Méindeg, 15. September 2025

News


Schivakanz am Ahrntal

2018-12-15

Eis Schivakanz 2018


Vam 15. Dezember bis zum 22. Dezember mëcht eise ganze Cycle 4.1. am Ahrntal, um südliche Fouss van dën Zillertaler Alpen, eng Schivakanz.

A Begleedung vam Léierpersonal an enger Reih Schimoniteuren wëllen d'Kanner aus dëm Cycle 4.1. an dëser Vakanz d'Biärgwelt am Ahrntal op 2 Breeder erkunden.

Wee well bësse wëll raschnupperen wou d'Kanner am Ahrntal aquartéiërt giän a wéi d'Gegend hei ausgesäit, dee kann d' Linken hei drënner opmaën!

Wéi dër, léiw Eltren, bestëmmt well matkriit hat, ass d'Equipe gudd am Ahrntal geland an déi ischt Photoën së lo o well op dëser Säit online:
 Schivakanz Ahrntal 2018

Vill Spaass beim Raluussen!




Lost and found

2018-12-05

Chers parents,

Pendant la période des bilans nous exposerons tous les vêtements trouvés au cours du 1er trimestre sur des tables à l’entrée de l’école.

Veuillez donc vous y rendre pour vérifier si vous ne trouvez pas des affaires que votre enfant aurait perdues.  Le dernier jour avant les vacances nous mettrons tous les objets trouvés dans un sac et nous les amènerons au centre de recyclage.

 

Merci pour votre compréhension !

La Maison Relais et l’école « Um Kiemel »


Léif Elteren,

Während der Bilanszäit stinn an der Entrée vun der Schoul Dëscher mat all den Kleeder, déi mir am 1. Trimester fonnt hunn.

Gitt w.e.g. nokucken, ob Kleeder vun Äerem Kand dobäi sinn. Den letzten Schouldag pake mir d’Kleeder an eng Tuut a brengen se an d’Kleedersammlung.

 

Merci fir Äert Verständnis!

Maison Relais a Schoul „Um Kiemel“





Besuch vam Kleeschen an der "Schoul um Kiemel"

2018-12-03

Eisem Kleeschen soën mër een décke Merci, dat ën o dëst Joër rëm sou gudd aan eis Kanner gedaacht hat.

All wooren së begeestert wéi dee gudde Mann sich den 3. Dezember bei äis an der Schoul afond hat. Moiës hat heen d'Kanner van de Cyclen 2- 4 an hire Klasse beséicht.

Nomëttes wooren déi Kleng aus dëm Cycle 1 dunn nët méi an hirëm Äifer ze bremsen an sie han dëm Kleeschen ee waarmen Empfang an dër Turnhall bereet, wéi dë Fotosdossier hei ënnenndrënner weist!

Bei senger Begréissung an der Turnhall hat de Kleeschen d'Kanner begléckwësnscht, dat sie daat ganzt Joor iwer sou brav wooren. Dën Eltren hat hee mat op de Wee giän fir sich Zäit fir hir Kanner ze huällen, heiansdo engt Gesllschaftspill mat hinnen ze maën an hinne sou mann wéi méiglich där véiëreckiger Kësten an d'Hand ze giän.

No dën Opféirunge van de Kanner gouf na engt Gruppebild mat deenen verschiddene Klassen aus dëm Cycle 1 gemaat, är all eenzelt Kand du seng verdingten Tiitchen vam Kleeschen iwerreecht krut.

Nodems dee gudde Mann dë Kanner dunn Äddi gesoot haat, hat d'Eltrevereenigung d'Eltren mat hire Kanner an eng Kaffisstuff am Hall van dër Sportshaal invitéiërt, wou dën Owend dunn bei engem gemittliche Pättchen an engem Häppchen ausklenge geloss gouf.



Daag vam Boom

2018-11-27

Gelegentlich vam "Daag vam Boom" woor de Cycle 4 op Lëlljen Hecken planzen.
D'Eltrevereenigung hat bei dëser Geleegenheet fir Eessen a Gedrénks gesuärrigt.



Generalversammlung van der Eltrevereenigung / Assemblée générale de l'association des parents d'élèves

2018-11-26

Den 23.11.2018 haat d'Eltrevereenigung hir alljährlich Generalversammlung.

Wen intresséiërt ass bësse méi iwert d'Aktivitéite van der Eltrevereenigung gewahr ze giän, dee kann folgend Doukument mam Bericht van dësem Joor opmaën.

(Photoën aus der Versammlung: Jeff Engelen)




Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot