News

Experiment Lawaluucht
2023-02-16Fir deng Lawaluucht ze maan brauchs du: (Foto 1)
- Waasser
- Ueleg
- Liewesmëttelfaarf
- Magnesiumtabletten
- Dain Glas oder deng Fläsch bis 1/3 mat Waasser fëllen.
- Mat Liewesmëttelfaarf mëschen. (Foto 2)
- Dain Glas oder deng Fläsch bis 2/3 mat Ueleg fëllen. (Foto 3) à Hei gesäis du dass d’Waasser an d’Ueleg sech net mateneen mëschen. Dëst leit drunn, dass d’Waasser méi schwéier ass, wéi den Ueleg.
- Lo kanns du ½ oder eng ganz Magnesiumtablett an d’Glas maan. (Foto 4) Hei gesäis du lo wei d’Waasser ufänkt ze spruddelen, wéi bei enger Lawaluucht entstinn hei lo Bullen déi sech duerch den Ueleg no uewen bewegen. Wann’s du eng Täscheluucht un d ‘Glas/Fläsch häls gesäis du et nach besser.
Vill Spass mat denger Lawaluucht!
Experiment Lawalampe
Um dir deine eigene Lawalampe herzustellen, benötigst du : (Foto 1)
-Wasser
-Öl
Lebensmittelfarbe
-Magenesiumtabletten
1. Dein Glas oder deine Flasche mit 1/3 Wasser füllen
2. Mit Lebensmittelfarbe mischen (Foto 2)
3. Dein Glas oder deine Flasche bis 2/3 mit Öl füllen. (Foto 3) Nun siehst du, dass sich das Wasser nicht mit dem Öl vermischt. Dies liegt daran, dass das Wasser schwerer ist, als das Öl.
4. Nun kannst du ½ oder eine ganze Magnesiumtablette ins Glas tun. (Foto 4 ) Hier siehst du jetzt, wie das Wasser anfängt mit sprudeln, genau wie bei einer Lawalampe entstehen nun Bläschen die sich durch das öl nach oben bewegen. Wenn du mit einer Taschenlampe ans Glas leuchtest, kannst du es noch besser sehen.
Expérience de la lampe à lave
Pour fabriquer ta propre lampe à lave, il te faut : (photo 1)
-Eau
-huile
-Colorant alimentaire
-Comprimés de magnésium
1. Remplis ton verre ou ta bouteille avec 1/3 d'eau
2. Mélanges avec du colorant alimentaire (photo 2 )
3. remplis ton verre ou ta bouteille d'huile jusqu'à 2/3. (photo 3) Tu vois maintenant que l'eau ne se mélange pas à l'huile. Cela s'explique par le fait que l'eau est plus lourde que l'huile.
4. Maintenant, tu peux mettre ½ comprimé de magnésium ou un comprimé entier dans le verre. (photo 4 ) Comme dans une lampe à lave, des bulles se forment et se déplacent vers le haut à travers l'huile. Si tu éclaires le verre avec une lampe de poche, tu le verras encore mieux.
» Galerie

Invitation Infoversammlung Mini-Crèche ze Boxer
2023-02-09Léif Elteren,
Mir lueden iech häerzlech op eis Informatioun’s Versammlung iwwert d’Eröffnung vun eiser Mini-Bësch Crèche zu Boxer an.
Wéini? Mëttwochs den 22 März 2023 vun 19 bis 20 Auer 30
Wou? Zu Wëntger am Sall Theater nieft de Klassen vum Précoce
Ween? All d’Elteren vun de Kanner am Alter vun 2,5 bis 4 Joer während dem Schouljoer 2023/2024
Merci iech virum 13 März 2023 per mail un maison.relais@wincrange.lu unzemellen.
Mir frëen eis iech kennen ze begréissen,
D’Direktioun vun de Kiemelkiddies
Chers parents,
Par la présente nous vous invitons à notre réunion d’information concernant l’ouverture de notre „Mini-Bësch Crèche“ à Boxhorn.
Quand? Le mercredi 22 mars 2023 de 19h-20h30
Où? à Wincrange dans la Sall Theatre près des classes du précoce
Qui? Tous les parents ayant un ou plusieurs enfants âgés de 2,5 à 4 ans durant l’année scolaire 2023/2024
Merci de bien vouloir confirmer votre présence par email à maison.relais@wincrange.lu avant le 13 mars 2023.
Nous nous réjoussons de pouvoir vous accueillir,
La Direction des Kiemelkiddies

Kannerfuesbal vun dër Eltrevereenigung
2023-01-29Den 4. Februar lied d'Eltrenvereenigung Är Kanner an Eech op hiren "Kannerfuesbal" an.
Am Flyer hei drënner fand Dër wegder Infoën:
Le 4 février l'association pour parents d'élèves vous invite au "Kannerfuesbal".
Pour de plus amples informations veuillez consulter l'affiche ci-dessous.

Chrëschtfeier bei de Kiemelkiddies 2022
2022-12-23No 2 Joer wou eis Krëschtfeier leider net konnt stattfannen war et dëst Joer rëm sou wäit: Den 19ten Dezember vun 16-19h hun mir d’Kanner an d’Elteren rem bei eis dierfen begréissen.
Eis Équipen hunn e flott Angebot vun Atelieren fir Kléng an Grouss preparéiert.
An der Entrée vun der Crèche gouf et een Eck wou virun allem déi kléng Kanner krauchen, klammen an spillen konnten.
Am Précoce konnt een saïn Gesang beim SINGSTAR weisen an och wat een alles beim FIFA sou kann.
Am Cycle 2 hun eis Kënschtler d’Kanner flott geschminkt. Et war alles dobäi, vun leiwen Prinzessinnen bis bei den wëllen Tiger.
Den Gank vum Précoce an Cycle2 war wéi an der regulären Maison Relais Zäit fir d’Fräispill do.
An den Raim vum Cycle 1 konnt een och flott Saachen man. Et gouf een Bastelateliers fir alles wat Chrëschtdag ugeet, vun Kaarten bis Chrëschtbamdekoratioun.
Am Restaurant vum Cycle 1 konnt een sech lecker Butterkeks Haisercher bauen an flott dekoréieren mat Hariboen, Smarties an Streiselen an allen Formen an Faarwen.
Ausserdeem gouf hei och un een méi rouegen Eck geduecht, wou d’ Kanner interaktiv Geschichten konnten erliewen.
Natierlech hunn mir och un d’ kulinaresch Wuel geduecht. Sou gouf et am Hall Wafelen, Gulaschzopp an eng Crème Andalouse, Schokola, selwer gemeeten Glühwäin vun eisem Kach, Kaffi, Glühjus an Softdrinks.
Et sinn ëm déi 180 Leit eiser Invitatioun nokomm an mir hoffen am nächsten Joer nees sou ee schéinen Owend mat Iech verbréngen ze kënnen!
» Galerie