Ereignisser vam Daag wëllt kreiën, de kann folgende Link opmaën, wou dë Ben Pfeiffer alles am Bild festgehaal hat, waat zu Wëntger geloof ass.
Ab dër Photo 341 fand dër iwrigens Biller mat eise Schoulkanner.
An dër Galerie hei drënner gët ët dann an ee klenge Bonus.
Vill Spaass beim Kucken.
Der Froschkönig zu Besuch "Um Kiemel"
2017-04-06Heute war die Harzer Puppenbühne mit ihrem Stück "Der Froschkönig" bei den Zyklen 1 und 2 zu Besuch.
Wer hinter die Kulissen schauen möchte, der öffne die folgende Galerie.
» Galerie

Worldcafé "Bildungspraxis um Kiemel"
2017-04-01An de folgenden Dokumenter krët dër een Abléck an d'Auswertung van eisem 1. Worldcafé zum Thema "Bildungspraxis um Kiemel".
D'Organisatoren vam Worldcafé deelen dann na Folgendes mat:
- Die Arbeitsgruppe bedankt sich bei allen Teilnehmern für das Interesse und die Beteiligung am Projekt "Bildungshaus".
- Die Ergebnisse aus dem Workshop werden in die inhaltliche Vorbereitung der nächsten Workshops einfließen.
Sollt dër eech also o fir d'Zukunft van dër Schoul "Um Kiemel" intresséiren, dann vill Spaass beim Liäsen a bleiwt o an Zukunft aam Ball beim Thema "Worldcafé".
Annette Langen an dër Schoul um Kiemel
2017-03-20Mat dër Kannerbouchautorin Annette Langen hat de Bibliosgrupp fir den 20. an 21. März eng Damm op Wëntger invitéiërt, déi mëttlerweil well baal 100 Kannerbéicher geschriwen hat.
Bei äis mëcht sie 7 Lesungen aus: "Ritter Wüterich und Drache Borste" & "Neue Briefe von Felix"
We mat dëm Naam Annette Langen näischt aafänke kann, den hat ewer fläicht well eppes van dër Béicherserie "Briefe von Felix" héiren.
Wann dër méi iwert d'Madame Langen an hir Béicher wëllt wossen, da klickt einfach op dë Link hei drënner.
A wann dër an engt Webbouch zum Thema "Neue Briefe von Felix" wëllt rakucken, daat d'Aurélie aus dër Klass 2.1.B an dër Aarbicht hat, da klickt op dë Link "Neue Briefe von Felix".
Wen an eng Virliäsung wëllt raluussen, dee kann de Storyboard ënnendrënner opmaën, dern an dë kommenden Deeg na wärt kommentéiërt giän.
No sengem Besuch hat de Felix äis dann o well ee Bréif geschriwen!!!
Vill Spaass beim Liäsen!
Worldcafé: Zukunft vun der Bildungspraxis "Um Kiemel"
2017-03-14Ennert dem uäwe genannte Motto hat ee Samsdig, den 11. März eng Austauschronn tëscht Vertreter van dër Gemeng, dër Schoul, dër Maison relais an Vertreter van dër Eltrevereenigung am Veräinssall zu Nidderwampich statt fond.
Zum genauën Aafloof vam Daag liwre mër Eech na een detailléiërte Rapport wann d'Resultater van dësem intressanten a konstruktiven Austausch ausgewert sën.
Hei kann Dër Eech ewer well paar Photoën aakucken, déi ee klengen Abléck an dë "Worldcafé" liweren.