Mëttwoch, 25. Juni 2025

News





Offiziell Aweihung vam Naturgärtchen

2025-06-03

Den 3. Juni woor déi offiziell Aweihung vam Naturgärtchen. Dën Arbichtsgrupp "Naturparkschoul" haat zu dem Aalass all Eltren a Kanner, déi beim Gestalten vam Naturgärtchen aktiv wooren op eng kleng Feiër agelaaden. Mat dobäi wooren o Vertreter van der Gemeng a vam Naturpark Our. Dën Emile Lutgen, van dër Oeuvre Grand-Duchesse Charlotte hat sich fir d'Feierlichkeeten ëntschëllige geloss.

Fir dat d'Kanner d'Zäit nët ze lang sollte kreiën hat Eve Hülsbosch all d'Legd begréisst an hat de Projet, den van dër Oeuvre mat 25.000 € ënnerstëtzt gouf, kurz erklärt.

Doropshënn kruuten déi eenzel Partner, déi dë Projet mat gestalt han, mat engem klenge Cadeau Merci gesoot. Et wooren dëst dë Paul Schmitz vam Naturpark Our, den bei dër Planung mat dobäi woor, an dë Projekleeder sur Place den d'Aarbichten superviséiërt hat, dën Änder Erpelding. Dono hat dë Buergermeester, Meyers Lucien, d'Wichtigkeet va sou engem Projet, den d'Gemeng finanziell an o mat Manpower ënnerstëtzt hat, ervirgestrach.

Mat engem sympatische Geste gouf dunn dë Gärtchen offiziell senger neiër Bestëmmung iwergiän, wéi d'Kanner eng selwer gebastelt Bännchen gesponn han an dës vam Buergermeester durchgeschnidde gouf, leider nët mat enger "gëllener Schéiër", wéi d'Kanner daat gär gehaat hätten.

Aafschléissend hat dën Änder Erpelding all intresséiërt Erwaassen durch dë Gärtchen gefouërt, fir hinnen déi eenzel "Liäwensreim" ze erklären. Iwerdeems han d'Kanner op där neiër Feierplatz hiren ischten POPCORN selwer geréischtert.

Mat engem klengen Häppchen an engem Patt fir Grouss a Kleng, spendéiërt van dër Wëntger Gemeng, gouf déi kleng Feiër dunn aafgeronnt.

Enner folgendem Link kann dër eech ënner annerem aakucken, wéi dë Naturgärtchen entstann ass: Naturgärtchen





Ofschluss Kannerwoch

2025-05-21

Héi een Abléck an eisem Ofschluss vun der Kannerwoch.

Voici un aperçu de notre clôture de la semaine des enfants.





Mir feieren 50 Joer mat eise Kanner

2025-05-20

An der Woch vum 19. Mai feiere mir déi 50 Joer vun eiser Schoul mat eise Kanner.

Et goufen ganz vill Atelieren organiséiert.

Losst eech iwwerraschen.

An de nächsten Deeg sammle mër all d'Photoën pro Cycle ënner folgendem Link:

50 Joer Schoul Wëntger

Vill Spaass beim regelméissigen Raluussen!

Hei da well ee klengen Avant-goût aus dëm Cycle 4!





Beat the teacher: Andréck vam Owend

2025-05-19

Merci all dën Ex-Schüler/Innen a Léierpersounen, déi aan eisem Beat the teacher-Owend deel geholt han. Et woor ee relaxen Owend, wou all d'Léckt a gudder Spilllaun wooren an dotëschent o na Zäit fond han fir sich iwer hir gemeinsam Schoulzäit zu Wëntger auszetauschen. A refaire!

Vill Spaass beim Raluussen an d'Photosgalerie.

P.s.: Soubaal wéi d'Photoën van dër Journée des Anciens all verschafft sën, setze mër déi o hei online.

Bis dann also!






Eischt Viregt Nächst Lescht

Login



      


Kalenner


chevron_left
chevron_right


» Zum Kalenner

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Erstellen Sie Projekte für Schüler anhand einer Vorlage


Video Screenshot