Mëttwoch, 14. Mee 2025

News


Faustlos

2007-10-17

Am Kader van engem Schoulprojet an de Klassen 1-3 han 12 Titulaires aus dem Ennergrad ee Samsdig, den 13.10. 2007 van 8 Auer bis 17 Auer bei enger Formatioun zum Thema Gewaltpräventioun matgemaat. D'Formatioun, déi vam Professor A. Stephan vam Gewaltpraeventiounszentrum Heidelberg aafgehaal gouf, ass baséiert op de Programm "Faustlos", ee Curriculum fir sozial-emotional Kompetenzen ze förderen fir sou der Gewalt virzebeugen. No engem theoretischen Deel an enger Pressekonferenz am Praebelli zu Woltz kruut all bedeeligt Schoulgebei eng Valis mam Arbichtsmaterial va "Faustlos" iwerreecht. Dono gouf da ganz praktisch a klenge Gruppen zu eenzelnen Unitéiten aus dem Curriculum geschafft; dëst mam Ziel fir all Bedeeligt optimal fir den Asatz vam Material an de Klassen virzebereeden. Mam Koffer ënner dem Aarm an neiën Iddiën am Kapp han dun all Bedeeligt den Heemwee owes um 5 Auer agetratt, fir demnächst daat Geléiert an de Klassen anzesetzen. Ee Merci dëm Paul Zenners fir d'Photoën, déi heen äis fir dës Säit zur Verfügung gestallt hat.



D'Béicherausstellung van der Eltrevereenigung ass op fir de Besuch

2007-10-10

Een Dasdig, den 9. Oktober hat d'Eltrevereenigung invitéiert op d'Vernissage van hirer well traditioneller Béicherausstellung. Leider wore nët vill Erwaassen hirem Oprouf nokomm!
Vam 10.10. bis den 12.10. han allerdings vill Schoulklassen d'Ausstellung beséicht an hoffentlich lackelen d'Kanner hir Eltren lo o op Wëntger an de Centre culturel, wou een Donnesdig, Fregdig, Samsdig a Sonndig o Béicherverkoof bedriwe gët!
De wegdere Programm van der Eltrevereenigung gesäit sou aus!

E Mëttwoch, den 10. Oktober ëm 19.30 Auer -am Barteshaus zu Houffelt


Eis Lëtzebuerger Sprooch wou kënnt se hier, wuer geet se hin ? Eng Konferenz mat Autorenliesung vum Josy Braun

GROUSS BICHERAUSSTELLUNG ZU WËNTGER
VAM 10. BIS DEN 14. OKTOBER 2007
MATT SONNDES 14. OKTOBER 2007:
SPILLSACHENOKKASIOUNSMAART AN KAFFISSTUFF!!!


Generalversammlung van der E.v.
den Donneschden 8. November 2007 am Centre culturel zu Wëntger

Détailer fand der o na op hirem Wiki!




Aweihung van eiser neier Schwämm, dëm Haff an der Cogeneratiounsanlag

2007-10-09

Ee Fregdig, den 5. 10. 07 gouf eis nei Schwämm, dën Haff an d'Cogeneratiounsanlag a Präsenz va vill Prominenz, ënnert hinnen eisen Innenminister an eise Gesondheetsminister, ageweiht.
Riädde goufe geschmettert an eis Klengst ha gedanzt a gesongen.
Hei lo mol paar Biller van dem Fest fir Grouss a Kleng!



Kigaprojekt 2007 bis 2009

2007-10-01

Im Rahmen eines Schulprojektes stehen die Schuljahre 2007-2009 im Kindergarten ganz im Zeichen der "Psychomotorik"

Mehr dazu erfahren Sie unter unserem Wiki "Schulprojekte"
Wir halten Sie auf dem Laufenden!



D'Eltrevereenigung gewiännt aktiv! Vernissage van dër Béicherausstelllung als Optakt zu enger Reih Aktivitéiten

2007-10-01

Een Dasdig, den 9. Oktober hat d'Eltrevereenigung invitéiert op d'Vernissage van hirer well traditioneller Béicherausstellung. Leider wore nët vill Léckt hirem Oprouf nokomm!
Losse mër hinne wënschen, dat hir nächst Aktivitéite där engagéierter Equipe méi Satisfactioun giän!

Hei dee firleefige Programm!
Détailer fand der o na op hirem Wiki!

E Mëttwoch, den 10. Oktober ëm 19.30 Auer -am Barteshaus zu Houffelt


Eis Lëtzebuerger Sprooch wou kënnt se hier, wuer geet se hin ? Eng Konferenz mat Autorenliesung vum Josy Braun

GROUSS BICHERAUSSTELLUNG ZU WËNTGER
VAM 10. BIS DEN 14. OKTOBER 2007
MATT SONNDES 14. OKTOBER 2007:
SPILLSACHENOKKASIOUNSMAART AN KAFFISSTUFF!!!


Generalversammlung van der E.v.
den Donneschden 8. November 2007 am Centre culturel zu Wëntger






Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot