MR News

News aus der Crèche
2022-09-09Klickt op den Link vun der Crèche an der fannt ganz vill Neies :-)
Cliquez sur le lien de la crèche et vous découvrez plein de News :-)

De Summer an der Crèche
2022-09-09Summervakanz an der Crèche
An der Summervakanz waren puer Kanner mat 2 Erzéiherinnen aus der Crèche mam ëffentlechen Bus op Klierf gefuer. Fahrt dohin war well eng Aventure fir Kanner. Sou e groussen Bus, an dann klammen och nach aner Leit eran, déi mer nët kennen. Ganz frëndlech goufen dës emfaangen.
Ze Klierf ukomm, gounge mer dunn bei de Bäcker iessen. D ‘Kanner hunn selwer hir Mëtschen bestallt an op engem groussen Dësch hu mer dunn op ë gudden Chocky gewaart. Nodeems de Bauch gudd gefëllt war, gung et dunn Richtung Spillplaz.
De Wee dohin hu mer geléiert iwwert den Zebrasträifen ze goen an op Stroosseregelen opzepassen.
Op der Spillplaz hunn mer eis gudd ameséiert. Rutschen, klunschen, kloteren, alles gouf ausprobéiert.
No 2 Stonnen ze Klierf, gouf et dunn Zäit fir mam grousse Bus nees op Wëntger ze fueren.
Dësweideren waren Päiperleken mat der Camionnette vum Foussball op Housen an d ‘Schwämm an op Houfelt op d ‘Spillplaz. Hei goufen mer léif vum Annick an sengen Jongen emfaangen, a mer duerften souguer hir Hénger a Schof kucken goen. Merci dofir!
Merci och dem Wëntger Foussball, dat si eis hire Minibus ausléinen loossen an eis sou vill flott Ausflich erméiglechen.
De Rescht vum Summer gouf vill dobaussen gespillt. Dat waarmt Wierder huet eis erméiglecht flott Wasserspiller a vill am Sand ze spillen.
L`été à la crèche
Durant les vacances d`été, certains enfants ainsi que 2 éducatrices ont pris le bus public afin de se rendre en excursion à Clervaux. Pour les enfants, le trajet était déjà une grande aventure. Ils étaient impressionnés par le grand bus et s’étonnaient de voir entrer d’autres personnes dans le bus. Celles-ci ont été accueillies avec grand intérêt et un grand sourire.
Arrivé à Clervaux, nous prenons notre petit-déjeuner chez le boulanger. Les enfants ont pu choisir eux-mêmes leur viennoiserie qu’ils dégustent en attendant un bon chocolat chaud. Après avoir bien mangé, nous nous rendons à pied vers l`aire de jeux.
Sur le trajet les enfants apprennent à utiliser un passage clouté et à respecter les règles de circulation.
Sur l`aire de jeux, nous nous sommes bien amusés. Glisser, se balancer et grimper, nous n’avons rien laissé de côté.
Après 2 heures passées à Clervaux, nous avons à nouveau pris le bus pour rentrer à la crèche.
En outre le groupe des « Päiperleken » a pris la camionnette du club de football de Wincrange afin de se rendre à la piscine à Hosingen ainsi qu’à l`aire de jeux à Hoffelt. Ici nous avons été bien accueilli par Annick et ses deux fils, qui nous ont montré leurs poules et leurs moutons. Merci à eux !
Merci également au club de football de Wincrange qui nous donne la possibilité d`assurer différentes excursions en nous prêtant leur camionnette.
Le reste de l`été, nous avons beaucoup joué dehors. Le temps chaud nous a donné la possibilité d`organiser des jeux d`eau et de jouer beaucoup dans le sable.
» Galerie

Ofschlossfeier an der Crèche
2022-09-09Ofschlossfeier fir déi kleng Kiemelkiddies
Den 2. September haten déi “kleng” Kiemelkiddies mat hiren Elteren eng flott Ofschlossfeier op der Spillplaz. Am Sand spillen, mat de Bobbycar flitzen an rutschen hunn dunn hongereg gemaach. Eng lecker Grillwuuscht koum dunn gudd. Als Erënnerung un hier Zäit am Grupp, konnten Kanner zesummen mat hiren Elteren ën T-shirt molen. D`Erzéiherinnen haten e flotten Austausch mat den Elteren an déi grouss Kanner aus dem Grupp konnten Äddi soen, befiert se déi aner Woch an den nächsten Grupp wiesselen.
Den 26. August konnten Kanner aus dem Grupp Päiperlek mat hiren Familljen sech bei guddem Wierder an der “Helzer Klaus” Äddi soen. Flott Spiller an der Natur, ë gudden Maufel an flott Gespréicher hunn den Nomëtteg gudd gefëllt.
Mer wënschen all de Kanner an Elteren e gudden Start an der Schoul an an hirem neien Grupp.
Merci fir déi gudd Zesummenaarbecht.
Mat beschte Gréiss
D`Erzéiherinnen aus der Crèche
Le 2 septembre une fête de clôture a été organisée sur l’aire de jeux pour les “petits” Kiemelkiddies et leurs parents. Jouer dans le sable, rouler avec les bobbycar et glisser sur les toboggans ont ouvert les appétits. Les saucisses grillées étaient alors les bienvenues pour tous. Afin de garder un souvenir de leur ancien groupe les enfants pouvaient, ensemble avec leurs parents, décorer un T-shirt. Les éducatrices et les parents ont passer un agréable moment ensemble. Les enfants ont dit au revoir à leur amis et éducatrices avant de changer de groupe la semaine suivante.
Le 26 août les enfants du groupe “Paiperlèck” ainsi que leurs familles se sont rassemblés à la “Helzer Klaus” afin de se dire au revoir. Les jeux dans la nature, des snacks ainsi que de chouettes discussion ont animés tout l’après-midi.
Nous souhaitons à tous les enfants ainsi qu’à leurs parents une bonne rentrée à l’école et au sein de leur nouveau groupe.
Merci pour la bonne collaboration
Salutations
Les éducatrices de la crèche
» Galerie

Summervakanz "Um Kiemel"
2022-07-28Sait dem 15 Juli ass Vakanz, an och bei eis an der Maison Relais hunn mir gudd an d'Vakanz gestart, mat eisem neien Projet "Kiddiesummer", deen gréisstendeels op eisem Site stattfannen soll. D'Kanner kréien Dag vir Dag ee grousse Choix vun Aktivitéiten op eisem Site ugebueden, sie kennen dann selwer auswielen, op waat sie an deem Moment Loscht hunn. Vum Holzatelier, Natur & Chill, der Ludothéik, Kichenatlier, Kreativatelier, Bewegungsatelier bis Gesellschaftsspiller, alles ass mat dobai. Natierlech bléift niewent all Aktivitéit och daat klassescht Fraispill op. Bis lo hunn mir schon vill flott Deeg zesummen hei um Site verbuecht an virun allem waren d'Kanner mam neie System zefridden an hunn sech sou lues och drun gewinnt (sou wéi d'Personal och :) . Iwwerzeegt Iech selwer vun eisem "Kiddiesummer" an kuckt d'Fotoen hei :
Summerfest an dër Schoul um Kiemel
2022-07-09Bei excellentem Wiädder haat d'Eltrevereenigung an Zesaammenarbicht mat dër Maison Relais an dër Schoul um Kiemel den 7. Juli op hirt traditionellt Summerfest invitéiërt, nodems daat coronabedingt jo déi lest Jooren haat mussen ausgesatt giän.
Zesaamen mat hirem Léiërpersonal haaten d'Kanner aus dë Cyclen 1 bis 3 flott Dänz a Ligder astudéiërt, déi sie als Start vam Summerfest am Amphitheater viraan dër Schwämm opgefouërt han. D'Kanner haaten hire Spaass bei dësen Opféirungen, obschons déi eng oder anner zimlich opgeregt wooren fir viraa sou engem grousse Publikum opzetrëdden.
Mee noom Optrëtt wooren së all déck zefridden, well während dën Optrëtter an o dono han d'Léckt sie aagefeiërt an han hinnen applaudéiërt fir hir liäwig Presentatioun.
No dësem musikalischen Optakt gung ët viraan mat engem Concert van dër Jugendmusik van dër Wëntger Musik, är dunn daat eigentlicht Summerfest mat Spill a Spaass fir Grouss a Kleng lancéiërt gouf.
Vill Léckt haaten sich um Site afond an ha van dën Angeboter sur Place profitéiërt. Niäwent Sprangschlass, Kleeterwand, Tracteursparcours, Bällebad, Glécksrad, Intefëschen, an, an, an, haaten d'Organisateure natiirlich o fir daat leiwligt Wool gesüarrigt. Wen ët léiwer deftig haat, konnt sich beim Grill mat Thüringer, Käsebeißer, Burger, Vegiburger, Fritten... verwiänne lossen. Déi Glëstrig haaten Obst, Waaflen, Popcorn, ... am Angebot.
A wen selwer wollt bëssen hannert dëm Feiër sëtzen koum um "Stockbrotstand" op seng Kästen.
Géint 11 Auër goufen d'Dëscher an d'Bänken sou luäs beieneegeklappt, waat ewer nët verhënnert hat, dat sich lo na vill Gäst rondrëm den attraktive Comptoir versammelt han, fir do na déi eng oder anner Stënnchen am Stoën ze verbrengen.
Alles an allem woor ët engt gelongent Fest fir all Bedeeligt a mër hoffen, dat dë Cru 2023 dann genau sou gudd wärt giän.
Wen sich ee klengen Iwerbléck iwert d'Fest wëll verschaffen, kann déi folgend Galerie opmaën. Um Link hei drënner krët dër dann o d'Athmosphäre van dën Dänz mat. Vill Spaass beim Raluussen!
P.s.: Well ët zimlich vill Photoën ze kucke gët, brauch d'Galerie ee Moment fir ze laaden!
An der Galerie fann dër o d'Photoën, déi mam KLICKOMAT gemaat goufen.