Mëttwoch, 1. Mee 2024

Neies vun der Elterevereenegung




Save the date "Summerfest"

2024-04-24

An dër Galerie hei drënner fand Dër well den ischte "Save the date" fir eist Summerfest, dat dëst Joor ënner dëm Motto "Zesummen op dër Kiemelbaustell" steet, an den 12. Juli iwert d'Bühn geet.





Dëm Ousterheeschen een décke MERCI

2024-03-30

An Zesaamenaarbicht mat dër Eltrevereenigung hat dën Ousterheeschen d'Kanner aus dër Wëntger Schoul mat engem traditionellen hart gekachten Ee an engem Schoklaasousterheeschen verwiännt.

An sëch woor daat Ganzt ewer an eng Oustereierséich agepackt. Um Site van dër Spillplatz van dër Spillschoul haat dën Ousterheeschen fir all Kand engt hart gekacht a gefiärëwt Ee verstoppt. Noom gemeinsamen Léisen van engem Rätsel hat all Klass sich dann o na ee Schoklaasousterheeschen pro Kand verdingt.

Dëm Ousterheeschen an dër Eltrevereenigung soë mër am Naam van alle Kanner Merci fir dës originell Oustereiërséich.

An dër Galerie hei drënner krëtt dër dann ee klengen Abléck an dën Aafloof van dësem lesten Schouldaag viraan dër Oustervakanz.

Dëm Ousterhaas an allen Kanner wënsche mër da lo eng erholsam Vakanz!





Kannerfaasbal van dër Eltrevereenigung

2024-02-11

Hei fand dër Photoën vam 2. Februar 2024





Generalversammlung van dër Eltrevereenigung

2023-11-25

D'Eltrevereenigung haat hir Generalversammlung ee Mëttwoch, den 22.11.2023 am Versammlungsraum iwert dëm Centre Culturel aafgehaal.

De Mike Schinker, a senger Fonktioun als amtéirende Präsident, woor frou eng ganz Reih intresséiërt Eltren, Vertreter vam Léiërpersonal, van dër Gemeng a van dër Maison Relais kannen ze begréissen, är heen d’Wuärt aan d’Nadine Majerus an d'Tania Schmit vam Schoulkomitee iwergiän hat.

Sie han d'Präsidentin vam Schoulkomitee, Danielle Heintz ëntschëlligt, är sie d’Wichtigkeet van dën Eltrevetreter erfirgehuäwen han. Vu, dat d'Josiane Pletsch als Eltrevertreter hirt Amt néiër gelaacht haat, well sie keng Kanner méi an dër Wëntger Schoul hat, gouf an dër Versammlung gefroot op jidefreen d'Accord wir mat dër Bewerbung van Lis Marianne als neiën Eltrevertreter. Niäwent dëm Joëlle Kreins an dëm Edy Weber gouf d'Marianne Lis dunn als neië Représentant vam Eltrecomité van dër Assemblée per Handzeechen gudd geheescht.

D'Sekretärin van dër Eltrevereenigung, Marianne Lis, konnt an hirëm déteilléiërte Rapport op d’Aktivitéiten vam vergangene Joor zréckblécken, wou niäwent Heckeplanzaktioun, Coupe scolaire, Oustereersichaktioun, an, an, an, … d’Summerfest, daat dëst Joor a neiër Lokalitéit ausgedroo giä woor, als Highlight mat guddem Resultat rausgestach hat.

Dono hat dë Caissier, Edy Weber, de Bilan van dër Kees gezuiën, den dëst Joor durch daat guud Schoulfest an de gudd beséichten Faasbaal ganz positiv ausgefall ass. Durch vill nei Investitiounen, mat denen d'Eltrevereenigung sich fir d'Zukunft gudd opgestalt hat, ass d'Kees am Enn ewer 0 von 0 opgangen. Um Spaarkont kann d'Eltrevereenigung ewer 20.000 € verbouchen, sou dat d'Zukunft hei gesëchert ass a na eng Reih Inverstitiounen fir d'Kanner kannen gestämmt giän.

D'Kasserevisoren Albert Koos a Patrick Dichter han dëm Caissier eng tadellos Aarbicht bescheinigt an han d'Versammlung gefroot fir dën Edy Weber durch ee kräftigen Applaus ze entlaasten, waat dann o geschickt ass.

Dë Buergermeester Lucien Meyers hat dë ganz aktive Vertreter van dër Eltrevereenigung am Naam va senge Gemengekollegen Merci gesoot fir hiren Engagement am Sënn vam Kand.

Enner "weider Informatiounen" kann dër hei drënner d'Suite vam Rapport liäsen.

Wen dann na aan dëm déteilléiërte Rapport van dër Generalversammlung, wéi aan dëm Virtrag vam Owend zum Thema "Wéi kann ëch mäi Kand bei dën Hausaufgaben ënnerstëtzen?" den vam Ramona Gales presentéiërt gouf, intresséiërt ass, kann d'PDF'ën hei drënner oproufen.





Generalprouw fir d'Summerfest

2023-07-06

Hei well ee klengen Appetizer fir eist Summerfest, daat muärren statt fënd. Bei dër Generalprouw han d'Kanner all hirt Best giän an ët woor ee vollen Erfollig. Wen dat Ganzt wëll live an mat Musik gesin, soll dë Rendez-vous muärren um 15.00 am Amphitheater nët verpassen. Mër free'ën äis op Äre Besuch!





Summerfest, de 7.7. 2023

2023-06-27

Léiw Kanner, léiw Eltren, am Anhang fand dër dë Flyër van eisem Summerfest.

Wichtig ze wossen: D'Optrëtter van de Kanner fannen all ab 15.00 am Amphitheater statt, fir dat o all Kand bei dën Otrëtter kann matmaën. An dër Hoffnung Eech all bei dësen Optrëtter an dono um Fest kannen ze begréissen: D'Personal an d'Kanner aus dëm BILDUNGSHAUS UM KIEMEL.


Chers enfants, chers parents, veuillez trouver en annexe le flyer pour le Summerfest.

Important à savoir: Pour que tous les enfants aient la chance de pouvoir participer aux représentations de leur classe, ces représentations auront lieu à partir de 15.00 heures à l'amphithéâtre .

Dans l'espoir de vous voir toutes et tous lors de ces représentations et après lors de la fête: le personnel et les enfants du BILDUNGSHAUS UM KIEMEL





Dën Ousterhaas an dër Schoul um Kiemel

2023-03-31

Bei stirmischem a reenerischem Wiädder hat dën Ousterheeschen den 31.03. 2023 dë Wee op Wëntger fond fir d'Kanner an eng Oustereierséich anzebannen. All Kand, daat engt Ee fond haat, konnt domat bei d'Mëmbren van dër Eltrevereenigung goën fir na een gëldichen Ousterheeschen aafzehuällen. Dër Eltrevereenigung an dëm Ousterheeschen een décke Merci fir dës flott Aktioun um leste Schouldaag viraan dër Oustervakanz!





Kannerfuesbal vun dër Eltrevereenigung

2023-01-29

Den 4. Februar lied d'Eltrenvereenigung Är Kanner an Eech op hiren "Kannerfuesbal" an.

Am Flyer hei drënner fand Dër wegder Infoën:

Le 4 février l'association pour parents d'élèves vous invite au "Kannerfuesbal".

Pour de plus amples informations veuillez consulter l'affiche ci-dessous.








Verkoof va Kouch, den 2. Dezember / Vente de gâteau, le 2 décembre

2022-11-29

Den 2. Dezember, um Daag, wou dë Kleeschen eis Kanner an dër Schoul beséicht, verkeeft d'Eltrevereenigung Kouch.

Am Anhang paar Infoën dozou.

Le 2 décembre, le jour où St. Nicolas rend visite aux enfants à l'école, l'association des parents d'élèves vend du gâteau.

cf Infos en annexe.





Nächst Lescht

Eltereverenigung


Eltereverenigung Wëntger Schoul «Um Kiemel» a.s.b.l.
Association des parents d ́élèves de l ́école fondamentale de Wincrange «Um Kiemel» a.s.b.l. affilée à la FAPEL

Adresse: Maison 85 | L-9780 WINCRANGE
www.wincrange.lu Projet: Eltereverenigung

CCRA: LU55 0090 0000 0059 3525
Cotisation annuelle / Mitgliedsbeitrag: 7 €

Projeten