News

Fondatioun Kannerschlass-Antenne Norden stellt sich vir
2019-06-26Zanter dem 1. Abrëll 2019 ass d’Antenne Norden/Westen vun der Eltereschoul mat enger neier Mataarbechterin besat. D’Véronique Nilles ass Educatrice graduée a systemesch Familljeberoderin an huet vill Erfarung an der Aarbecht mat klenge Kanner an hire Familljen.
D’Eltereschoul gëtt et zanter 2002 a mir sinn e preventive Service vun der Fondatioun Kannerschlass,dee fir Eltere vu klengen a grousse Kanner Coursen, Soiréeën an aner Aktivitéite ronderëm d’Thema
Erzéiung a Famill ubitt. 2018 hu mir z.B. 640 Aktivitéite fir Elteren organiséiert a méi wéi 5600 Eltere begéint.
All weider Infoën fand Dër am folgende PDF:


Summerfest 2019
2019-06-25Hei fand dër dë Flyer zum Summerfest 2019, dat dëst Joor ganz ënnert dëm Zeechen vam Thema "Konst" steet.


Hitze
2019-06-25Hei fannt Dir 5 gëllen Regelen fir déi aktuell Hëtzt ze bekämpfen.



News vun der Crèche / Les nouveautés de la crèche
2019-06-24Coupe scolaire 2019
2019-06-21Bei guddem Wiädder han sich d'Kanner aus dëm Cycle 4.1. ee Samsdig, den 15.06.2019 zu Aasselburren am Weyer Gaart getraff fir sich van hei aus an d'Coupe scolaire ze lancéiren.
No dër theoretischer Virbereedung an dër Schoul an enger praktischer Aféirung am Verkéiërsgaart zu Housen, déi an Zesaamenaarbicht mat dër Police gemmat gouf, hat een de Kanner op dësem "Examensdaag" trotzdem eng gewëss Nervositéit aagemiärkt. Hockt mussten sie nämlich ouni d'Begleedung van engem Erwaassenen am normale Stroosseverkéiër beweisen, dat sie daat Geléiërt an enger reeller Situatioun ëmsetze konnten.
Är d'Kanner sich ewer op hirt Raad konnte setzen han d'Policebeamten van dër Elwenter Brigade gekuckt op d'Reeder de Sëcherheetsnormen entspreechend richtig équipéiërt wooren. An d'Pompiers va Wëntger sou wéi d'Ambulanciers van Elwen han derviir gesuärrigt, dat déi jung Cyclisten sich a Sëcherheet konnte spiiren.
Um 9.30 Auër woor dunn alles prett an d'Kanner han sich op de Saadel geschwong fir eng "Testronn" um gudd gekennzeechente Parcours ze dréinen. Den 2. Tour gouf ët dunn eescht an ët diärft een sich lo kee Fehler méi am Stroosseverkéiër erlaben, well op de Kontrollposten gouf d'Fahrverhaalen van de Kanner bewert.
Géint 10.30 Auër woor d'Prüfungsituatioun du riwer an d'Kanner goufen no där Aastrengung fir d'ischt Mool mat engem Gedrénks an enger Mëtsch van de Vertreter van dër Eltrevereenigung fir hiren Asatz op dësem Samsdigmoiën belount.
An dono han sie sich na bëssen op dër Spillplatz ausgetobt, är all Kand zum Aafschloss säi "Radführerschäin" an engt Paar Radhänschen vam Bové Serge am Naam van dër Eltrevereenigung iwerreecht kruut.
Mër free'ën äis well op d'Oplaag 2020 van dër Coupe scolaire.
An dër Galerie paar Photoën vam Daag, déi dën Engelen Jeff geschoss hat!
» Galerie