Dënschdeg, 21. Mee 2024

Gedenkfeier beim "Juddendenkmool" zu Fünfbrunnen

2015-07-06

Gelegentlich vam 70 Anniversaire van der Liberatioun van den Konzentratiounslager haat de Comité Auschwitz ee Sonndig, den 5. Juli, wéi all Joor op Fünfbrunnen bei d'Juddendenkmool invitéiërt.

A Präsenz van eisem Premier Xavier Bettel, dër Integratiounsministësch Corinne Cahen, dëm Europadeputéiërten Charel Goerens, eisem Scheffen- a Gemengeroot, Vertreter van dëm Comité Auschwitz a villen anneren Delegatiounen han dën Här Alain Nacache, Groussrabiner va Lëtzenbuerg an den Pater Friedo Lentz duurch d'Zeremonie beim Denkmool gefouërt.

Et handelt sich bei dëser alljährlicher Zeremonie ëm ee Geste géint d'Vergeessen van dë Grausamkeeten, déi am 2. Weltkrich geschickt sën, gläichzäitig ewer o ëm een Oprouf zum Courage fir géint déi Grausamkeeten ze protestéiren, déi momentan an eiser Welt geschéiën.

Dës a vill anner Gedanken han d'Redner beim Denkmool gefouërt, är d'Gemeng Wëntger zu engem Eirewäin am Home vam Klouster zu Fünfbrunnen invitéiërt hat, wou ënner annerem d'Kanner aus dëm Cycle 4.2. aus dër Schoul um Kiemel Wëntger all engt Bouch iwerreecht kruuten, dat d'Erënnerung aan d'Grausamkeeten vam 2. Weltkrich bei dër na junker Generatioun van hockt soll waakrich haalen.

Am Naam van alle Kanner aus dëm Cycle 4.2. soë mër als Schoul dëm Comité Auschwitz an dën Témoins de la deuxième génératioun mat hirem Präsident, dëm Här Charles Goerens, Merci fir dëse Geste.

Am Anhang na eng Partie Photoën, déi dën Aafloof van der Zeremonie rëmgiän, sowéi d'Dokumenter aus deene verschiddenen Daageszeitungen, déi dën Här Marc Schoentgen gesammelt hat.