News

Formation
2008-03-03Am 7. und 8. März wird Professor Dr. Klaus-Peter Eichler von der PH Schwäbisch Gmünd eine Formation zum Thema "Aspekte zeitgemäßen Mathematikunterrichts in der Grundschule" für die Lehrerschaft der Wintger Schule abhalten.
Unter anderem stehen folgende Punkte an diesen beiden Formationstagen auf dem Programm:
Der Erwerb von Zahlvorstellungen und Operationsvorstellungen
Die Entwicklung von Können im Rechnen und der Erwerb von Rechenstrategien
Möglichkeiten der Verbindung von Arithmetik und Geometrie
Möglichkeiten der Entwicklung des räumlichen Vorstellungsvermögens als Basiskomponente der Intelligenz
Befähigung zum Anwenden beim Lösen von Sachaufgaben
Die Kinder sind am 7. März schulfrei, eine Aufsicht für Kinder, die trotzdem zur Schule kommen wollen / müssen ist gewährleistet.
Dass die Teilnehmer am ersten Tag ihrer Formation Spaß am rezeptiven und handelnden Lernen hatten und dadurch sicherlich auch viel Wissenswertes im Umgang mit Mathematik in der Grundschule dazugelernt haben belegen diese Bilder:

De Kleeschen beséicht eis brav Kanner
2007-12-10De 5. Dezember woor de Kleeschen zu Besuch bei äis an dër Schoul. Moiës hat ën d'Kanner an der Primärschoul mat Tuuten begléckt a Mëttes wor en dunn bei eise Klengsten va Benjamin, Précoce a Spillschoul zu Besuch.
An dër Turnhall haaten sich all d'Kanner afond an ënnert de begeesterte Blécker van hiren Eltren, dem Kleeschen an eise Gemengepäpp han d'Kanner dun Nikloosligder a flott Dänz fir dën hëllge Mann opgefouert.
Am Schluss kruut dann o jidferee van eise "klenge Schippelcher", wéi d'Blanche eis Kanner genannt hat, seng verdingten Tuut.
Op dër Photo hei derniäwent gesi mër iwrigens de Kleeschen, den mat sengen Hänn engt symbolischt Nast fir engt van eise klengen, zerbreechliche Schippelcher gebaut haat.
P.s.: Photoën vam Kleeschen sengem Besuch an dër Primärschoul giän an dene nächsten Deeg na nogereecht.

16. Dezember: Bazar vam Foyer Éislécker Heem
2007-12-10Ee Sonndig Nomëttich, den 16. Dezember, hält dë Foyer Éislécker Heem säi Bazar zu Wëntger am Centre culturel aaf.
Verkooft giän bei dëser Gelegenheet Bastelarbichten van de Bewaaner vam Foyer a van dë Wëntger Schoulkanner.
Eng gemittlich Adventsstëmmung fand dër an dër Kaffisstuff.
Dën Erléis vam Bazar gët genotzt fir nei Projet´ën am Éislécker Heem ze finanzéiren.
D'Bewaaner vam Heem an d'Wëntger Schoulkanner free'ën sich lo well op äre Besuch.

Schoulintern Versammlung vam Léierpersonal
2007-11-15Eis Versammlung ass de 16.11.2007 an der Buvette iwert dem Turnsall a nët wéi gewiännt am Centre culturel.

GENERALVERSAMMLUNG van der ELTEREVEREENIGUNG am Bartheshaus zu Houffelt
2007-10-22D'Eltereverenigung invitéiert op hir 17. Generalversammlung en Donnesdig,den 8. November 2007 um 20.00 Auer zu HOUFFELT AM BARTESHAUS.
De Programm van dësem Owend gesäit esou aus :
• Begréissung durch de Präsident
• Rapport van den Aktivitéiten
• Rapport van der Keess
• Rapport van de Keesserevisoren
• Deelweis Erneierung vam Komité
• Fräi Aussproch
• Scheckiwwerreechung / Don un "Ile aux Clowns" an "Spontan ADD"
Nom Réckbléck iwwert d'Joer 2006/2007
ass een interessante Virtrag iwwert
AD(H)S ass keng erfonten Moudekrankheet!
'SPONTAN ADD' gouf van Erwassenen gegrënt, déi selwer betraff sen.
Sie wëllen dénen, déi van dëser Krankheet betraff sen hir Ennerstëtzung an Hellef ubidden.
Zieler va "Spontan ADD":
- Informéieren iwwer AD(H)S
- Anerkennung van der Krankheet AD(H)S an eiser Gesellschaft
- Méi Interesse béi den Dokteren, Psychologen an Therapeuten erreechen, fir eng secher Diagnos stellen ze kannen
- Kontakt sichen zu aneren Selfhëllefgruppen am Ausland mat dem selwechten Ziel.
Kontakt: B.P. 5 L- 8001 Strassen Infotel.: 26 25 95 95 mail: help@adhs.lu
http://www.adhs.lu/spontan/index.php
CCPL: LU50 1111 2157 4012 0000
Zum Schluss invitéiert d'Eltereverenigung Iech op e Patt an e klenge Maufel.