Dënschdeg, 17. Juni 2025

News


Traurig Nooriicht vam Doud vam Vasco

2013-12-10

Lo graad kruute mër déi traurig Nooriicht, dat de Vasco leider dën Owend um 7.00 Auër aa senger Krankheet gestuärwen ass.
Dëm Vasco senger Famill drécke mër van dëser Platz aus eist oprichtigt Bäileed aus a wënschen hir vill Courage fir d'Zukunft.



Hëllef fir de Vasco

2013-12-08

De Vasco, ee klenge portugiesische Jung, den eise Cycle 1 beséicht, leid well säit längerer Zäit aan enger Tumeur, déi nëmmen schwéiër ze traitéiren ass.

All Traitementer han nët déi gewënschte Resultater braacht, mam Resultat, dat de Vasco lo een Traitement an Däitschland wärt matmaën, den ewer nët iwer eis Krankekees finanzéiërt gët.

An enger 1. Phase kast dën Traitement 15.000 €, déi d'Eltren beim Aafank van dër Behandlung mussen op dën Dësch lee'ën.

Vu, dat ët sich hei ëm eng grouss Zomm handelt hat d'Communauté portugaise ee Spendenoprouf lancéiërt fir dëm Vasco seng Famill finanziell zë ënnerstëtzen.

Déteiler fand dër am PDF ënnendrënner.
De Kontosnummer op dem dër o een Geste fir de Vasco a seng Famill kannt maën ass dee folgenden: IBAN BCEE LU68 0019 4255 3337 4000.

Merci fir Är finanziell a moralisch Ënnertsëtzung!



Bazar vam Foyer Eislécker Heem den 15. Dezember 2013

2013-12-08

De 15. Dezember hält de "Foyer Eislécker Heem" säin tarditionelle Bazar am Centre cultutrel bei dër Wëntger Schoul aaf.
Hei giän Bastelarbichten van dë Behënnerten a van de Kanner aus dër Wëntger Schoul verkooft. Verschidde Bastelaarbichten sën sougaar va Behënnerten a Kanner aus dër Wëntger Schoul mateneen zu Lëlljen am Foyer entstann. Op 3 Nomëtticher haaten nämlich 3 Schoulklassen aus dër Wëntger Schoul d'Geleegenheet d'Bewaaner vam Foyer an de Foyer selwer besser kennen ze léiren.

Mër hoffen, dër fand de 15. Dezember de Wee op Wëntger fir de Foyer finanziell a moralisch bei hire Projet'ën zë ënnerstëtzen.

Bei enger gemittlicher Adventsstëmmung trëtt iwrigens am Loof vam Nomëttich de Percussiounsgrupp "Tosa" aus dëm Foyer op. Losst Eech daat nët entgoën.

Mër free'ën äis op äre Besuch!

Am PDF na dën Dépliant vam Bazar.

A wen intresséiërt ass bësse méi iwert de Besuch van eise Schoulkanner zu Lëlljen gewaar ze giän, dee kann d'Photosgallerie hei drënner opmaën!




Skivakanz vam Cycle 4.1.

2013-11-18

Dëst Joor faaren eis Klassen aus dëm Cycle 4.1. an d'Skivakanz, an dëst vam 14. Dezember bis zum 20. Dezember.

D'Destinatioun ass wéi am Virjoor rëm St. Johann am Ahrntal.

We méi iwert dën Hôtel an d'Schigebidd wëll wossen, de kann op déi folgend 2 Linken kucke goën.

Eise Kanner an hirem Léierpersonal wënsche mër van dëser Platz aus well eng schéin an erholsam Vakanz. Wen méi van dë Kanner aus dër Vakanz wëll gewaar giän, de kann während dem aagekënnigten Zäitraum bëssen am Internettagebuch liäsen, daat d'Kanner während hirëm Openthalt op eiser Homepage veröffentliche wärten.

Wen direkt op eist Internettagebuch wëllt luusse goën waat sich an eiser Vakanz sou deet, dee kann ab dem 15. Dezember de Link "Internettagebuch aus dër Skivakanz 2013" opmaën, den dër hei drënner fand, oder dër gitt op de WIKI "Ausflüge" a wiällt dann do deen entsprechenden Ausflug aus.

Mër free'ën äis op äre Besuch!




D'Eltrevereenigung invitéiërt op hire Spillsaachenokkasiounsmaart ee Sonndig, de 27.10. 2013

2013-10-22

Ee Sonndig, den 27. 10. 2013 organiséiërt d'Ev ee Spillsaachenokkasionsmaart zu Wëntger am Centre culturel, wou d´Kanner aus der Wёntger Schoul (Cycle 3+4), hir Spillsaachen, déi sie net méi wellen, kanne verkoofen.
Daat Ganzt geet van 14.00 bis 18.00 iwert d'Bühn.
D‘Elteren kёnnen d'EV ёnnerstёtzen, andems se eent Gebäck fir Sonndesmëttes matbrengen

Een Deel vum Erléis van der Kaffisstuff as fir e gudden Zweck!

De Kanner vill Spaass beim Verkoof van hiren Artiklen!






Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot