News
Den Beruf des Elektrikers bringt euch die Klasse 2.2.B hier näher
2015-11-23Unter folgendem Link gelangt ihr gleich zu unserem neuen Wiki: Der Beruf des Elektrikers
Viel Spaß beim Lesen!
Mër soë Merci fir Äre Besuch um Bazar!!!
2015-11-22D'Schoul um Kiemel an dë Foyer Eislécker Heem seet allen Eltren a Kanner Merci fir hire Besuch um "Lëlljer Bazar".
Paar Photoë vam Daag gët ët hei ze kucken.
A souball mër eppes vam Erléis vam Daag wossen maë mër déi Données o op dëser Platz public.
Eech all na schéin a besënnlich Feierdeeg am Krees van ärer Famill!
Mat vill Ongedold a Spannung erwaarden eis Klengst jo lo well de Kleeschen, deen dëst Joor fregdes, de 4. Dezember bei äsi an d'Schoul kënnt.
Am folgende PDF fand Dër na ee Bréif vam Chargé de direction vam Eislécker Heem, deen dër Schoul um Kiemel Merci seet fir hir Bedeeligung aam Bazar.

D'Schoul um Kiemel bedeeligt sich den 21. an 22. November aam Bazar vam Foyer Eislécker Heem
2015-11-21Wéi üblich bedeeligt sich d'Schoul Um Kiemel o dëst Joor rëm um Bazar vam Foyer Eislécker Heem va Lëlljen. An deene leste Schoulwochen an Deeg gouf fläissig gebastelt a gebaak, sou dat d'Schoulkanner o dëst Joor rëm kënne mathëllefen duurch de Verkoof van hiren Artiklen Suën fir d'Projetën vam Eislécker Heem kannen anzespillen.
Wee méi iwert de Bazar wëllt wossen kann dë Flyer am folgende PDF opmaën.
Mër free'ën äis lo well op Äre Besouch zu Lëlljen, wou Dër Äre Kanner hir Basteleiën kënnt kucken a viraan allem kënnt koofen.

Generalversammlung van der Eltrevereenigung, den 23.10. 2015
2015-10-26Den 23.10. 2015 haat d'Eltrevereenigung van der Schoul Um Kiemel Wëntger op hir alljährlich Generalversammlung an de Centre culturel op Wëntger invitéiërt.
Niäwent dëm Aktivitéitsbericht, virgedroo duurch d'Madame Spaus-Deckenbrunnen Sandy an dëm Keesebericht, présentéiërt vam Här Schmitz Claude, gouf dëst Joor dee langjährige Mëmber, d'Madame Thill Marianne no 10 Joor Mitgliedschaft an 2 Joor Präsidentschaft aus dëm Comité verabschied.
Dono hat d'Madame Spaus sich erfreet gewisen iwer déi Eltren, déi dëst Joor aageffroot haaten fir kannen Mëmber am Comité ze giän.
Et handelt sich hei ëm Kohnen- Wiltgen Carole, Schickes-Schruppen Sonja, Weber Edy a Winkin Laurent.
Dë Comité van der EV setzt sich domat an alphabetischer Reihenfolg wéi folgt zesaamen: Bové Serge, Conter-Schammel Nicole, Diederich - Humartus Aloysia, Kohnen-Wiltgen Carole, Milbert Aline, Schaack-Schmit Patrice, Scheer Luc, Schickes-Schruppen Sonja, Schinker Mike, Schmitz Claude, Spaus-Deckenbrunnen Sandra, Weber Edy an Winkin Laurent.
Nei Präsidentin ass Spaus-Deckenbrunnen Sandra, Secretaire ass Milbert Aline an Caissier ass Schmitz Claude.
Aus dëm Comité van dër Eltrevereenigung han sich dann o dën Schinker Mike, d'Spaus -Deckenbrunnen Sandra an den Weber Edy an dën Eltrecomité van dër Schoul um Kiemel Wëntger gemelt.
Dë Schäffen Carlo Weber hat der EV Merci gesoot fir hiren Asatz am Intresse van eise Kanner am Verloof vam leste Schouljoor an hat der EV dann o déi néidisch Ënnerstëtzung va Säiten van der Gemeng fir aastehend Projets'ën zougesoot.
No dem offiziellen Deel hat d'EV dann an op ee Patt an ee klengen Häppchen invitéiërt.
» Galerie
756 € fir de "Soleil dans la main"
2015-10-19Ee Samsdig, den 17. Oktober han d'Kanner aus dëm Cycle 4 van 2014-2015 ee Scheck an dër Héicht van 756 € aan de Soleil dans la main iwerreecht.
Am folgende PDF fand Dër de Remerciment vam "Soleil dans la main" aan d'Eltren an d'Kanner vam Cycle 4.2 (Joorgang 2014-2015) , déi gelegentlich van hirëm Aafschlossfest am Juli een Don an dër Héicht van 756 € gemaat han.
Gläichzäitig gët ët o na paar Photoën zu Projets vam Soleil an eng Photo van dër Scheckiwerreechung ze kucken.