News

Mër trauren ëm de CAMILLE AREND, Schoulmeester, Aarbichtskolleg a Frënd
2014-07-29De 24. Juli 2014 ha mër déi traurig Nooriicht kriit, dat dë Camille Arend, aktiven Comitésmëmber an engagéiërte Schoulmeester aus dër Schoul um Kiemel, bei engem tragischen Fliegeraccident um Wee va Ouagadougou op Algers zesammen mat 117 annere Passagéier ëm d'Liäwe koum. Ënnert dën Affer vam Fliegeraccident woor niäwent dëm Camille na d'Noémie Siebenaller va Beesléck, dat o fir de "Soleil dans la main" aktiv woor.
De Camille woor a senger Fonktioun als Präsident vam "Soleil dans la main" am Burkina Faso ënnerwee, fir hei zesaame mat senge Kollegen aus dër ONG Projets'ën ze suivéiren, déi hir Organisatioun an deene vergangene Jooren initiéiert haat. Um Wee fir heem ass säi Flieger iwert dëm Mali raafgefall an ët sollt keen van dën Insassen d'Ongléck iwerliäwen.
De Camille wärt äis all feelen a senger Fonktioun als Schoulmeester, als Mataarbichter an nët zulest als gudde Frënd. Mër han hee kannt als engagéiërte Schoulmeester a Comitésmëmber, deen ëmmer gudd Iddiën haat fir eis Schoul no viir ze brengen. Durch seng Frounatur, seng Spontanéitéit a säin Intresse aa senge Matmënschen hat heen ëmmer Liäwen a sengt Ëmfeld braacht an hat sou munniche Steen fir d'Entwécklung van eiser Schoul aan d'Rulle braacht.
Dëm Anne, senger Frau, a senger ganzer Famill drécke mër eist oprichtigt Bäileed aus a mër wënschen hinnen déi néidig Kraaft, déi sie na brauche wärten, fir déi kommend schwéiër Zäiten ouni de Camille aan hirer Säit duurchzestoën.
Fir dëm Camille ze gedenken woor gelegentlich vam "24 Stonne Velo Wëntger" eng Marche de la solidarité organiséiërt giän, aan där ganz vill van dë Camille senge Frënn a Bekannten Deel geholt han.
Am folgende Link fand dër déi passend Photoën zu dëser Marche, déi äis frëndlicherweis vam Ben Pfeiffer zur Verfügung gestalt goufen.
Summerfest 2014
2014-07-29Eist Schoulfest, daat dëst Joor fir d'ischt Kéiër ënnert dëm Naam "Summerfest" geloof ass, an daat an Zesaamenaarbicht tëscht Maison Relais, Eltrevereenigung a Schoul, aafgehaale gouf, sollt trotz durchwaassenëm Wiädder dach gudd beséicht sën.
Moiës hat een aafwiässlungsräiche Rallye all Intresséiërt van Wëntger iwer Béigen rëm zréck op Wëntger bei d'Schoul gefouërt.
Hei han d'Kanner dunn op verschiddenen iwerdeckten Platzen flott Spiller erwaart, während déi Grouss sich bei Gedrénks- an Eessstänn Rendez-Vous giän han.
Noomëttes han Kanner aus ënnerschiddliche Cyclen Opféirungen am Centre culturel gemaat, är d'Eltrevereenigung dë Kanner aus dëm Cycle 4.2. mat engem klenge Cadeau Äddi aus dër Wëntger Schoul gesoot hat.
Aafschléissend woor dann den traditionelle Foussballmatch tëscht Léiërersonal an dë Kanner, déi eis Schoul dëst Joor verlossen.

StopMotion Video (Updated)
2014-07-17Wen ee Filmchen a Stop-motion-Technik wëllt gesin, den an dër Classe d'intégration entstann ass, dee kann op de Link hei ënnen drënner klicken, a scho leeft de Filmchen aan!
Updated: Elo mat engem zweete Video!

Dës Kanner verlossen dëst Joor eis Schoul
2014-07-15Zum Aafschloss vam Schouljoër 2013-2014 liwre mër Eech hei na d'Photoën van dë Kanner, déi dëst Joor eis Schoul um Kiemel verlossen.
Mër wënschen hinnen vill Gléck op "d'Rees" an hir nei Schoul.

Storyboard Feuerwehr van dëm Team 2.B
2014-06-05We méi iwert d'Pomjee'ë wëllt wossen, de kann d'Storyboard vam Team 2.B hei opmaën a ralauschtren waat d'Kanner ze erziälle wossen no hirem Besuch bei dë Wëntger Pompjee'ën. Fir dën toun ze héiren brauch dër nëmmen op de Micro ze klicken, den sich am Bild befënd! A schon héiërt dër vill Neiës iwert d'Pompjee'ën.
Vill Spaass