Dënschdeg, 17. Juni 2025

News


Den Cycle 3 préparéiert gesond Moiesiessen

2014-03-05

Den Cycle 3 préparéiert gesond Moiesiessen

Am Kader vum Eveil aux Sciences – Cours hun all d’Klassen vum Cycle 3 séch eppes zum Thema « Gesond Moiesiessen » afaalen geloss. Mat der Hellef vun jidderengem hun d’Kanner aus einfachen Rezepter puer ganz lecker Saachen gezaubert. Déi verschidden Rezepter kann een liicht an séier nomaachen, sin gesond an schmaachen zoudem och nach extra gudd !

Déi verschidden Klassen stellen am folgenden PDF hier verschidden Rezepter fiir, déi dir doheem gäer nomaachen an ausprobéieren kënnt !





Dani Gales op Besuch mat sengem Bouch "Kolja a Galina"

2014-03-04

Viraa kurzem haat d'Dani Gales eise Cycle 2 beséicht fir de Kanner aus dësem Graad sengt Bouch "Kolja a Galina" op eng ganz liäwig an interaktiv Art a Weis virzestellen.

Dat d'Kanner Spaass bei dëser Virstellung haaten beweisen déi folgend Photoën. An dat d'Bouch Kolja a Galina de Kanner gudd gefallen hat beweist d'Taatsaach, dat d'Béicher, déi eis Bibliothekarin Sandra äis op dësem Noomëttich fir d'Schoul kooft hat, mëttlerweil ëmmer all op dër Léin sën.

Enner dëm Link ënnendrënner kann dër dann o kucken a lauschtren, waat Kanner aus dëm Cycle 2 an hirëm Webbouch aus dëm Dani Gales senger Geschicht gemaat han.



Theateropféirungen viraan dër Chrëstvakanz

2013-12-30

Kuurz viraan dër Chrëstvakanz hat d'Klass 3.1.C eng liicht verännert Versioun vam Klassiker "Le petit lion" aus dëm Franséische Bouch opgefouert.
Photoën dozou fand Dër am Link hei drënner.

Am Kader van dër Kannermass hat d'Sandy Schmit dëst Joor mat dë Kanner d'Krëppespill "D'Krëppchen erzielt" astudéiërt.

Photoën aus dër Generalprouw an dër Schoul an aus dër Kannermass fand Dër o hei drënner.

Demnächst wärt Dër o na d'Texter zu deenen zwee Evenementer ënnert eisem WIKI "Theater" fannen.

Lo mool vill Spaass mat dë Photoën an Eech all wënsche mër ee gudde Rutsch an daat neit Joor 2014, an dem sich hoffentlich all Är Wënsch ërfëllen.



Heemrees aus dëm Wantersport

2013-12-19

Mër sën na voll am Schiféiwer, an dach musse mër äis sou luäs van dë Biärger an dëm Schnéi verabschieden.

Mër ha geplangt muärre moiën, den 20.12. 2013 um 8.00 Auër hei am Ahrntal fort ze fahren.

D'Heemrees geet rëm iwer Wittlich, wou mër dë Grupp Jugendlicher aus dëm Bus lossen.

D'Fahrt wärt also rëm +/- 13 Stonnen dauren.

Ënnerwee haale mër Eech, léiw Eltren, déi dër do op Quälle sëtzt, um Loofenden wou mër graat am Verkéiër draa sën, an dëst par SMS. Leet är Handyën also nët ze wäit aus dë Féiss! :)






Themenportfolio-Owend vam Cycle 4.1.

2013-12-11

Van 18.00 Auër bis 20.30 Auër haaten d'Kanner aus dëm Cycle 4.1. op een Themenportfolio-Owend zum Thema "Biärger" invitéiërt.

Eltren, Grousseltren a Frënn han sich am Hall vam Centre culturel afond, wou d'Kanner hir Portfolioën ausgestalt a presentéiërt han, déi sie an deene lest Wochen mat hirëm Léierpersonal zesaamegestalt haaten.

An hire Portfolioën han d'Kanner ënner Beweis gestalt, dat sie sich intensiv mam Thema Biärger ausernee gesatt haaten, an dat sie sich lo gudd virbereed an déi verdingte Skivakanz op de Wee kanne maën.

An dër Photosgallerie heidrënner krët dër ee klengen Abléck an daat waat sich dën Owend zu Wëntger zougedroo hat.

Ee Samsdig um 7.00 Auër moiës ass ët da sou wäit an eise Cycle 4.1. brëcht op an d'Skivakanz am Ahrntal a Südtirol.

Wen o hei am Bild wëllt bleiwen waat d'Kanner do erliäwen, dee kann dëst an hirëm Internettagebuch noliäsen, daat deeglich à jour soll gesatt giän.
Een direkte Link op dë Wiki an dem d'Internettagebuch publizéiërt gët fand dër hei:





Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot