News

D'Schoul um Kiemel bedeeligt sich den 21. an 22. November aam Bazar vam Foyer Eislécker Heem
2015-11-21Wéi üblich bedeeligt sich d'Schoul Um Kiemel o dëst Joor rëm um Bazar vam Foyer Eislécker Heem va Lëlljen. An deene leste Schoulwochen an Deeg gouf fläissig gebastelt a gebaak, sou dat d'Schoulkanner o dëst Joor rëm kënne mathëllefen duurch de Verkoof van hiren Artiklen Suën fir d'Projetën vam Eislécker Heem kannen anzespillen.
Wee méi iwert de Bazar wëllt wossen kann dë Flyer am folgende PDF opmaën.
Mër free'ën äis lo well op Äre Besouch zu Lëlljen, wou Dër Äre Kanner hir Basteleiën kënnt kucken a viraan allem kënnt koofen.

Generalversammlung van der Eltrevereenigung, den 23.10. 2015
2015-10-26Den 23.10. 2015 haat d'Eltrevereenigung van der Schoul Um Kiemel Wëntger op hir alljährlich Generalversammlung an de Centre culturel op Wëntger invitéiërt.
Niäwent dëm Aktivitéitsbericht, virgedroo duurch d'Madame Spaus-Deckenbrunnen Sandy an dëm Keesebericht, présentéiërt vam Här Schmitz Claude, gouf dëst Joor dee langjährige Mëmber, d'Madame Thill Marianne no 10 Joor Mitgliedschaft an 2 Joor Präsidentschaft aus dëm Comité verabschied.
Dono hat d'Madame Spaus sich erfreet gewisen iwer déi Eltren, déi dëst Joor aageffroot haaten fir kannen Mëmber am Comité ze giän.
Et handelt sich hei ëm Kohnen- Wiltgen Carole, Schickes-Schruppen Sonja, Weber Edy a Winkin Laurent.
Dë Comité van der EV setzt sich domat an alphabetischer Reihenfolg wéi folgt zesaamen: Bové Serge, Conter-Schammel Nicole, Diederich - Humartus Aloysia, Kohnen-Wiltgen Carole, Milbert Aline, Schaack-Schmit Patrice, Scheer Luc, Schickes-Schruppen Sonja, Schinker Mike, Schmitz Claude, Spaus-Deckenbrunnen Sandra, Weber Edy an Winkin Laurent.
Nei Präsidentin ass Spaus-Deckenbrunnen Sandra, Secretaire ass Milbert Aline an Caissier ass Schmitz Claude.
Aus dëm Comité van dër Eltrevereenigung han sich dann o dën Schinker Mike, d'Spaus -Deckenbrunnen Sandra an den Weber Edy an dën Eltrecomité van dër Schoul um Kiemel Wëntger gemelt.
Dë Schäffen Carlo Weber hat der EV Merci gesoot fir hiren Asatz am Intresse van eise Kanner am Verloof vam leste Schouljoor an hat der EV dann o déi néidisch Ënnerstëtzung va Säiten van der Gemeng fir aastehend Projets'ën zougesoot.
No dem offiziellen Deel hat d'EV dann an op ee Patt an ee klengen Häppchen invitéiërt.
» Galerie
756 € fir de "Soleil dans la main"
2015-10-19Ee Samsdig, den 17. Oktober han d'Kanner aus dëm Cycle 4 van 2014-2015 ee Scheck an dër Héicht van 756 € aan de Soleil dans la main iwerreecht.
Am folgende PDF fand Dër de Remerciment vam "Soleil dans la main" aan d'Eltren an d'Kanner vam Cycle 4.2 (Joorgang 2014-2015) , déi gelegentlich van hirëm Aafschlossfest am Juli een Don an dër Héicht van 756 € gemaat han.
Gläichzäitig gët ët o na paar Photoën zu Projets vam Soleil an eng Photo van dër Scheckiwerreechung ze kucken.
D'Viizerten aus dër 2B
2015-10-18Dasdes, den 13. Oktober 2015 han d'Kanner aus dëm Team 2B Viiz gemaat.
Hei fand dër déi ganz Photostreck zu dëser Aktioun.
A wen intresséiërt ass, kann dann o an eist Webbook noliäse goën waat een der Reih no muss maën fiir aus engem Zänner Äppel Viiz ze pressen.
Das Team 2B presst Apfelsaft
Vill Spaass beim Raluussen an ei Photogallerie, déi dër an deem hei Link fand a wou dër all d'Photoën aus eiser dësjähriger Viizaktioun kannt kucken.
» Galerie

Assemblée générale annuelle de l’association des parents d’élèves de l’école fondamentale de Wincrange, vendredi, le 23 octobre 2015
2015-10-08Par la présente, nous sommes heureux de vous inviter à l’assemblée générale annuelle de l’association des parents d’élèves de l’école fondamentale de Wincrange qui aura lieu vendredi, le 23 octobre 2015 à 19.30 heures au Centre culturel (à l’étage) à Wincrange. Au cours de cette même réunion, les représentants des parents d’élèves seront élus pour les deux prochaines années!
En annexe vous trouvez l'invitation avec le formulaire de candidature.
Hiermit wollen wir Sie herzlichst zur diesjährigen Generalversammlung der Elternvereinigung einladen. Diese findet am Freitag, den 23. Oktober 2015 um 19:30 Uhr im Versammlungsraum oberhalb des Centre Culturel in Wintger statt. Während der Generalversammlung werden auch die neuen Elternvertreter für ein Mandat von zwei Jahren gewählt.
Im Anhang finden Sie die Einladung sowie ein Formular mit dem Sie Ihre Kandidatur zur Mitgliedschaft stellen können.
