News
Bazar am Eislécker Heem
2019-12-03All 2 Joor bedeeligt d'Schoul um Kiemel sich mam Verkoof va Basteleiën van de Kanner um Bazar am Lëlljer Heem.
O dëst Joor woor an dë Klassen vill flott Saachen gebastelt giän an de Gros van dën Eltren haaten d'Bastelaarbicht van hire Kanner am Virfeld reservéiërt, fir së um Daach vam Bazar selwer an d'Heem séichen ze goën.
Mam Verkoof van deenen gebastelten Gadgets goufen insgesamt 2.722,02 € agespillt, woufir d'Lëlljer Heem dër Wëntger Schoul dann o mat engem Bréif Merci gesoot hat, den Dër am Anhang fand.
An dër Galerie krët dër ee klengen Iwerbléck iwert daat waat sich um Daag vam Bazar zu Lëlljen gedunn hat.

Lëtzebuerg am 2. Weltkrich
2019-12-02Wann een aa Geschicht intresséiërt ass an sich méi speziell fir dën 2. Weltkrich intresséiërt, dann ass d' Ausstellung "Lëtzebuerg am 2. Weltkrich", déi zu Péiteng gewise gët, durchaus sehenswert an een Déplacement wert.
Daag vum Baam
2019-11-21Am Kader vam Daag vam Boom woor dë Cycle 4.2 dëst Joor op Stackem Hecke planzen.
Am folgende Wiki han sie hir Andréck fir eech festgehall.
Daag vum Baam
» Galerie

D'Generalversammlung van der Eltrevereenigung am Réckbléck
2019-11-18Den 15. November haat d’Eltrevereenigung wéi hei aagekënnigt all Intresséiërt fir hir alljährlich Generalversammlung an de neië Veräinsall op Tratten invitéiërt.
Wen aam genauën Aafloof van dëser Generalversammlung intresséiërt ass kann daat folgend Dokument opmaën.
Vill Spaass beim Liäsen: