Sonndeg, 5. Abrëll 2026

Elterevereenegung

Neies vun der Elterevereenegung




Oustereiersich mat der Eltrevereenigung

2026-03-27

Ee Freidig, den 27.3. haat d'Eltrevereenigung rëm eng Oustereiersich fir all d'Schoulkanner organiséiërt. Hinnen een décke Merci.

Hei paar Fotoën van dësem flotten Evenement!

Schéi Vakanz fir all kleng Ousterhasen!





Kannerbicherausstellung an Autorenlesungen/ Exposition de livres d'enfants avec séances de lecture

2026-03-25

De 24. a 25. Abrëll fënd zu Wëntger eng grouss Bicherausstellung mat flottem Rahmeprogramm an Autoreleseungnen statt. Hei drënner an der Galerie fand Dër déi néidig Infoën.

Le 24 et 25 avril aura lieu une grande exposition de livres pour enfants avec, dans le programme des séances de lecture d'auteurs. Pour de plus ampes informations veuillez consulter la galerie ci-dessous.





Save the date: Kannerfuesbal: 07.02.2026

2026-02-05

Ee Samsdig, den 7.2. 2026 organiséiërt d'Eltrevereenigung hiren traditionellen Kannerfuesbal am Centre culturel zu Wëntger.

Méi Infoën fand dër hei am Flyer:





Nikloosdaag bei der Eltrevereenigung

2025-11-24

Am Anhang fand dër paar Infoën van dër Eltrevereenigung betreffend d'Nikloosfeiër an d'Mëmberskaart.

Merci am Viraus fir Är Ënnerstëtzung!





Generalversammlung van der Eltrevereenigung a "Meet and Greet"

2025-11-12

Fir all Intresséiërt ass de Bericht van dër Generalversammlung van dër Eltrevereenigung a folgenden Dokumenter nozeliäsen.Sollten na Léckt do sën, déi d'Eltrevereenigung finanziell an moralisch wëllen ënnerstetzen, da kannen sie daat maën mam Koof van enger Mëmberskaart iwer dë PAYCONIQ , den dër hei derniäwent fand. D'Eltrevereenigung seet am Viraus MERCI!





Meet and Greet van dër Eltrevereenigung

2025-11-10

Een Mëttwoch, den 12.11. 2025 lied d'Eltrevereenigung op hiren "Meet and Greet" mat Generalversammlung an.

Am Anhang fand dër de genauë Programm.

Bis ee Mëttwoch!





Excuses: Absences et demandes de dispence d'un élève

2025-09-23

Am Anhang fand Dër eng aktuell Mise à jour vam Reglement zu dën Absences an dën Demanden fir d' Dispens van de Kanner an dër Schoul.

En annexe veuillez trouver une mise à jour actuelle du règlement concernant les absences et les demandes de dispense d'un élève à l'école.





Trommelzauber: Filmer van dën Optrëtter

2025-09-23

Endlich ass ët souwäit. Dën Tobias van OPTIN hat äis d'Filmer vam "TROMMELZAUBER" geschéckt.

Enner folgendem Link kann dër së kucken goën.

Vill Spaass dobäi.

50 Joer Schoul Wëntger

Enfin, Tobias de OPTIN vient de nous envoyer les films du projet "Trommelzauber". Vous pouvez les regarder sous le lien suivant.

Bon amusement!

50 Joer Schoul Wëntger





Kiemelbuet 2025-2026

2025-09-03

De neië Kiemelbuet 2025-2026 fand dër hei drënner am PDF, mee o an eiser Rubrik Dokumenter kann Dër ën zu all Zäit oproufen.

Le nouveau Kiemelbuet 2025-2026 est accessible dans le PDF ci - joint mais vous pouvez le consulter à tout moment dans notre rubrique "Dokumenter".





Beat the teacher: Andréck vam Owend

2025-05-19

Merci all dën Ex-Schüler/Innen a Léierpersounen, déi aan eisem Beat the teacher-Owend deel geholt han. Et woor ee relaxen Owend, wou all d'Léckt a gudder Spilllaun wooren an dotëschent o na Zäit fond han fir sich iwer hir gemeinsam Schoulzäit zu Wëntger auszetauschen. A refaire!

Vill Spaass beim Raluussen an d'Photosgalerie.

P.s.: Soubaal wéi d'Photoën van dër Journée des Anciens all verschafft sën, setze mër déi o hei online.

Bis dann also!





Nächst Lescht

Eltereverenigung


Eltereverenigung Wëntger Schoul «Um Kiemel» a.s.b.l.
Association des parents d ́élèves de l ́école fondamentale de Wincrange «Um Kiemel» a.s.b.l. affilée à la FAPEL

Adresse: Maison 85 | L-9780 WINCRANGE
www.wincrange.lu Projet: Eltereverenigung

CCRA: LU55 0090 0000 0059 3525
Cotisation annuelle / Mitgliedsbeitrag: 7 €

Projeten