Mëttwoch, 14. Mee 2025

News





Neuer Stundenplan / nouvel horaire scolaire

2023-08-17

Werte Eltern,

Hiermit möchten wir Sie darüber in Kenntnis setzen, dass mit Beginn des Schuljahres 2023/2024 ein neuer Schulstundenplan in Kraft treten wird.

Im Anhang finden Sie das Informationsschreiben der Gemeinde mit dem neuen Stundenplan.

Chers parents,

Par la présente, nous souhaitons vous informer qu'un nouvel horaire scolaire entrera en vigueur au début de l'année scolaire 2023/2024.

En annexe veuillez trouver la lettre d'information de la commune avec le nouvel horaire.





AU REVOIR a vill GLÉCK op ärem neië Wee

2023-07-14

D'Etrevereenigung hat dë Kanner aus dëm Cycle 4.2. den 13.7. 2023 "Au revoir" gesoot an hat hinnen all Gudds gewënscht an hirer neiër Schoul.

Als klenge Cadeau kruuten all d'Kanner am Naam van dër Eltrevereenigung ee Bouchpräis mat op dë Wee, den sie aan hir Zäit an dër "Schoul um Kiemel" soll ërënneren.

Am Anhang fand dër paar Fotoën van dëser sympatischer Abschiedsfeiër!

O van dër Schoul um Kiemel aus wënsche mër all dë Kanner vill Spaass an Erfollig op hirem neië Wee an dat sie vill nei Frënn an hire jeweiligen neië Schoulen wärte fannen.

Dobäi sollen sie ewer nët déi flott Zäit vergeessen, déi sie an hirer "aaler" Schoul verbraacht han.

An hoffentlich fannen sie all ganz séiër dë Wee zréck an d'Schoul um Kiemel, wa mër ab September 2024 "50 Joor Schoul Wëntger" feiren wärten!

Wen well bësse méi iwer d'Feierlichkeeten zu "50 Joor Schoul Wëntger" wëll wossen kann de PDF am Anhang opmaën.

All dë Kanner aus dër Schoul van dëser Platz aus na eng erholsam Vakanz, wou vill Zäit bleiwt fir nei Energie ze tanken, fir daat waat na kënnt!





Summerfest 2023

2023-07-08

De 7. Juli haate mër an eiser Schoul um Kiemel eist traditionnelt Summerfest, organiséiërt van dër Eltrevereenigung, dër Schoul an dër Maison Relais.

Gestart gouf daat Ganzt dëst Joor mat dën Optrëtter van dë Kanner, déi am Amphitheater an am Schoulhaff aafgehaal goufen.

Hei am folgende WIKI dann d'Photoën van dësen ganz gelongenen, aafwiässlungsräichen Presentatiounen van eise Kanner, sou wéi van dër Aaftershowparty, déi beim Foussbalssterrain van dër ASW gestart gouf, vu, dat eise Schoulhaff durch dë Chantier vam neië Bildungshaus vill méi kleng giän ass.

Vill Spaass beim Raluussen an dë WIKI, den dër ënner folgendem Link kannt oproufen Summerfest 2023





Mër verséissen dëm Marie-Paule seng Pensioun

2023-07-07

Um Daag vam Summerfest van eiser Schoul, dën Daag kënnt also nët besser gewiällt sën, geet Habscheid Marie-Paule a seng verdingte Pensioun.

Fir him dën Abschied van dë Kanner a va senge Kolleg/Innen an dëm Léierpersonal bëssen ze verséissen kruut hat op sengem lesten Schaffdaag eng Corbeille mat Verwöhnprodukter an ee faarwigen Bouquet van dë Kanner aus dëm Bloumegärtchen an aus dëm Cycle 2 iwerreecht.

Virwaat graad van hinnen? Ma an deene leste Jooren woor d'Marie-Paule mat vill Härzblugd a gudder Laun ëmmer am Cycle 1 an 2 an dë Vestiäiren van dër Schwämm am Asatz fir honnerte va Kanner an d'Kleeder ze hëllefen, hinnen déi naass Fliichten ze drëchnen oder d'Schung ze strécken.

Dëm Marie-Paule dofir een décke Merci van dër ganzer Belegschaft an all dë Kanner van dër Schoul um Kiemel. Irgendwann an hirer Schoulcarrière hat d'Marie-Paule bestëmmt jidfererengem van hinnen gehollëf, fir dat ën aus dem naassen Element rëm mat Zäit zréck hannert déi méi drëche Matière an dëm Klassesall konnt kommen.

Dëm Marie-Paule a sengem Mann Robi da vill Spaass an dëm Marie-Paule senger verdingter Pensioun a losst eech zesaamen déi lecker Produitën aus dër Coopérative Lëllger Gaart gudd schmaachen.

Am Anhang da stellvertretend fir all Kanner aus dër Schoul eng Photo mat engem Echantillon aus dër Schoul um Kiemel.

A wann dën Abschied dëm Marie-Paule nët ze schwéiër fällt, da së mër frou, fir hat hockt an o op kommende Summerfester ënnert eise Gäst kannen ze begréissen!






Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot