News
Aafschlossfeier bei de Bëschkiddies-Fête de fin d`année chez les "Bëschkiddies"
2025-06-30De 27.6 konnte Famillje van de Bëschkiddies an der Helzer Klaus ë flotten Aafschloss van hirer Zäit bei de Bëschkiddies. Vill Frënn koumen Äddie soen. Zesumme sënn mer den Insektewee gaangen an dono gouf et eng gutt Stäerkung. Merci fir déi flott gemeinsam Zekt an alles gudden deene Kanner, déi nom Summer op en neie Wee ginn.
Le 27 juin, les familles des Bëschkiddies ont pu vivre une belle clôture de leur temps passé chez les Bëschkiddies à la Helzer Klaus. De nombreux amis sont venus dire au revoir. Ensemble, nous avons parcouru le sentier des insectes, suivi d'une bonne collation. Merci pour tous ces beaux moments partagés, et tous nos vœux de bonheur aux enfants qui prendront un nouveau chemin après l'été.

Olympiade mam Sporty an der Coque
2025-06-19Den Metten waren 21 Kanner aus de Cyclen 1 bis 4 an der Coque an haaten vill Spaß fir déi verschidden Sportarten ze entdecken. Ennert anerem gouf mat Drumsticks gedanzt, Basket gespillt, Karate gemaach, mam Bou geschoss a Parcours'en bewältegt.

Veloswoch vam Cycle 3
2025-06-19Dës Woch hat eise Cycle 3 eng Veloswoch aafgehaal. Enner folgendem Link fand Dër paar Photoën zu dëser Woch, wou d'Kanner vill rondrëm a mam Rad geléiërt han.
Vill Spaass beim Raluussen!
Coupe scolaire vam Cycle 4.1 zu Lëllgen
2025-06-07Bei passablem Wiädder han sich déi intresséiërt Kanner aus dëm Cycle 4.1. ee Samsdig, den 7. Juni 2025 zu Lëllgen beim Parc Sënnesräich getraff fir sich van hei aus an d'Coupe scolaire ze lancéiren.