Donneschdeg, 19. Juni 2025

Cycle 4


Soirée luxembourgeoise 2019

2019-06-30

Den 28. Juni haaten d'Kanner aus dëm Cycle 4.2 hir Eltren, Geschwëster, Grousseltren a Frënn an dë Centre culturel op Wëntger agelaaden, fir do mat hinnen eng "Soirée luxembourgeoise" ze feiren.

Ziel van dëser Soirée ass ët mat dë gesammelte Suën een zweedeegigen Ausflug vam Cycle 4.2 als Aafschloss van hirer Wëntger Schoulcarrière eegestännig ze finanzéiren, souzesoën op Basis van enger "Mini-Entreprise".

Dëse Plang misst dëst Joor alt rëm eng Kéiër opgang sën, vu, dat +/- 170 Léckt dër Invitatioun van de Kanner gefolligt wooren.

Ab 18.00 han d'Kanner am Préau vam Centre culturel dën Invitee'ën hir Aarbichten zur Staat Lëtzebuerg mat vill Enthousiasmus virgestalt, är dunn um 19.00 Diiren vam Centre culturel opgungen. Hei kruuten d'Gäst niäwt engem deftigen lëtzebuerger Menu, deen d'Kanner an deene lesten Deeg mat bëssen Hëllëf vam Ralf aus dër Maison Relais mat hirem Léierpersonal kredenzt haaten, o na sou munnichen musikalischen an dänzerische Leckerbissen zervéiërt.

An dër lester Paus hat d'Eltrevereenigung van dër Geleegenheet profitéiërt fir de Kanner ee klenge Cadeau als Aafschloss van hirer Schoulcarrière zu Wëntger ze iwerreechen. Am selwischten Otemzug hat de Bové Serge de Kanner am Naam van dër Eltrevereenigung dann o all Guddes fir hir wegder schoulisch Carrière gewënscht, är d'Kanner dën Owend du mam Ligd "Kachkéis, Bouneschlupp,..." aafgeschloss han.

Domat haat ee schéinen Owend sengt Enn fond a jidfereen ass sëcherlich zefridden a gudd migd an d'Bett gefall.

An dër folgender Galerie krëtt dër dann ee flotten, bewegten Androck van dësem gelongene "lëtzebuerger Owend".



Schivakanz am Ahrntal

2018-12-15

Eis Schivakanz 2018


Vam 15. Dezember bis zum 22. Dezember mëcht eise ganze Cycle 4.1. am Ahrntal, um südliche Fouss van dën Zillertaler Alpen, eng Schivakanz.

A Begleedung vam Léierpersonal an enger Reih Schimoniteuren wëllen d'Kanner aus dëm Cycle 4.1. an dëser Vakanz d'Biärgwelt am Ahrntal op 2 Breeder erkunden.

Wee well bësse wëll raschnupperen wou d'Kanner am Ahrntal aquartéiërt giän a wéi d'Gegend hei ausgesäit, dee kann d' Linken hei drënner opmaën!

Wéi dër, léiw Eltren, bestëmmt well matkriit hat, ass d'Equipe gudd am Ahrntal geland an déi ischt Photoën së lo o well op dëser Säit online:
 Schivakanz Ahrntal 2018

Vill Spaass beim Raluussen!




Coupe scolaire 2018

2018-06-13

Bei guddem Wiädder han sich d'Kanner aus dëm Cycle 4.1. ee Samsdig, den 10.06.2018 zu Aasselburren am Weyer Gaart getraff fir sich van hei aus an d'Coupe scolaire ze lancéiren.
No dër theoretischer Virbereedung an dër Schoul an enger praktischer Aféirung am Verkéiërsgaart zu Housen, déi an Zesaamenaarbicht mat dër Police gemmat gouf, hat een de Kanner op dësem "Examensdaag" trotzdem  eng gewëss Nervositéit aagemiärkt. Hockt mussten sie nämlich ouni d'Begleedung van engem Erwaassenen am normale Stroosseverkéiër beweisen, dat sie daat Geléiërt  an enger reeller Situatioun ëmsetze konnten.

Är d'Kanner sich ewer op hirt Raad konnte setzen han d'Policebeamten van dër Elwenter Brigade gekuckt op d'Reeder de Sëcherheetsnormen entspreechend richtig équipéiërt wooren. An d'Pompiers va Wëntger sou wéi d'Ambulanciers van Elwen han derviir gesuärrigt, dat déi jung Cyclisten sich a Sëcherheet konnte spiiren.

Um 9.30 Auër woor dunn alles prett an d'Kanner han sich op de Saadel geschwong fir eng "Testronn" um gudd gekennzeechente Parcours ze dréinen. Den 2. Tour gouf ët dunn eescht an ët diärft een sich lo kee Fehler méi am Stroosseverkéiër erlaben, well op de Kontrollposten gouf d'Fahrverhaalen van de Kanner bewert.

Géint 10.30 Auër woor d'Prüfungsituatioun du riwer an d'Kanner goufen no där Aastrengung fir d'ischt Mool mat engem Gedrénks an enger Mëtsch van de Vertreter van dër Eltrevereenigung fir hiren Asatz op dësem Samsdigmoiën belount.

An dono han sie sich na bëssen op dër Spillplatz ausgetobt, är all Kand zum Aafschloss säi "Radführerschäin" an engt Paar Radhänschen vam Bové Serge am Naam van dër Eltrevereenigung  iwerreecht kruut.

Als ischt haaten sich klasséiert:
1. Platz: Bertemes Daniel
2. Platz: Trausch Yves
3. Platz: Neser Jules

 

Dë 1. Schäffen Meyers Lucien hat aafschléissend alle Kanner félicitéiërt, dat sie alt rëm eppes Neiës an hirem Liäwen dobäi geléiërt hätten an hat hinnen vill Spaass a Gléck op d'Rees gewënscht, fir de Fall, dat sie lo aktiv aam Strooseverkéiër wëllten Deel huällen.
Dër Eltrevereenigung, dën Eltren, dëm Léiërpersonal, dër Police, dë Pompiers an dën Ambulanciers soot heen ebenfalls Merci fir hiren Asatz am Dingst van de Kanner, är du jidfereen säin Drootiäsel op oder am Auto verstaut hat, fir dann op de Mëtteskast lass ze fahren.

Mër free'ën äis well op d'Oplaag 2019 van dër Coupe scolaire.

 An dër Galerie kann dër dë Führerschäinsanwärter na bëssen nokucken bei hirem Examen:





"Lernen vor Ort" am Beispiel des Klosters Fünfbrunnen

2018-04-23

Am Kader vam "Klenge Maarnicher Festival" han d'Organisateuren säit paar Joor zu Fünfbrunnen d'Initiativ "Lernen vor Ort" lancéiërt.

An dësem Kontext së letzten Dasdig, den 17. Abrëll 2018 déi zwou Klassen aus dem Cycle 4.2 aus dër Schoul um Kiemel Wëntger eng Visite op den Site zu Fünfbrunnen maachen gangen. Do ukommen goufen sie vun der Madame Germaine Goetzinger, dem Här Henri Juda mat senger Madame an dem Här Marc Schoentgen empfongen. D'Kanner goufen an 2 Gruppen opgedeelt an hun 2 verschidden Atelier’en gemaach:

  • am Klouster hot den Här Juda eis d’Geschicht vun senger Famill während dem 2. Weltkrich erzielt an eis nach Informatiounen zu den Juden hirer Situation erklärt.
  • baussen beim Denkmal vom „Jüdischen Altersheim Fünfbrunnen“, hun mer gezielt kriit wat zu Fünfbrunnen geschidd ass, wei d’Juden vun do aus deportéiert gin sen an d’Kanner kunnten den Juden do mat engem Geste gedenken.

 

Nodeems sie rëm an der Schoul waren hot een gemierkt, dat des Visite bei den Kanner een festen Androck hannerlooss hot an sie getraff an schockéiert hot, mee dat sie och ganz interesséiert um Thema waren. Et gouf nach eemol zesummen iwert Thema geschwaat an an dër GALERIE fannt dir poor Gedanken vun den Kanner a Form vun engem Fotocollage, sou wéi Fotoën, déi gelegentlich van der Visite gemaat goufen.

Méi Infoën zum Hannergrond vam Projet aan sëch fand Dër o na am PDF-Dokument hei drënner.

 





D'Gemengewahlen am Cycle 4.2.C

2017-11-23

Am Kader vun der Initiativ "Gemengewahlen zu Lëtzebuerg" vun dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) hunn d'Kanner vun der Klass 4.2.C an dem Fach Vie et société verschidden Aktivitéiten zu den Gemengewahlen gemaach.
Sou hunn si verschidden Saachen an der Klass gesinn a gemaach:

  • Wat Wahlen sënn, ween wielen goen duerf a wat am Wahlbüro passéiert.
  • Fir ze wëssen wéi iwwerhaapt gewielt gëtt, hunn si hiren eegenen "Rat der Helden" gewielt.
  • Plakater vun all Partei goufen erstallt a virgestalt.
  • D'Roll vun der Gemeng, dem Gemengerot an dem Buergermeester goufen erkläert. 
  • D'Kannerrechter goufen mateneen ënnersicht
  • All Grupp hot sech een Recht erausgesicht an op Plakater hir eegen Iddien festgehaal wéi dat spezifescht Recht an der Gemeng verstäerkt kéint ginn.

Doropshën, hunn d'Kanner bëssen opgereegt mee mat vill Stolz hir Iddien zur Verbesserung vun der Gemeng dem Buergermeester virgestallt wéi dësen op Besuch an d'Klass kommen as. No enger entspannter Diskussiounsronn mam "Chef" vun eiser Gemeng, konnten d'Kanner all hir Froen stellen. 

Den Projet as mat engem Artikel ofgeschloss ginn, deen Kanner an hirer Grupp geschriwwen hunn.

Wéi d'Kanner am Cycle 2 d'Thema "Wahlen" behandelt han kann dër am Webbook hei drënner gesin.






Eischt Viregt Nächst Lescht