Sonndeg, 1. Juni 2025

News


Generalprouw fir d'Summerfest

2023-07-06

Hei well ee klengen Appetizer fir eist Summerfest, daat muärren statt fënd. Bei dër Generalprouw han d'Kanner all hirt Best giän an ët woor ee vollen Erfollig. Wen dat Ganzt wëll live an mat Musik gesin, soll dë Rendez-vous muärren um 15.00 am Amphitheater nët verpassen. Mër free'ën äis op Äre Besuch!





Béicher fir eis Kanner vam Cycle 4.2., offréiërt vam Comité Auschwitz

2023-07-02

Den 2. Juli 2023 hat de Comité Auschwitz bei d'Denkmool op Fünfbrunnen invitéiert, fir do an der Presenz van dem Unterrichtsminister, dem Här Claude Meisch an dem Chamberspresident, dem Här Fernand Etgen, aan déi ronn 300 Judden ze erënneren, déi am 2. Weltkrich va Fünfbrunnen aus an d'Konzentratiounslageren deportéiert goufen.

Am Anhang fannt dir als PDF de genaue Programm van dëse Feierlichkeeten.

Direkt no der Commémoratiounsfeier gouf dann o na de neie "Parcours mémoriel" va Fünfbrunnen duerch d'Hären Meisch an Etgen ageweit, op dem intresséiert Schoulklassen ewer o all privat Visiteurs mat Panneauen an op virtuell Aart a Weis duerch d'Geschicht vam Klouster Fünfbrunnen am 2. Weltkrich gefouert giän.

Fir eis Schoul an dem Kontext ervirzehiäwen ass d'Tatsaach, dat dë Comité Auschwitz, wéi all Joer, de Kanner aus dem Cycle 4.2. aus dë Schoulen va Wëntger an Elwen engt Bouch offréiërt, wou op kandgerecht Art a Weis op d'Grugelzichkeeten aus dem 2. Weltkrich hegewisen gëtt.

Als Schoul soe mer dem Comité Auschwitz van dëser Platz aus Merci fir dësen Don, mat dem d'Erënnerung aan déi däischter Kapitelen aus eiser méi junker Mënschheetsgeschicht bei eise Kanner waakrig gehale gëtt, fir an Zukunft ähnlichen Grugelzichkeeten kannen virzebeugen.





Summerfest, de 7.7. 2023

2023-06-27

Léiw Kanner, léiw Eltren, am Anhang fand dër dë Flyër van eisem Summerfest.

Wichtig ze wossen: D'Optrëtter van de Kanner fannen all ab 15.00 am Amphitheater statt, fir dat o all Kand bei dën Otrëtter kann matmaën. An dër Hoffnung Eech all bei dësen Optrëtter an dono um Fest kannen ze begréissen: D'Personal an d'Kanner aus dëm BILDUNGSHAUS UM KIEMEL.


Chers enfants, chers parents, veuillez trouver en annexe le flyer pour le Summerfest.

Important à savoir: Pour que tous les enfants aient la chance de pouvoir participer aux représentations de leur classe, ces représentations auront lieu à partir de 15.00 heures à l'amphithéâtre .

Dans l'espoir de vous voir toutes et tous lors de ces représentations et après lors de la fête: le personnel et les enfants du BILDUNGSHAUS UM KIEMEL





Save the date SUMMERFEST

2023-06-14

Och dëst Joer heescht et erëm: Spill a Spass um Kiemel.

Haalt Iech lo schon Freides, den 7.Juli 2023 ab 15 Auer fräi fir eist SUMMERFEST.

D'Schoul, Maison Relais an d'Elterevereenung freeën sech fir Iech all do remzegesin. Vill flott Aktivitéiten wäerten Iech erwarden.

D'Maison Relais bleift ab 16 Auer zou.

Comme l'année passée: Jeux et amusement "um Kiemel".

Réservez-vous le vendredi, 7 juillet 2023 à partir de 15 heures pour notre fête d'été.

L'école, la Maison Relais et l'association des parents seront contentes de vous revoir.

Beaucoup d'activités vous attendent.

La Maison Relais restera fermée à partir de 16 heures.





Mam Anisa op Weltrees

2023-06-14

„An der Maison Relais ginn mir zesummen op eng Weltrees. Dobäi kucken mir eis verschidden Länner un an déi mir gären reesen wëllen an maachen Aktivitéiten dozou“. Ënnert dësem Motto stoung dem Anisa, enger Schülerin aus dem LTPES, säin Stage. Während en puer Wochen hun d’Kanner sech mat Länner wéi Brasilien, Türkei, Amerika a Marokko beschäftegt a unhand vun flotten Aktivitéiten, wéi z.B. landestypescht Eessen preparéieren, villes dobäi geléiert. Zum Schluss ass eng Weltkaart entstanen wou eis Kanner hiert Ursprongsland markéiert hunn.






Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot