News

Camille Arend an Noémie Siebenaller goufen zu dë "Lëtzebuerger vam Joor 2014" gewiällt
2015-01-03De Camille an d'Noémie, déi äis leider vill ze fréi am Loof vam Joor bei engem Fliegeraccident iwer dëm Mali verloss han, goufen posthum zum "Lëtzebuerger vam Joor 2014" gewiällt.
Ween méi dozou wëllt wossen kann um folgende Link rakucken an sich bei dëser Geleegenheet aan de Camille an d'Noémie erënneren.

Fotoroman zum Thema Streit
2014-12-31Nicht immer geht es friedfertig auf dem Pausenhof, in der Klasse oder im Turnsaal zu. Die Schüler der Klasse 3.2.B haben einen Fotoroman zum Thema "Streit" geschrieben. Ob, und wie sie Streitigkeiten im Alltag schlichten, könnt Ihr hier in den fogenden PDF-Dokumenten nachlesen. Viel Spaß dabei!
Zwee Krëppespiller op "Hëlljer Owend" zu Boxer
2014-12-25Am folgende Link fand Dër dann lo d'Photoën van dë Krëppespiller, déi d'Kanner op "Hëlljer Owend" zu Boxer vira grousser Kuliss opgefouërt han.
Vill Spaass beim Kucken, schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an daat neit Joor!

Zwee Krëppespiller um lesten Schouldaag viraan dër Chrëstvakanz
2014-12-19Um leste Schouldaag viraan dër Vakanz haaten sich d'Kanner aus deene verschiddene Cyclen am Centre culturel versammelt fir do 2 Krëppespiller ze kucken, déi eis Reliounsjoffer, d'Christiane Hoffmann mat Kanner aus dër Schoul um Kiemel astudéiërt haat.
Daat ischt Stéck hat d'Himmelstrapp geheescht a gouf interprétéiërt van engem Grupp Kanner, déi sich queesch durch déi eenzel Cyclen zesaamefond haaten, fir d'Geschicht van Esau a Jakob, zwee zerstriddene Brigder, déi sich am Enn rëm versöhnt han, ze erziällen.
Am zweete Krëppespill kruuten dunn d'Kanner aus dë Klassen 2.1 A an 2.1 C d'Geleegenheet fir d'Stéck "d'Déiren kommen bei d'Krëppchen" ze spillen an ze sangen.
Dë ville klengen a groussen Zuschauër, déi derbäi wooren, han déi zwee Stécker gudd gefall an am Enn kruut d'Christiane mat sengen zwou Theateréquipen een décken a verdingten Applaus.

Atelier Photoshop
2014-12-17Dë Barbel Fern vam Nortic hat eis gehollëf, eis Fotoën am Photoshop ze verschaffen.
Merci dëm Fern fir seng Mathëllëf.
Hei paar van de Kanner hiren Créatiounen:
Atelier Photoshop