News
Faasicht an dër Schoul 2016
2016-02-05An der Galerie hei drënner fand dër Photoën zur Faasicht 2016 an dër Schoul um Kiemel.
» Galerie

Om Bauerenhaff zu Reiler
2015-12-30Am Kader van der Woch van der Mëllich ass eis Klass (2.1.C) Dasdes den 15. Dezember ob Reiler ob den Bauerenhaff van der Famill Schlechter gefaren. Do kruten mer all Informatiounen iwwert Mëllichvéih an o iwwert Mëllichproduktioun. Et woer engt Léieren matt allen Sënner. Mer duäreften richen, schmaachen, stréilen...Zum Schluss guff et dunn na lecker Mëllich ze schmaachen. Schoulkanner woren begeestert (ewéi een ob de Fotoen gesäit) a mer soën der Famill Schlechter villmols Merci datt sie eis ëmpfungen hatt.
» Galerie
Krëppespill 2015 zu Boxer
2015-12-25Wéi een sich no där gelongener Generalprouw zu Wëntger an dër Schoul well erwaarden konnt, woor o d'Krëppespill 2015 zu Boxer ee groussen Erfollig.
D'Kirch woor bis op déi lest Platz mat Kanner, Eltren a Grousseltren besatt an déi kleng Akteuren han hirt Best giän fir Grouss a Kleng mat hirëm Stéck "Stäre - Stonnen" an d'Zäit van dër Geburt Jesu zréckzeversetzen.
Mam aafschléissende Likt "This little light of mine" han d'Kanner rondrëm d'Christiane Hoffmann all d'Léckt an dër Kiirch mat op eng musikalisch Rees geholt. D'Likt ass dann o sou gudd aakomm, dat d'Kanner gären na eng Zougab giän han a jidfereen an dër Kiirch hat mat agestëmmt an hat mat an d'Hänn geklappt.
Dë Pastouër Lubomir Fabcin hat dëm Christiane Hoffmann a senger ganzer Equipe va groussen a klengen Hëllëfer an Akteuren een décke Merci gesoot fir d'Mise en scène vam Krëppespill är hee selwer, den Diakon Michel Müller an dë Pater Gerry Schumacher zur aafschléissender Kannersegnung van all de Kanner an dër Kirch iwergang sën.
Wenn ee klengen Androck wëllt han, waat fir eng Atmoshpär d'Kanner mat hirëm Krëppespill zu Boxer an dër Kirch konnte schaafen, dee kann sich folgend Fotosgallerie aakucken!
Vill Spaass a na schéi Feierdeeg fir eech all!
Generalprouw vam Krëppespill "Stäre-Stonnen"
2015-12-18Wéi all Joors hat eis Reliounsjoffer Hoffmann Christiane o dëst Joor rëm engt Krëppespill mat intresséierte Kanner aus deene verschiddene Cyclen op d'Bee gestalt. Dëst Joor stung d'Krëppespill ënnert dem Motto "Stäre-Stonnen".
Op dër Bühn konnt ee feststellen, dat d'Kanner hir Roll, vam klenge Schoof, iwert divers Stären bis hën zum David, gudd astudéiërt haaten an hirt Best giän han fir hir Alterskollegen am Sall mat hirëm Spill matzerappen.
Sie han sich verdingterweis dann o vill Applaus ageheimst an am Schluss hat dee ganze Sall mat "gerockt" beim Aafschlossligd "Let it shine".
Wee lo intresséiërt ass daat ganzt Krëppespill live an a Faarw matzeerliäwen, ass den 24. Dezember 2015 härzlich op BOXER an d'Kiirch invitéiërt, wou d'Kanner um 17.00 Auër dann o viraan "groussem" Publikum spillen.
Noom Krëppespill ass dann na eng Kannersegnung an da kannen d'Famillen dono Hällgerowend doheem am klengen oder grousse Krees begoën!
D'Schoul um Kiemel wënscht eech all besënnlich an erholsam Feierdeeg an da gesi mër äis all gesond a monter a gudd erholt am neië Joor rëm!
» Galerie

Schivakanz vam Cycle 4.1.
2015-12-17Vam 12. Dezember bis zum 18. Dezember mëcht eise ganze Cycle 4.1. am Ahrntal, um südliche Fouss van dën Zillertaler Alpen, eng Schivakanz.
A Begleedung vam Léierpersonal an enger Reih Schimoniteuren wëllen d'Kanner aus dëm Cycle 4.1. an dëser Vakanz d'Biärgwelt am Ahrntal op 2 Breeder erkunden.
Wee well bësse wëll raschnupperen wou d'Kanner am Ahrntal aquartéiërt giän a wéi d'Gegend hei ausgesäit, dee kann dee folgende Link opmaën!
Schivakanz am Ahrntal 2015