Méindeg, 23. Juni 2025

Cycle 2


D'Musikschoul vam Kanton Cliärrëf stellt dëm Cycle 2 d'Bloosinstrumenter viir

2021-07-01

An enger kurzer, knackiger, mee maträissender Präsentatioun kruuten d'Kanner aus dëm Cycle 2 d'Bloosinstrumenter van dën Enseignants van dër Cliärrwer Musikschoul virgestalt.

Mër soën dër Musikschoul Merci fir hiren Optrëtt a wënschen, dat iwer dëse Wee eng Reih van neië musikbegeesterte Kanner dë Wee bei sie fannen, fir do engt Musikinstrument ze léiren, respektiv o an dër Chorale ze sangen.



Schoulsportdaag 2021

2021-05-15

Opgrond van de Corona-Mesuren haat  dë Schoulsportdaaggrupp sich an Cyclegruppen opgedeelt, déi dëst Joor Aktivitéiten um a rondrëm de Site van dër Wëntger Schoul geplangt han

Ënnert dëm folgenden Link krëtt dër ee klengen Abléck an dën Aafloof vam Daag, op dem Grouss a Kleng vill Spaass haaten. Schoulsportdaag 2021



Busschoul an eiser Schoul

2020-12-14

Fir de Kanner déi richtig Verhalensregelen an a rondrëm dë Bus ze vermëttlen haaten dën Här Patrick Eiffes an dën Här Patrick Neumann vam Service de prévention van dër Police sich an deene lesten Deeg Zäit geholt fir bei d'Kanner aus dë Cyclen 1 an 2 ze kommen.

Enner folgende Linken kann dër bësse kucke goën, waat d'Kanner an dësen zwou Stonnen "Unterricht" erliäwt a verhaalen han:

Busschoul an dër 2.2.D

Busschule

Busschoul



"Rapp a Klapp an eiser Schoul...?"

2020-10-21

Mat hirem Programm "Rapp a Klapp an eiser Schoul...?" wooren hockt de Claude Kirsch an de Paul Christian van dër Police Dikkrich bei äis am Cycle 2 op Besuch, fir hiren Deel zur Gewaltpreventioun bäizedroën.

Mat engem ganz kandgerechten Optrëtt han déi zwee Polizisten an Zivil d'Thema Gewalt mat de Kanner opbereet.

Froën wéi: "Waat ass fir eech Gewalt?", "Waat ass een Täter?" "Winni ass een Täter / Affer?"
"Wéi kënne mër Gewalt vermeiden?" "Waat kanne mër maën wann Gewalt passéiërt?" goufen verbal an a Spiller erklärt an d'Kanner kruuten Gelegengeet fir hir Gedanken an Ängst mat deenen zwee Polizisten ze beschwätzen.

An dëm PDF ënnert dësem Artikel krëtt dër ee kurzen Iwerbléck iwert dën Aafloof van där Interventioun van dër Police bei äis am Cycle 2.

Enner folgendem Link kommt dër op ee Storyboard, wou dër de Paul an d'Kanner an Aktioun gesitt: Rapp a Klapp an eiser Schoul...?Gewaltprävention_2.1.BGewaltpräventioun_2.2.E




Zréck an d'Schoul de 25. Mee 2020 / Retour à l'école le 25 mai 2020

2020-05-15

Verschidden Dépliants a Brochüren erklären d'Modalitéiten van dër Reprise fir d'Eltren an hir Kanner:
Zwee Clipen adresséiren sëch direkt aan d'Kanner:

Plusieurs dépliants et brochures expliquent les modalités de la reprise et les gestes barrières à respecter par tous :

Deux clips animés s'adressent directement aux enfants :






Eischt Viregt Nächst Lescht