Cycle 4
Béicher fir eis Kanner vam Cycle 4.2., offréiërt vam Comité Auschwitz
2023-07-02Den 2. Juli 2023 hat de Comité Auschwitz bei d'Denkmool op Fünfbrunnen invitéiert, fir do an der Presenz van dem Unterrichtsminister, dem Här Claude Meisch an dem Chamberspresident, dem Här Fernand Etgen, aan déi ronn 300 Judden ze erënneren, déi am 2. Weltkrich va Fünfbrunnen aus an d'Konzentratiounslageren deportéiert goufen.
Am Anhang fannt dir als PDF de genaue Programm van dëse Feierlichkeeten.
Direkt no der Commémoratiounsfeier gouf dann o na de neie "Parcours mémoriel" va Fünfbrunnen duerch d'Hären Meisch an Etgen ageweit, op dem intresséiert Schoulklassen ewer o all privat Visiteurs mat Panneauen an op virtuell Aart a Weis duerch d'Geschicht vam Klouster Fünfbrunnen am 2. Weltkrich gefouert giän.
Fir eis Schoul an dem Kontext ervirzehiäwen ass d'Tatsaach, dat dë Comité Auschwitz, wéi all Joer, de Kanner aus dem Cycle 4.2. aus dë Schoulen va Wëntger an Elwen engt Bouch offréiërt, wou op kandgerecht Art a Weis op d'Grugelzichkeeten aus dem 2. Weltkrich hegewisen gëtt.
Als Schoul soe mer dem Comité Auschwitz van dëser Platz aus Merci fir dësen Don, mat dem d'Erënnerung aan déi däischter Kapitelen aus eiser méi junker Mënschheetsgeschicht bei eise Kanner waakrig gehale gëtt, fir an Zukunft ähnlichen Grugelzichkeeten kannen virzebeugen.

Mam Anisa op Weltrees
2023-06-14„An der Maison Relais ginn mir zesummen op eng Weltrees. Dobäi kucken mir eis verschidden Länner un an déi mir gären reesen wëllen an maachen Aktivitéiten dozou“. Ënnert dësem Motto stoung dem Anisa, enger Schülerin aus dem LTPES, säin Stage. Während en puer Wochen hun d’Kanner sech mat Länner wéi Brasilien, Türkei, Amerika a Marokko beschäftegt a unhand vun flotten Aktivitéiten, wéi z.B. landestypescht Eessen preparéieren, villes dobäi geléiert. Zum Schluss ass eng Weltkaart entstanen wou eis Kanner hiert Ursprongsland markéiert hunn.
Bouchpräis vam "Comité Auschwitz" fir de Cycle 4.2.
2022-07-04Gelegentlich van dër Comémoratiounsfeiër beim Denkmool zu Fünfbrunnen hat de "Comité Auschwitz" den 3. Juli alle Kanner aus dëm Cycle 4.2. engt Bouch geschenkt, wou d'Thematik van dër Juddeverfolgung an irgendenger Form opgegraff gët. Leider konnten d'Kanner an d'Léiërpersonal aus dëm Cycle 4.2. nët perséinlich bei dër Feiër dobäi sën, well sie richt fregdes aus hirer Vakanz an dë Vogesen zréck komm wooren. Stellvertretend fir sie hat dë Buergermeester Marcel Thommes d'Béicher vam Präsident vam "Comité Auschwitz", dëm Här Marc Schoentgen, entgéintgeholt, fir de Kanner së mat op Wëntger an d'Schoul ze huällen, an së hirer Bestëmmung ze iwergiän. Dëm "Comité Auschwitz" een décke Merci fir dëse generéise Geste, mat dem d'Mémoire bei eise junke Generatiounen aam Liäwen gehaal gët.
Photoën zur Comémoratiounsfeiër fand dër an dër Galerie hei drënner.
Wegder Infoën iwert dën Zentrum Fünfbrunnen fand dër o an där selwischter Galerie.
En Internetsite mat Infoën zum Zentrum a sengen Aktivitéiten www.cinqfontaines.lu gët aktuell opgebaut.
» Galerie

Vakanz vam Cycle 4.2. an de Vogesen
2022-06-09Vum 27. Juni bis zum 1. Juli maën eis 3 Klassen aus dëm Cycle 4.2. als Aafschloss van hirer Schoulzäit zu Wëntger Vakanz an dë Vogesen.
We méi iwert dën Ausflug wëll wossen ka lo well
op dee Link hei drënner kucke goën, wou mër Eech ab dem 27. Juni dann um Loofenden haalen.
Eise Kanner an hirem Léierpersonal wënsche mër van dëser Platz aus well eng schéin an erholsam Vakanz.
Mër free'ën äis op äre Besuch op eiser Säit!
Vakanz an de Vogesen

Sie verlossen eis Schoul / Ils quittent notre école
2020-07-15No engem, durch de Coronavirus op de Kapp gestalten Joër, verlossen d'Kanner op de Photoën am Anhang lo eis Schoul um Kiemel.
Lieder feelen op de Photoën paar Kanner, well sie "personne vulnérable" wooren.
Mër wësnchen eech all eng schéin an erholsam Vakanz a wënschen eech ee gudde Start mat ville neiën Frënn an ärer respektiver neiër Schoul!
» Galerie