News

Ee neië Schoulhaff fir d'Spillschoul
2014-06-04Säit dem leste Joor läit de Plang fir dee neië Schoulhaff van dër Spillschoul fir. Ee Samsdig, den 31. Mee woor ët du sou wäit. De Responsablen vam Projet, dën Helmut Hahn van dër Holunderschule, hat seng fräiwëllig Mataarbichter agewisen, an dunn gung ët lass um Chantier bei dër Spillschoul. Grouss a Kleng ha mat Hand aagelaacht fir d'Pläng, déi dër eech an de folgende PDF kannt aakucken, an d'Doot ëmzesetzen.
Mëttlerweil steet well ee gudden Deel van dën Elementer, déi um Plang agezeechent sën, an ee Samsdig, den 7.Juni soll daat Ganzt da finanliséiërt giän.
Photoën van dën Handwiärker an dër Spillplatz gët ët demnächst op dëser Säit ze kucken.
Bis soss also hei um Rendez-vous!



» Galerie
Schoulsportdaag 2014
2014-06-02Infoën zum dësjährige Schoulsportdaag fand Dër um Link hei drënner.
An deene kommenden Deeg gët dës Säit dann o na mat passende Photoën zu den Aktivitéiten van deenen eenzelnen Cyclen aktualiséiërt!
Kuckt also bei Gelegenheet rëm eng Kéiër ran.

Mülltrennung an dër Wëntger Schoul
2014-06-02Säit langem gët de Müll well an eiser Schoul getrennt. Eise Müllgrupp hat sich a lester Zäit ewer mat engem Responsablen van dëm SIDEC, mat Vertreter van dër Gemeng an mat dër Maison Relais zesaamegesatt fir engt eenheetlicht Mülltrennungskonzept auszeschaffen, dat ab lo wärt an d'Doot ëmgesatt giän.
Méi zu Mülltrennungskonzept an eiser Schoul fand Dër an dem folgenden PDF!
Coupe scolaire 2014
2014-06-01Ennert der Leedung van der Eltrevereenigung, an an Zeassaamenaarbicht mam Léiërpersonal aus dëm Cycle 4, woor dëst Joor d'Coupe scolaire fir d'ischte Kéiër zu Aasselburren ausgedroo giän. Um 9.00 Auër han d'Kanner sich mat hiren Eltren am Weyergaart afond, wou d'Police dunn d'Reeder van de Kanner op eventuell Mängel hë kontrolléiërt hat.
Noom d'Ckeckup han d'Kanner sich dun op de Saadel van hire Reeder geschwong fir du gläich fest mussen an d'Pedallen ze trëdden, well op där ischter Etapp gung ët d'Burregaas rop.
Op dër Kräizung, wou an d'Elwenter Strooss musst aafgebéit giän, gouf gekuckt, op d'Kanner d'Stoppregel richtig ëmgesatt han. Lo gung ët 500 m Richtung Elwen, är rëm an ee Niäwewee musst no rechts aafgebéit giän.
Am aale Schoulhaff zu Aasselburren woor ee klenge Geschécklichkeetsparcours opgebaut giän, wou d'Kanner gemitlich a konzentréiërt verschidden Hindernisser mussten iwerwannen.
Van hei aus gung ët du rëm Richtung Weyergaart, wou d'Eltrevereenigung d'Kanner mat engem Gedrénks an enger Mëtsch an Empfong geholt han.
Bei schéinen Wiädder han d'Kanner lo am Weyergaart gespillt, während hirt Léierperseonal d'Bewertungsbéi ausgewärt hat.
All Kanner haaten hire Radführerschäin gepackt, waat dëm Bové Serge als Vertreter van dër Eltrevereenigung an dëm Buergermeester Marcel Thommes besonnisch Freed gemaat hat, wéi sie an hirer Riädd betount han. Merci sooten sie doniäwt dë Pompiers, dër Protection civile, dër Police, dën Eltren an dëm Léierpersonal fir hiren Asatz op dësem Samsdig moiën an han allen na ee schéine Weekend gewënscht.
Als Belounung fir hir gudd Leestung kruuten d'Kanner van dër Eltrevereenigung engt Paar Radhänschen iwerreecht, är sie sich rëm mat hiren Eltren op dën Heemwee gemaat han.
Dën 1. Präis vam Daag gung aan Aileen Spaus, den 2. Präis kruut Léini Dichter an den 3. Präis woor fiir Noémie Servais bestëmmt.
A well de Site zu Asselburren alle Bedeeligten sou gudd gefall hat, soll o d'nächst Joor d'Coupe scolaire rëm zu Aasselburren aafgehaal giän.

Carwash, den 24. 5. 2014 zu Wëntger beim Pompjeesbau
2014-05-22Wéi well an deene leste Jooren Usus wäschen d'Kanner aus dëm Cycle 4.2 o dëst Joor rëm Autoën beim Pompjeesbau zu Wëntger.
Dën Erléis aus dëser Aktioun gët geholt fir eng Studierees vam Cycle 4.2 op Paräis matzefinanzéiren.
Méi zu dëser Aktioun kann dër am folgende Flyer noliäsen.
Paar Photoën vam leste Joor belee'ën wéi gewëssenhaft är Autoën hei van de Kanner op Héichglanz braacht giän!