Mëttwoch, 18. Juni 2025

Neies vun der Elterevereenegung




Wantermaart "Um Kiemel" de 16. Dezember

2016-12-13

WANTERMAART an der Schoul "Um Kiemel" zu Wëntger

Fregdes, den 16. Dezember ab 16:10

Um Programm:

Krëppespill, ee klengen Chrëstmaart, Atelier'en

Fir Eessen an Dranken ass gesuärrigt!

Dee ganzen Erléis vam Owend geet un Télévie

Dë Wantermaart gët organiséiert vam Léierpersonal an der Eltereverenigung

Am Anhang fand Dër dë Flyer vam Wantermaart, sowéi een Iwerbléck iwert d'Atelier'en déi fir d'Kanner aagebuädde giän.





Parkingregelen bei dër Schoul / Règles de stationnement près de 'lécole

2016-12-01

Am Anhang fand Der d'Parkregelen betreffend dë Parking bei dër Schoul.
Merci dat Dër Eech draan halt am Intresse van Ärem an allen annere Kanner, déi hei zirkuléiren.

Ci-joint vous pouvez consulter les règles de stationnement concernant le parking près de l'école.
Merci de les respecter dans l'intérêt de votre enfant et de tous les autres enfants qui y circulent.



De Kleeschen kënnt den 2. Dezember an d'Schoul

2016-11-22

O dëst Joor beséicht de Kleeschen d'Kanner an dër Schoul um Kiemel.
Fregdes moiës den 2. Dezember beséicht ën d'Kanner aus dën Cyclen 2-4 an hire jeweilige Klassesäll.

Nomëttes ab 14.30 Auër ass hen dann op Besuch bei de Kanner vam Cycle 1, déi am Turnsall verschidden Optrëtter fir hee virbereet han.

Noom Besuch vam Kleeschen mëcht d'Eltreveenigung eng Kaffisstuff op an där dër all härzlich wëllkomm sët.
Dën Erléis van där Kaffisstuff geet integral aan "Télévie"!!!

Merci am Viraus also fir Är Präsenz an Är Ënnerstëtzung!



Generalversammlung van der Eltrevereenigung

2016-10-20

Ee Fregdig, den 21.10.2016 gouf déi alljährlich Generalversammlung van dër Eltrevereenigung ab 20.00 am Centre culturel zu Wëntger aafgehaalen.

Niäwent dëm Aktivitéits- an dëm Keesebericht stungen na d'deelweis Erneiërung vam Comité um Programm, är d'Eltrevereenigung zum Aafschloss van der Versammlung op ee Patt agelaaden haat.

Dën détailléiërte Bericht fand Dër am Folgenden PDF:



Halloweenparty van dër Eltrevereenigung den 30.10.2016

2016-10-20

Den 30. Oktober 2016 lied d'Eltrevereenigung Eech all op hir Halloweenparty an, déi van 14.00 bis 18.00 Auër am Centre culturel zu Wëntger aafgehaalen gët.

Fir gudd Stëmmung, Eessen an Dranken ass gesuärrigt.



Summerfest: Eng Zäitrees durch d'Musikgeschicht

2016-07-09

Als kréinenden Aafschloss vam dësjährige Musikprojet, zu dem dër op dëser Säit Infoën ënner folgendem Link fand Konst a Kultur, stungen d'Optrëtter van de Kanner um Summerfest
dëst Joor ënnert dëm Motto: "Eng Zätrees durch d'Musikgeschicht".
Wéi dës Optrëtter ausgesin han a wéi begeestert d'Zuschauër d'Optrëtter op dër Bühn begleed han kann dër eech an dëser Galerie aakucken.
Dëm Jugendorchester van dër Wëntger Musik na ee décke Merci fir déi musikalisch Iwergäng, déi sie van enger Zäitepoch zur annerer gespillt han.
Allen Eltren an dër Eltrevereenigung dann o een décke Merci fir hir Präsenz an hir aktiv Mataarbicht um dësjährige Schoulfest, daat bei de Kanner an dën Erwassene bestëmmt wärt a gudder Erënnerung bleiwen.



Summerfest, den 8.7. 2016

2016-07-08

Mat super flotten Ateliers fir eis kleng a grouss Kanner, organiséiert vam Schoulfestgrupp an animéiërt va villen internen an externen  Léckt, gouf sich um Moiën vam 8. Juli op d'Summerfest 2016 agestëmmt.

Ischt Andréck vam Moiën fand dër an dër folgender Galerie:



Summerfest 2016

2016-06-23

D'Summerfest 2016 réckelt all Daag méi no!
Hei am Anhang fannen d'Eltren wichtig Infoën fir deen Daag!

La fête scolaire approche!
En annexe les parents d'élèves trouvent des informations importantes.



Coupe scolaire 2016

2016-05-29

Bei guddem Wiädder han sich d'Kanner aus dëm Cycle 4.1. ee Samsdig, den 28.05. 2016 zu Aasselburren am Weyer Gaart getraff fir sich van hei aus an d'Coupe scolaire ze lancéiren.

Méi Infoën an d'Photoë vam Daag fand dër an dem folgende WIKI-Projet:Coupe scolaire 2016

Hei drënner an dër Galerie gët ët alt well ee klengen Appetizer waat eech erwart.

Vill Spaass beim Raluussen!



Eltrenowend an der Maison Relais zum Thema: „Regelen, Grenzen a Konsequenzen an der Erzéiung“

2016-05-12

Wir haben in Zusammenarbeit mit der « Eltereschoul Janusz Korszak“ einen weiteren Elterenowend organisiert.

Thema: „Regelen, Grenzen a Konsequenzen an der Erzéiung“ (Kanner 0-8 Joër)

Datum: 07/06/2016 (20h)

 

Weitere Infos im Anhang!

 

Schéi Gréiss vun den Kiemelkiddies



Eischt Viregt Nächst Lescht

Eltereverenigung


Eltereverenigung Wëntger Schoul «Um Kiemel» a.s.b.l.
Association des parents d ́élèves de l ́école fondamentale de Wincrange «Um Kiemel» a.s.b.l. affilée à la FAPEL

Adresse: Maison 85 | L-9780 WINCRANGE
www.wincrange.lu Projet: Eltereverenigung

CCRA: LU55 0090 0000 0059 3525
Cotisation annuelle / Mitgliedsbeitrag: 7 €

Projeten