News

9. Mee: 2019 offizielle Feierdaag / 9 mai: jour férié officiel
2019-04-28De 9. Mee ass schoulfräi opgrond van dër Aféirung van engem neiën Feierdaag, dër "Journée de l'Europe", wou dër "Déclaratioun vam Robert Schuman" am Joër 1950 gedaacht gët.
Eee schéine Feierdaag!
La Journée de l'Europe sera célébrée le jeudi 9 mai 2019, en commémoration de la Déclaration de Robert Schuman en 1950.
Bonne fête!

Modification de quelques dates de journées portes-ouvertes
2019-04-26En raison des funérailles de son Altesse Royale, le Grand-Duc Jean, le 4 mai 2019, les portes ouvertes de quelques lycées ont été rapportées à d'autres dates.
En annexe vous trouvez les modifications:


Dëm Grand-Duc Jean zum Gedenken
2019-04-25Bis de 4. Mee, wou eise Grand-Duc Jean an engem Staatsbegreefnis bäigesatt gët, hänken d'Fiändlen an eisem Land op Hallëfmast.
Eng Taatsaach, déi o dë Kanner an eiser Schoul well opgefall ass.
Als Erënnerung aan dë Grand-Duc Jean, haat d'"LUXEMBURGER WORT" intressant Extrasäiten zesaamegestalt, déi an eise Klassen o Aalass giän han, fir iwert dëm Grand-Duc Jean sengt Liäwen ze schwätzen.
Erstaunlich woor ze gesin an ze héiren waat d'Kanner alles iwert dës, fir sie dach zimlich onbekannt Perséinlichkeet, woussten.
Hei am Anhang also dee kurzen, mee ganz flott gemaaten Iwerbléck, aus dëm WORT.

"Dën Zauberer van Oz" zu Wëntger an dër Schoul
2019-04-05De 5. Abrëll han d'Kanner aus dëm Team 3 B no villem Pouwen dën "Zauberer van Oz" op dër Bühn vam Wëntger Centre culturel viraan begeesterten Schoulkoomeroden an Eltren opgefouërt.
Wen ee klengen Abléck an d'Zenerie wëll kreiën kann déi folgend Galerie opmaën.
Vill Spaass dobäi an eech all eng schéin an erholsam Oustervakanz.

Schwammnometteg van der Lasep
2019-03-26Dasdes, den 26. Mäerz hat eis Lasep-Sektioun een Schwammnometteg zu Wentger an der Schwämm organiséiert. An 2 Tiir konnten d'Kanner sech jeweils an 6 Atelieren amüséiren. Um Programm stoungen Tauchen, Wasserball, Staffelen an eng Figur nobauen fir eis Schwemmer an Spiller mam Bried a mat der Poolnoodle fir eis Netschwemmer. Och d'Fraispill hat op desem flotten Metteg net duerfen feelen. Am Ganzen haaten 108 Kanner de Wee op Wentger fonnt.
» Galerie